Headlines

LeserforumQuo vadis Nordstad?

Leserforum / Quo vadis Nordstad?
 Foto: Guido Romaschewsky

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Déi dräi nei Buergermeeschter (Steichen, Weiler a Mergen) hu sech rezent fir eng Weiderféierung vun de Fusiounsgespréicher ausgeschwat.

Viru sechs Joer koum iwwerraschend richteg Schwong an eng méiglech Fusioun tëscht de Gemengen. Sou vill Schwong, dat déi véier d’Gemeng Dikrech souguer vergiess haten ze froen, ob se net och wéilte matmaachen. Eng Online-Ëmfro, Biergerforen a reegelméisseg Treffen tëscht Vertrieder vun de betraffene Gemenge goufen organiséiert. 2022 sollt ee Referendum ofgehale ginn an 2023 d’Fusioun kommen. Sou munchen Awunner dierft sech wuel gefrot hunn, firwat dat Ganzt am Walkampf 2017 an der Form net thematiséiert ginn ass.

Dee Schwong wor séier verflunn an éischt Zweifel um strammen Zäitplang, wann net souguer um ganze Projet, sinn opkomm.

2021 wor d’Nordstad dunn am Gespréich wéinst dem Birtrenger Schlass an 125 Milliounen. D’Schlass goung fir 5 Milliounen un een aneren an d’Madamm Bofferding huet bei 5.000 Euro op de Kapp nëmmen dee selwechte kënne rëselen. Verständlech, wa bei viregte Fusioune knapps d’Hallschent bezuelt ginn ass. D’Projeten, déi ee virdrun zesummegeschoustert hat, ë.a. ee Concertsall zu Gilsdref, hunn d’Ministesch wuel och net iwwerzeegt.

Zweemol ee Schoss an den Uewen also. Doropshin huet een op déi nächst Gemengewalen verwisen, wuel och fir Zäit ze gewannen.

E puer Méint virun de Gemengewale konnt een dunn nach um Beispill vum geplangte Wandrad nieft Bierden gesinn, wéi déi „Grouss“ (Ettelbréck an Dikrech) mat deene „Klengen“ (Ierpeldeng) ëmginn. Bettenduerf a Schieren hunn hoffentlech dee „Warnschoss“ héieren.

„Mol kucken an da gesi mer virun“, heescht et zanter Juni 2023. Wärend dem Walkampf 2023 wor d’Nordstad grad wéi 2017 kee grousse Sujet. Kee wollt sech ze wäit aus der Fënster leeën. E puer hu gemengt, et misst ee mol kucken, wat an de Gespréicher erauskënnt, wat dat de Bierger bréngt. Et misst een hinne jo konkret Projete proposéieren asw. Datt et der Projete schonns gëtt, huet wuel net jidderee gewosst. Just fir d’DP Dikrech wor d’Fusioun keng Prioritéit.

Zum Schluss huet et awer ëmmer geheescht, de Bierger hätt mam Referendum dat lescht Wuert. Mat esou Aussoen trëppelt een natierlech op keen an et léist een sech all d’Dieren op.

Mee wann een no fënnef Joer Gespréicher nach ëmmer net weess, ob eng Fusioun Sënn mécht oder net oder ob een net einfach soll just méi enk zesummeschaffen (e gutt Beispill ass do d’ZANO), ass dat eigentlech och keng Reklamm fir eng Fusioun.

Dëser Deeg dierften déi fënnef Gemengepäpp wuel gespaant drop waarden, wien Inneminister gëtt a wéi vill Suen dee labber mécht.

Wéinst der aktueller Situatioun dierfte mer awer wäit vun den 125 Milliounen ewech sinn. Wéi een den Awunner dann erkläre wäert, datt ee bei enger Fusioun méi kleng Bréidercher bake muss, dierft zimlech interessant ginn.

Mee vu datt de Bierger jo „d’lescht Wuert“ huet, dierft d’Quittung fir all dat Gewurschtels sou oder sou méi wéi sécher mam Referendum kommen. An dat ass och gutt esou!