Den 9. Dezember 2021 koum den Nationale Bildungsbericht1) eraus. Dëse stoung ënnert dem Motto: „Bereit für die Zukunft?“ an huet sech ënnert anerem domadder befaasst, wéi gutt oder schlecht de Lëtzebuerger Bildungssystem an de Beräicher Digitaliséierung an nohalteg Entwécklung wär. Dës zwee Beräicher hunn och d’Pressekonferenz dominéiert, déi vum Bildungsminister Claude Meisch ofgehale gouf.
Den drëtte Beräich, dee vun de Bildungsongläichheeten, ass just esou um Rand gesträift ginn. Zoufall oder gewollt? Hei muss ee bemierken, datt dëse Beräich och schonn an deenen zwee anere Bildungsberichter, nämlech deene vun 20152) an 20183), en Thema war an datt dës Ongläichheeten och net manner gi sinn, bien au contraire! Am Bildungsbericht vun 2018 sinn dës Ongläichheeten op enger Landkaart mat verschiddene Faarwen, jee no der Gravitéit, opgeschlësselt ze fannen.
Wa mir vu Chancëgläichheet an der Bildungspolitik schwätzen, da musse mir eng Lupp iwwert verschidde Beräicher am Schoulwiese leeën.
Engersäits huet net jidderee vun Ufank un déi selwecht Viraussetzungen, fir gutt kënnen ze léieren.
Wéi jo scho bemierkt, gouf am Bildungsbericht vun 2018 opgeschlësselt, wou genee déi Bildungsongläichheeten am meeschte virkommen. Schüler*inne mat engem gerénge sozioekonomesche Status a Migratiounshannergrond si ganz staark benodeelegt. Dës fanne mir haaptsächlech am Norden an am Süde vum Land. Do ass de Bedarf, eppes ze ënnerhuelen, am allergréissten.
Déi gesellschaftlech Ongläichheete spigelen sech, an zwar zanter méi ewéi engem halwe Jorhonnert (laut dem Rapport vum ONQS4), Säit 13), an der ëffentlecher Schoul erëm, a keng politesch Reform huet et bis elo fäerdegbruecht, d’Reproduktioun vun dësen Ongläichheeten ze stoppen. De Bagage, fir gutt duerch d’Schoul ze kommen, kënnt bei ville Schüler vun doheem, aus engem guttbiergerleche wuelbehiddent Elterenhaus. Bei deenen, wou dat net de Fall ass, misst eigentlech déi ëffentlech Schoul dofir suergen, dass dës Kanner dee Bagage mat der Zäit opschaffen an e sech uneegne kënnen. Dat misst eng vun de wichtegste Missioune vun der nationaler Bildung sinn. Wichteg wier och, datt, zumools an der Schoul, de sozioekonomeschen Hannergrond keng Roll an der Bildung soll spillen, wat haut leider nach ëmmer net de Fall ass. Sou sinn de leschten Zuelen no 72% vun den sozioekonomesch méi staarke Schüler an de Classique orientéiert ginn, obwuel der nëmmen 52% d’Fäegkeeten dofir haten. Ëmgedréint si 16% vun de sozioekonomesch méi schwaache Schüler an de Classique orientéiert ginn, obwuel et hiere Punkten no der 37% hätte misste sinn. D’Virurteeler suergen hei fir en Ecart, dee ganz kloer en Faveur vun de sozial Favoriséierte spillt.
Wie vun ënne kënnt, bleift ënnen
Eise Bildungssystem ass awer ee vun den ongerechtesten an der EU. D’Schoul, sou wéi se den DP-Minister reforméiert huet, verstäerkt déi schoulesch a verschäerft esouguer déi bestoend sozial Ongläichheeten. Wie vun ënne kënnt, bleift ënnen, dëst gëtt duerch d’Épreuves standardisées am Fondamental ënnermauert an am Bildungsbericht nach emol confirméiert. D’Resultater, déi am Cycle 3 erauskommen, bleiwen einfach bestoen, wéi wann an der Zäit, déi dono kënnt, einfach keng weider Fortschrëtter vu Säite vu de Schüler*inne méi géife gemaach ginn. Di National Bildungsberichter, de Rapport sur le décrochage scolaire vun 20215), d’Analyse vum ONQS6) an d’Enquête sur les jeunes NEETS7) vun 2017 bestätegen och dee grousse Gap, deen do besteet a bestoe bleift.
En anere Probleem an eise Schoulen ass, datt d’Inklusioun vu Schüler mat spezifesche Besoine quasi net méiglech ass. Et gëtt e parallelen Universum geschafe fir dës Kanner mat Kompetenzzentren, déi sollen op d’Besoine vu Schüler agoen, déi den normale System net kann erfëllen. Dëse Paralleluniversum bleift iwwregens och am spéidere Liewen op allen Niveauen esou bestoen (Ateliers protégés, Logements encadrés …). Wann den normale Schoulsystem also inklusiv wier, wann e mat genuch pluridisziplinäärt Personal opgestockt géif ginn, bräichte mer keng sou Strukturen. Mee souguer déi nei geschafe Kompetenzzentren, grad ewéi d’Éducation différenciée, kréie mol net déi néideg Ënnerstëtzung vum Ministär, fir anstänneg kënnen ze fonctionéieren.
