Headlines

Opruff zum Auslännerhaass

Opruff zum Auslännerhaass
(Tageblatt/Jean-Claude Ernst)

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

A sengem oppene Bréif un d’Madame Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet den Här Gaston Vogel déi rumänesch Roma mat Wierder ewéi „racaille, emmerdeurs, mendiants dégueulasses, racketeurs“ asw. tituléiert, déi sténken an alles verdreckse géingen, esou datt d’Stad zu engem „vomissoir de la mendicité“ gi wier.

Hie fuerdert d’Madame Buergermeeschtesch op, deem opzehëllefen, d.h. si erauszegeheien.

Art. 457-1 Code pénal

Art. 457-1. (L. 19 juillet 1997) Est puni d’un emprisonnement de huit jours à deux ans et d’une amende de 251 euros à 25.000 euros ou de l’une de ces peines seulement:
1) quiconque, soit par des discours, cris ou menaces proférés dans des lieux ou réunions publics, soit par des écrits, imprimés, dessins, gravures, peintures, emblèmes, images ou tout autre support de l’écrit, de la parole ou de l’image vendus ou distribués, mis en vente ou exposés dans des lieux ou réunions publics, soit par des placards ou des affiches exposés au regard du public, soit par tout moyen de communication audiovisuelle, incite aux actes prévus à l’article 455, à la haine ou à la violence à l’égard d’une personne, physique ou morale, d’un groupe ou d’une communauté en se fondant sur l’un des éléments visés à l’article 454;
2) quiconque appartient à une organisation dont les objectifs ou les activités consistent à commettre l’un des actes prévus au paragraphe 1) du présent article;
3) quiconque imprime ou fait imprimer, fabrique, détient, transporte, importe, exporte, fait fabriquer, importer, exporter ou transporter, met en circulation sur le territoire luxembourgeois, envoie à partir du territoire luxembourgeois, remet à la poste ou à un autre professionnel chargé de la distribution du courrier sur le territoire luxembourgeois, fait transiter par le territoire luxembourgeois, des écrits, imprimés, dessins, gravures, peintures, affiches, photographies, films cinématographiques, emblèmes, images ou tout autre support de l’écrit, de la parole ou de l’image, de nature à inciter aux actes prévus à
l’article 455, à la haine ou à la violence à l’égard d’une personne, physique ou morale, d’un groupe ou d’une communauté, en se fondant sur l’un des éléments visés à l’article 454.
La confiscation des objets énumérés ci-avant sera prononcée dans tous les cas.

Den Här Vogel huet ouni Zweifel recht, dëse Problem opzewerfen.

Seng Fassong, sech auszedrécken, ass allerdéngs, wéi ëmmer, net nëmme salopp, mä onnéideg graff, beleidegend a mënscheveruechtend. Domadder disqualifizéiert hie sech selwer.

Amplaz déi aarm Schluckerte vu Roma, déi sech net wiere kënnen, unzegräifen, wier et besser gewiescht, déi an d’Viséier ze huelen, déi un dëser mënschenonwürdeger Situatioun schëlleg sinn, dären Affer, ënnert anerem, d’Roma sinn.

Hien hätt ervirhiewe sollen, datt dës onméiglech Zoustänn eng vun de Konsequenze vun eiser Lëtzebuerger Awanderungspolitik am Kader vun der europäescher ultraliberaler Weltwirtschaft sinn, déi eis Politiker als brav Hampelmänner vu Bréissel matbedreiwen.

Huet hien net de Courage dozou oder gehéiert hien éiere selwer zu där Clique?

Wéi deem och ass, interessant ass et jiddefalls, elo ze observéieren, wéi d’Autoritéiten, haaptsächlech op juristeschem Plang, reagéieren.

Et ass jo kloer, datt dem Här Vogel säin Diskurs, laut der bishereger Jurisprudenz, ënnert d’Uwendung vum Artikel 457-1 vun onsem Code pénal fällt.

Et si bis elo verschidde Leit fir vill manner zu uerge Prisonsstrofe veruerteelt ginn. Si sinn als geféierlech Terroristen tituléiert ginn an hunn hir Juegd- a Waffeschäiner ofgeholl kritt a sinn landeswäit regelrecht gesellschaftlech geächt ginn, mat alle Konsequenzen, déi dat fir si an hir Famill mat sech bréngt.

