Headlines

LeserforumKultur – Wee kann dat?

Leserforum / Kultur – Wee kann dat?

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Begrëff Kultur ass sou villschichteg, datt nëmmen di allerwéinegst Leit op der Welt kënne vu sech behaapten, si géifen dee ganze Beräich iwwersinn, an nach méi wichteg, och verstoen. Duerfir war ech ëmsou méi verwonnert, wéi direkt no der Nominatioun vun dem neie Kulturminister de Shitstorm an den Eric-Thill-Bashing an alle Medie lassgaang ass (de Lex Roth mag mir di zwee englesch Wierder verzeien, mee et si mer keng besser Lëtzebuerger Ausdréck agefall).

Jo, déi Nominatioun ass relativ spéit komm an et konnt een den Androck kréien, d’Kultur wier nit sou wichteg.

Jo, den neie Minister ass nach jonk a kann duerfir nach nit de Bléck vum Kulturexpert iwwert dee ganze Beräich hunn.

Neen, den Eric Thill souz och nit zu Senneng an der Kommissioun, déi iwwert de Kulturprogramm diskutéiert huet.

An dunn ass et iwwert hien eragebrach: All déi sougenannte Kulturpeepst a Kulturexperten hu sech iwwerbueden, fir déi Nominatioun schlechtzerieden, ze kritiséieren, ze hannerfroen. A wéi et bei sou Saachen Usus ass, ware si der Meenung, si hätten di schwaachsten, well jéngste Persoun aus der neier Regierungsekipp ausgemaach, an do gëlt et dann, drop ze schloen. Et muss een och soen, déi onglécklech Bemierkung, déi der fréierer Kulturministesch à chaud erausgerutscht ass, huet déi Leit befeiert, och hiren, wéi si gemengt hunn, onverzichtbare Pefferkär bäizeleeën. Ech sinn och der Meenung, datt hir deen emotionellen Ausbroch scho leedgedoen huet, an datt si domat och nit d’Persoun Eric Thill viséiert huet. Ech hunn d’Sam Tanson, bis op dës eenzeg Kéier, nach ëmmer fir hir wueliwwerluechten an am Toun roueg Interventioune respektéiert, a si, als fréier Justizministesch, misst jo am beschte wëssen, datt ee kee virveruerteele soll. Et kënnt een an dësem Moment jo och bei Besetzunge vun anere Ministèren nofroen, wou zum Beispill d’Expertise an der Ëmwelt oder an der Aarbecht läit, fir nëmme just déi ze nennen.

Lo huet di ganz Saach sech mol e bësse berouegt, den Eric Thill, grad wéi seng Ministerkolleegen, gi lo mol un d’Aarbecht. Ech vu menger Säit aus kann op jidde Fall soen, den Eric ass e Schaffert, hien huet bis elo an der Gemengepolitik an och als President vun der DP Norden bewisen, datt hien e klore Konzept huet an ëmmer en Zil virun Aen huet. A wann de Xavier Bettel hie fir dee Poste virgeschloen huet, dann ass et, well hie just vun deene Qualitéiten iwwerzeegt ass. Ech si sécher, dass den Eric Thill nach méi wéi een am positive Sënn iwwerrasche wäert an dass hien di adequat Äntwert op déi Kriticke gëtt. Vun e puer Leit aus dem kulturelle Beräich vum Norden sinn iwwregens scho ganz positiv Reaktioune komm.

Wann dann, wat ech mer awer nit erwaarden, den Eric Thill nit dat ofliwwert, wat sech vun engem Kulturminister erwaart gëtt, ass dann nach ëmmer Zäit genuch, fir op hien ze schloen an hien ze kritiséieren. Duerfir vu menger Säit e gudde Rot un di selwer ernannt Kulturpeepst a Kulturexperten: jidderengem eng fair Chance ginn ass och en Zeeche vu Kultur.

À bon entendeur, salut!