Donieft wuessen International Schools aus dem Buedem wéi Champignonen, an dës bilde mëttlerweil parallel Schoulsystemer. Dës ginn am Bildungsbericht vun 2021 als déi Léisung ugeprisen, obwuel se nach iwwerhaapt net an den Épreuves standardisées mat ënnersicht gi sinn. Dat soll allerdéngs elo am nächste Bildungsbericht, also an deem vun 2024, wëssenschaftlech analyséiert ginn. Et ass also guer net kloer, ob dat dann esou ass. A wann dat dann esou wär, misst ee fir d’éischt mol kucken, ob di Resultater da representativ sinn, well dës Schoule gi jo net vu genee der selwechter Populatioun besicht wéi deen „normale Fondamental“. Do si scho vu vir eran eng Rëtsch Leit ausgeschloss, déi, déi näischt vun deene Schoule wëssen, déi, déi hir Kanner net kënnen dohinner schécke wéinst dem Transport oder soss enger Ursaach, déi, déi hir Kanner net wëllen dohinner schécken, well se gären hätten, datt hir Kanner do an d’Schoul ginn, wou se wunnen, mat a bei hire Peers. Déi aner Saach ass awer och, wann dann d’Resultater esou gutt wären, da misst een déi Programmer jo awer och op di „normal“ Schoul, op de Fondamental an de Secondaire iwwerdroen an ee System schafen, wou d’Kanner zesumme bleiwe kënnen. Hei ass et och wichteg ze wëssen, datt d’International Schools an de leschte Joeren aner Moyene kritt hunn, ergo bessert Schoulmaterial akaf hunn an och ganz aner Projete konnten iniziéieren.
Anerersäits hu mir och nach di fréizäiteg Orientéierung, déi just ee soziale Filter ass.
Weder inklusiv nach effikass
Eise Schoulsystem ass also weder inklusiv nach effikass, fir de sozialen Ausgläich ze schafen, deen sou eppes wéi eng Chancëgläichheet iwwerhaapt mol kënnt méiglech maachen. Am leschte Rapport iwwert den Décrochage scolaire8) ass rieds vun engem Taux de décrochage vun 8,16% fir d’Joer 2019-2020. Dat läit iwwert der europäescher Moyenne. Déi lescht véier Joer goufen eng ganz Rëtsch Enquêtë verëffentlecht, déi all drop opmierksam maachen, datt eng fréizäiteg Orientéierung vum Fondamental an d’Filièrë vum Secondaire, d’Onduerchlässegkeet an d’Hierarchiséierung vun de Filièren, déi sozial Diskriminatiounsfacteuren, déi bei der Orientéierung matspillen, an d’Perspektivlosegkeet um Aarbechtsmaart fir vill Jonker fir déi sëlleg Schoulofbréch responsabel sinn.
Do hëlleft och keng Schoulflicht bis 18 Joer. Dat féiert dozou, datt méi Schüler méi laang d’Schoulbänk drécken, ouni wierklech ee Plang ze hunn, wat si berufflech kéint interesséieren, an ouni wierklech mat deem, wat se bis elo geléiert hunn, eppes unzefänke wëssen. Eng Ëmorientéierung, Passerellen op aner Formatiounen a Filièrë bidden sech hinnen net méi un, well et dofir scho laang ze spéit ass, si si schonn duerch de Filter gerutscht. Den Décrochage scolaire ass ee Problem vun der Orientéierungslosegkeet. D’Schüler*inne missten sech idealerweis selwer kënne bewosst a mat fräiem Wëlle fir deen een oder anere Parcours entscheeden. Konzepter wéi d’Gesamtschoul an den Tronc commun kënnen dës Kompetenze bei de Schüler*inne fuerderen an eng méi egalitär an diversifiéiert Kompetenzbasis schafen. D’Schüler*inne bleiwe méi laang beieneen, léieren ee vun deem aneren an hunn déi néideg Zäit, fir sech kënnen ze entscheeden. Déi Lénk hunn eng Interpellatioun iwwert d’schoulesch Ongläichheeten an der Chamber ugefrot, déi elo endlech débattéiert gëtt. D’Verschäerfung vun deenen Ongläichheeten an den Ongläichheeten allgemeng sinn d’Resultat vun enger verfeeltener Politik, déi ganz kloer den DP-Stempel dréit, deen dovunner ausgeet, datt all Kand um gläiche Punkt start. Dëst stëmmt awer net esou, well d’Wuelergoe vun enger Rëtsch Leit, déi déi finanziell Méiglechkeeten hunn, hir Kanner ze ënnerstëtzen, ofhängt. Dës Méiglechkeeten huet awer nach laang net jiddereen. Mir wëllen am Kader vun där Debatt d’Schoulpolitik kritesch hannerfroen an eis Propositiounen abréngen a puncto Orientéierung, Inklusioun an Aarbechtsperspektiven. Et brennt op ville Plazen am Bildungssystem a mir kucken net no, wéi alles an eng eenzeg Katastroph histeiert.
