Headlines

LeserforumQuo vadis, Lëtzebuerger Futtballveräiner?

Leserforum / Quo vadis, Lëtzebuerger Futtballveräiner?
(Symbolfoto) Symbolfoto: Freepik.com/jcomp

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

D’Lëtzebuerger Nationalekipp an hir sportlech Erfolleger verstoppe leider Problemer, déi sech ëmmer méi konkret um Niveau vun de Veräiner stellen. Mäi Veräin, an deem ech elo 60 Joer eng Lizenz hunn, ass elo an d’Éierepromotioun eropgeklommen. Problemer um finanzielle Plang (Budget ab 150.000 Euro opwäerts) si leider och an d’Luucht gaangen. Wéi mer dat bei 1.500 Zuschauer am Joer stemmen, mécht eisem Caissier mat Recht Suergen. Ass et net pervers, datt hien zum Schluss vun der Saison, wann näischt méi geet, frou ass, wa mer verléieren? Ween huet zougelooss, datt bis an d’drëtt Divisioun Spiller Sue verlaangen a kréien, fir  ze spillen, oder si wiesselen dohin, wou et nach méi gëtt? D’Äntwert ass jo kloer … natierlech mir aus den Komiteeën an een oder deen anere Sponsor, dee seng schwaarz Suen direkt an een eenzege Spiller investéiert.

Ee Spiller aus der Éierepromotioun spillt sengem Verständnes no selbstverständlech besser a wëll natierlech och méi verdéngen. Et gëtt am Futtball kloer ee Süd/Zentrum-Nord-Gefäll.

Beispill: Match Schieren – Beetebuerg.

Schieren: 2 vu 16 joueurs non première licence FLF. Beetebuerg: 10 vu 16 joueurs non première licence FLF. Am onze de base Schieren 2 Spiller aus der eegener Jugend (dorops sinn ech net stolz), Beetebuerg null.

Wee verdéngt gewonnen huet, ass net schwéier ze erroden. Veräiner aus der LFL mat enger Süd-Dominanz hunn am Fréijoer per Referendum géint eng Majoritéit vu Veräiner duerchgesat, datt Exigenze vun op mannst 7 Spiller mat première licence luxembourgeoise  op elo nëmme méi 5 erofgesat gouf. Argumenter woren: Les joueurs première licence deviennent de plus en plus chers … le nombre de joueurs première licence disponibles se réduit de saison en saison … les clubs se voient régulièrement subtiliser leurs premières licences. Mir hu wéi gesinn op mannst 14 Spiller mat première licence FLF. De Probleem, fir première licence ze fannen, stellt sech also op mannst net beim FC Jeunesse Schieren. Wa BGL-Veräiner awer mengen, si wéilte komplett fräi Hand hunn, fir international kënnen ze bestoen, dann solle mir si vun dëser Restriktioun befreien. Domat besteet och net méi de Risk, datt se eis Spiller subtiliséieren. Fir all aner Divisioune soll d’Unzuel vu premières licences FLF op mannst op 8 erop gesat ginn, mat der Obligatioun, datt der op mannst 5 am onze de base stinn. 

Deen net bewisene Manko vu premières licences ass eigentlech och een Aveu vun enger net gudder bis inexistenter Ausbildung am Jugendberäich. D’Äntwert, firwat anscheinend ëmmer manner där Spiller do sinn, huet d’LFL gläich matgeliwwert. Beaucoup de joueurs échouent sur le banc de touche.

Natierlech ass et méi einfach a bëlleg, fir vun Amnéville bis Yutz gutt ausgebilte Spiller ze „subtiliser“, ouni mol een Euro un dës Veräiner bezuelen ze mussen. D’Presidentin  vun engem Club aus der Stad (de facto deen eenzegen, deen iwwreg blouf) huet sech beschwéiert, hire Veräin hätt nëmmen 3.000 Euro fir dem Danel Sinani seng Ausbildung kritt. Si huet sech kaum gefrot, ob Veräiner aus der Groussregioun oder den ënneschte Divisioune frou sinn, wa bei hinne quasi zum Gratistarif talentéiert Jugendspiller subtiliséiert   ginn.  

D’Argument, wat z.B am Basket gebrauch gëtt, fir Amerikaner ze engagéieren, fir datt déi Lëtzebuerger Spiller eppes vun den „Amerikaner“ bäiléiere kënnen, loossen ech net fir de Futtball gëllen, op jidfer Fall net an den ënneschten Divisiounen. An der Reegel sinn dës Spiller nëmme marginal besser wéi eis eege Spiller. 

Zoufälleg hunn ech op Fupa een Artikel fonnt, dee wuel alles seet vun der Identifikatioun vun de Spiller mat hirem (sic) Veräin an als Konsequenz dem Public senger Identifikatioun mat senger (sic) Ekipp. Ech wëll ausdrécklech betounen, datt et mir net drëm geet, d’US Esch un de Pranger ze stellen, well dat leider keen Eenzelfall ass. Fréier ware et Usus, dat een a sengem Veräin no der aktiver Zäit eng Roll am Komitee iwwerholl huet … ech froe mech, ween dat an Zukunft soll sinn?  

Ein anderer Escher Verein, die US Esch, kämpft derzeit – auch – mit Problemen und wird es gegen Bettemburg schwer bekommen.

„22 neue Spieler“

Sportdirektor Gérald Caillet fungiert bei den Eschern seit drei Wochen auch als Interimstrainer. „Es ist ein beträchtlicher Leistungsunterschied zwischen beiden Mannschaften. Unser kompletter Verein, vom Vorstand über die sportliche Leitung bis zur Mannschaft, befindet sich in einem Umbruch. Wir haben 22 neue Spieler, nur vier der letzten Saison sind geblieben.

PS: Dëse Bréif huet ausdrécklech näischt mat de Wale vun der FLF ze dinn.

Anonimus
10. Oktober 2022 - 11.48

100% d'acord

JJ
9. Oktober 2022 - 9.31

Money rules. Das ist nicht nur im Fußball der Fall. Vereine machen gute Jugendarbeit und wenn die "Früchtchen" reif sind wandern sie ab wo es etwas zu verdienen gibt,oder eben mehr. Vereine mit entsprechenden Sponsoren gewinnen. Bei den ganz Großen sieht man wie der Hase läuft. Beispiel: Bayern München ist eine Geldmaschine.Man kauft die Besten der Welt und ist nach dem vierten Spiel bereits Meister. Dann kommen die astronomischen Ablösesummen für Spieler noch hinzu oder die Gehälter der Superstars. Unten kämpfen indes die Vereine ums Überleben und freuen sich wenn ihre Mannschaften keine Qualifikation für große Turniere schaffen weil das unbezahlbar wäre.