Headlines

LeserforumDéjà-vu den 8. Oktober?

Leserforum / Déjà-vu den 8. Oktober?
 Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Spéitstens wann iwwert déi ze héich Präisser op der Fouer geknoutert gëtt, virun allem vu Leit, déi souwisou net dohiginn, wëssen d’Awunner vu Lëtzebuerg, datt d’Rentrée virun der Dier steet. Wann da Mëtt September och nach den éischte Liefkuch an de Butteker optaucht, wëll sech de Lëtzebuerger eigentlech op d’Feierdeeg Enn des Joers konzentréieren.

Déi vill Walplakater soen eis, datt dat nach waarde muss. Sujeten ewéi de Wunnengsbau, eng aner Educatiounspolitik asw. kommen engem iergendwéi bekannt vir. A jo, hate mer och schonns viru fënneg, zéng … Joer.

Hoffe mer also, datt déi nächst Koalitioun dat endlech an de Grëff kritt. Wéi eng Koalitioun dat wäert sinn? D’Parteie wëlle sech do net an d’Fangere kucke loossen. Koalitiounsaussoen am Virfeld vun de Walen hunn hei am Ländchen numol keng Traditioun, dat interessant „Interpretéieren“ vum Wielerwëllen duerno awer duerchaus.

Dat Logeschst wär jo, datt déi zwou oder dräi stäerkste Fraktiounen déi nei Regierung forméieren, datt déi stäerkste Partei de Premier stellt an datt d’Ministeren ënnert de beschtgewielten Deputéierten ze fannen sinn. Dat kinnt de Wieler novollzéien.

Mee sou munche Wieler kritt nach haut Mokrämp, wann en un déi lescht Gemengewalen am Juni zréckdenkt. Leider stinn d’Chancen net schlecht, datt dat am Oktober d’selwecht wäert sinn.

Déi lescht Ëmfro huet nämlich erginn, datt d’Regierung hir 31 Sëtz behale géif an domat also weiderfuere kéint. Dëst awer nëmmen, well d’LSAP 3 Sëtz bäigewanne géing. Si géing domat awer nach ëmmer 6 Sëtz (!) hannert enger CSV leien, déi quasi 1/3 vun de Sëtz am Parlament behale géing, och wa se der 2 manner wéi 2018 domat hätt.

Wär et also richteg, wa se géinge weiderfueren? Wär d’Koalitioun bestätegt?

D’Madamm Lenert huet gesot, datt si sech kenger Konstellatioun verschléisse wëll. Et dierft hir awer duerchaus och bewosst sinn, datt si just an der 3er-Koalitioun Premierministesch géif ginn, et sief, d’CSV géing den Här Frieden afferen, fir mordicus an der Regierung ze sinn.

Des Weidere misst een dem Wieler erklären, firwat eng DP mat -2 Sëtz an der Regierung däerf bleiwen, eng CSV dowéinst awer iwwergaange gëtt.

D’Argument, datt eng Zesummenaarbecht mat der CSV bei verschiddene Sujeten schwiereg kéint ginn, war schonns 2018 vum Dësch. Deemools war schonns eng Trennung vu Kierch a Staat vollzunn an och an anere Beräicher ware schonns Neel mat Käpp gemeet ginn. Des Weidere weess och eng CSV, datt se dat net sou einfach réckgängeg gemeet kriet, souguer wa se et wéilt, et muss ee bei Koalitiounsverhandlungen ëmmer Waasser a säi Wäin schëdden.

Firwat also „Gambia 3“?

D’Äntwert dorop ass sou kloer wéi Bullettszopp: d’Plaz vum Premier. Soss hätt schonns eng LSAP 2018 misse goen (-3 Sëtz) an den Här Bettel wär méi wéi warscheinlech net Premierminister an enger CSV-DP-Koalitoun bliwwen.

An domat dierften d’Wierfele wéi schonns 2013 an 2018 um Walowend gefall sinn, sollt déi aktuell Koalitioun op mindestens 31 Sëtz kommen.