Fir dës Leit ze verfollegen an ze veruerteelen, hunn de Parquet an d’Geriichter allerdéngs net vill Courage bräichten ze hunn, well et huet sech ëm riichtewech Bierger gehandelt, déi an hirer Naivitéit gemengt hunn, an enger Demokratie ze liewen, wou jidderee seng Meenungen a Kritiken fräi äussere kéint. Si hate keng Ahnung vun dësem geféierlechen Artikel 457-1 an hu sech, meeschtens topesch, esou ausgedréckt a beholl, datt se schnuerstracks an dës hannerhälteg Fal gerannt sinn.

Och waren se sech während hirem Prozess net heiriwwer bewosst.

Si hu gemengt, wann se dem Geriicht erkläre géifen, datt se net aus Haass géint d’Auslänner gehandelt hätten, mä aus Suerg fir eist Land an eis Bevölkerung, déi, hirer Meenung no, duerch déi iwwerdriwwen Awanderungspolitik uerg geschiedegt géife ginn, da kéinte se dach net fir Opstëppelung zum Auslännerhaass veruerteelt ginn.

Dës Kéier awer huet d’Justiz et mat engem Jurist ze dinn, een, dee sech net gewäerde léisst, dee fir seng Aggressivitéit an Ondurenheet bekannt ass a mat deem kee sech gären uleet, well en net mat deene selwechte Mëttele wéi hien ripostéiere kann oder wëll.

Wéi kënnen awer d’juristesch Institutiounen veräntwerten, einfach Leit, déi et net besser woussten, ugeklot a streng veruerteelt ze hunn, wa se elo den Här Vogel, dee jo ëmmerhin eng juristesch Ausbildung an Erfahrung huet a sech als Intellektuellen, Konschtkenner an Humanist betruecht, onbescholte géif loossen?

Wou ass do déi verfassungsméisseg verankert Gläichheet vun alle Bierger virum Gesetz? Wou ass do d’Gerechtegkeet, kéinte sech d’Leit froen.

Ech wëll hei betounen, datt et kengesfalls meng Absicht ass, ze fuerderen, datt den Här Vogel veruerteelt gi soll. Ech fannen awer, datt de Parquet hie virun d’Geriicht zitéiere misst.

Et wier nämlech extrem wichteg, datt doduerch eng Debatt entstoe géif iwwert den uergen an akuten Auslännerproblem, deen d’Politiker zesumme mat der Justiz kengesfalls an de Grëff kréien, andeems se en doutschweigen oder duerch e Maulkuerfgesetz, wéi den Artikel 471-1 vum Code pénal, ze ënnerdrécke sichen.

Scho guer net erreechen se dat duerch faul Tricke wéi eng massiv vereinfacht Naturalisatioun, duerch déi d’Bevëlkerung an onsem Land vergréissert soll ginn, wat ouni Zweifel ënnert anerem eng Gefor fir déi sozial Kohäsioun vun eiser Gesellschaft an eng ekologesch Zerstéierung vum Land duerstellt.

De staarken NEE vum 7. Juli 2015 huet kloer bewisen, datt d’Lëtzebuerger mat dem Virgoe vun onser Regierung an där Richtung net d’accord sinn.

An enger Demokratie muss et méiglech sinn, datt d’Bierger a fräien Diskussiounen a Kritiken un der Léisung vun esou engem wichtege Problem deelhuele kënnen ouni Angscht, stroofrechtlech verfollegt ze ginn, wa se eng Meenung ausdrécken, déi de Politiker net genehm ass.

Et ass evident, datt d’Onméiglechkeet, sech an de Medien ausdrécken ze kënnen, an d’Angscht virun der Repressioun eng ëmmer méi staark Onzefriddenheet vun den Autochtone produzéieren, déi sech desto méi a Friemenhaass ze steigeren droht, wéi vun uewen erof versicht gëtt, d’Leit anzeschüchteren, offen driwwer ze schwätzen.

An deem Sënn wier et fir eist Land vu groussem Notzen, wann dem Här Vogel e Prozess géing gemaach ginn. Dat géing nämlech dem Geriicht d’Méiglechkeet ginn, dee fräiheetsraubenden Artikel 457-1, dee mir duerch eng staark international Lobby imposéiert kritt hunn, a seng mat der Meenungsfräiheet vereinbar Grenzen ze relegéieren.

Dann hätt dem Här Vogel säi schreckleche Pamphlet eisem Land e formidabelen Déngscht geleescht. An dësem Sënn wënschen ech vu ganzem Häerzen, datt den Här Vogel op dës Manéier fräigesprach gëtt.

(Marguerite Biermann, ehemalige Richterin)