Headlines

Leserforum„Vulnerabeles“ nervt, wéi et schéngt, eisen neie Luc

Leserforum / „Vulnerabeles“ nervt, wéi et schéngt, eisen neie Luc

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Mat der Ausso „Eng Ëmwelt- a Klimapolitik, déi d’Leit begeeschtert amplaz nervt“ huet de Premierminister Luc Frieden bei der Präsentatioun vum Koalitiounsprogramm kuerz opblëtze gelooss, wéi hien a seng Politik tickt.

D’Begeeschterung iwwer „Ëmwelt- a Klimapolitik“ konnt d’CSV och virun 2013, wou „Gambia 1“ un d’Rudder komm ass, net bei de Leit opbrenne loossen. D’Vitesse, mat där an deenen zing Joer duerno alles huet misste Punkto Energietransitioun, Verkéierswänn, Natur- an Ëmweltschutz, fir der e puer ze nennen, nei ausgeriicht ginn, schéngt de Luc Frieden, do, wou en sech fir d’Oppositioun ze schued war, net matkritt ze hunn. Déi vergaange politesch Decisiounen am Subtext awer als „nerveg“ duerzestellen a vu „komplizéiert virschreiwen“ ze schwätzen, ass näischt anescht ewéi bëlleg Polemik ze schieren an de Spalt an der Gesellschaft méi grouss ze maachen. Indirekt kréien d’Leit jo domat vermëttelt, et géinge méi Méiglechkeete ginn, Ëmwelt- a Klimaschutz ze bedreiwen. Ma eeben déi gëtt et net, d’Wëssenschaft seet eis viraus, et gëtt just nach ee Wee, wa mir eis Klimaziler erreeche wëllen: konsequent a virun allem alleguer zesummen.

Eleng, dass vun Ëmwelt- a Klimaschutz geschwat muss ginn, weist, dass et ëm Vulnerabeles geet. Heirop spréngt de Premier allerdéngs duerch säi populistesche Wording mat béide Féiss. Och wann dëst dobausse gutt ukënnt, geet et anhier mat deem, wat Konservativ a Rietsbaussen och maachen. Wa bis ugefaange gëtt, schützenswäert vulnerabel Elementer an der Politik als „nerveg“ duerzestellen a mat „komplizéiert Virschrëften“ weider a Verruff ze bréngen, dann hu mir näischt gewonnen, wa mir als Gesellschaft zesumme sollen déi grouss Defien aus der Ëmwelt- a Klimapolitik ugoen. Am Géigendeel: Et geet wéi an der Vergaangenheet Zäit verluer, fir iwwer Problemer ze diskutéieren, amplaz mat de Léisungen ze starten oder, wéi an dësem Fall, weiderzefueren. Nach ni hunn ech esou vill Leit héieren iwwert hiren Elektroauto schwäermen, iwwer Fotovoltaikanlage philosophéieren an iwwer Primmen zu Elektrovëloe schwätzen. Ech verstinn net, wéi „nerveg“, „virgeschriwwen“ a „komplizéiert“ et da soll sinn … vill Leit sinn ënnerwee!

Wann de politeschen Diskurs bis an den Eck drift, dass e Premier, deen eng Visioun soll vermëttelen, vulnerabel a Schützenswäertes, wéi hei de Naturschutz, mat „nerveg“ ëm sech schléit, muss een e froen, ob en dat och bei Patienteschutz, Kannerschutz oder Mieterschutz géing maachen? Bei all Elementer, wou et drëms geet, sozial Politik fir déi Schwächst ze maachen, do muss dem Capitano säi Credo dach eigentlech ëmmer sinn: „Déi virun eis hunn net genuch a net séier genuch geschafft.“ Mee dat schéngt en net ze kënnen, dofir d’Diffamatioun.

De Walkampf ass eriwwer an de Premier wier staatsmännesch, wann e kloere Wäi géing ausschëdden, amplaz weider Fronten opzebauen: Op der enger Säit, déi, déi erkannt hunn, dass de Planéit geschützt muss ginn, an deenen, déi mat him negociéiere wëllen, wéi wann et e weidere wirtschaftleche Partner wier …