En anere ganz wichtege Volet ass „eng Schoul fir jiddereen“ versus „eng Schoul fir all Schüler“.
D’Zerstéckelung vun der Schoullandschaft, d’Hyperspezialiséierung vun der Bildungsoffer sinn den Ausdrock vun enger neoliberaler Politik, déi sou och den Aarbechtsmaart strukturéiert. Déi schoulesch Inegalitéite spigelen sech do erëm. Mir musse kucken, datt d’Schoul an d’Schüler*innen den Aarbechtsmaart, voire d’Aarbechte vu muer, kënne matgestalten, am Hibléck vun de sozialen an ekologeschen Erausfuerderungen. Et wäerte ganz sécher eng Rei „nei“ Beruffer kommen an anerer wäerten ausstierwen. Dës Gesellschaft muss zesumme mat eise Jonke forméiert ginn. Eis Jonker sollen a musse gefrot ginn, wat hir Beruffer vun der Zukunft sinn. Méi Autonomie a Participatioun, wéi et iwwregens an der Stratégie nationale vun de Kannerrechter9) gefrot gouf, ass de richtege Wee fir eng autonom, mündeg an interesséiert Gesellschaft.
Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul
Wat awer e Skandal ass, ass, datt d’ëffentlech Schoul fest an der Hand vun der privater Wirtschaft ass an ëmmer nach méi dohinner gedréckt gëtt
D’Schoulflicht bis 18 Joer schéngt dem Bildungsminister Claude Meisch säin neiste Coup a Richtung Privatiséierung ze sinn. Et sollen dofir nei Bildungsstrukture geschaf ginn, an et schéngt scho virprogramméiert, dass des Strukturen an Zesummenaarbecht mat privaten Acteure solle gefouert ginn. Ee weidere Schratt a Richtung Auslagerung vun den Aufgabe vum ëffentleche Bildungswiesen u privat Acteuren. E weideren Ausbau vum administrative Waasserkapp, dee mëttlerweil eise Bildungssystem ausmécht.
De Minister huet d’Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul, déi scho virun him op d’Schinn gesat ginn ass, lues, awer sécher virugedriwwen. Mat der Verbreedung vun den International Schools, der Spezialiséierung vun de Bildungsparcoursen, gekoppelt un d’Interessie vun der Privatwirtschaft, dem Akaf vu Bildungsmaterial bei private Firmen, der Digitaliséierung vun der Schoul, wou Apple a Microsoft sech eng gëllen Nues verdéngen. Och d’Schoulkantinne wäerten an Zukunft ganz privat geréiert ginn, wann de Projet de loi 7792 duerchgeet.
D’Digitaliséierung vun der Schoul
Mir hunn dem Bildungsminister schonn e puer Mol QPen zu der Digitaliséierung vun der Schoul gestallt – mir wollte wëssen, no wéi enge Krittären dës Programmer an digital Projeten evaluéiert ginn a wat d’Objektiver sinn, déi sollen domat erreecht ginn. Geet et drëms, d’Léierfäegkeeten ze verbesseren? A wann, wéi ass et objektiv ze evaluéieren, ob d’Digitaliséierung och wierklech eppes dozou bäidréit. Oder geet et „just“ drëms, Aarbechter*innen ze forméieren, déi e Knäppche kënnen drécken, ouni eppes a Fro ze stellen, ouni innovativ ze ginn, ouni sech aktiv u Prozesser ze bedeelegen?
De Fait, datt sozioekonomesch Ënnerscheeder existéieren, ass schonn ugeschwat ginn, mee wéi genau gesinn esou Ënnerscheeder an der Digitalisatioun aus?
Aarm Leit (iwwer 90% mat Migratiounshannergrond) hunn d’Zäit net, sech ze forméieren, nach d’Kraaft dofir (nom zweeten Job plus nach doheem sech këmmeren, de Kanner hëllefen, …). Wann d’Elteregeneratioun net mat abezu gëtt, wäerte Leit ouni Eltere mat digitalem Wëssen hannendru falen, wann se doheem keen hunn, fir hinnen ze hëllefen. Besser bezuelte Plaze benotze Computeren, an déi Skills kënnen se dann doheem bei de Kanner benotzen, wat d’Botzpersonal oder Handwierker*inne net behaapte kënnen, déi donieft och nach keng finanziell Mëttelen hunn, fir Computeren, Tablets oder Programmen ze kafen, déi néideg sinn, fir eng digital Transitioun. Déi materiell Ongläichheete mussen als Fakt ugesinn ginn, net als hypothetesch Hindernis fir d’Zukunft, well vill Leit ouni Digital Skills sinn elo schonn hannendrun, a wann d’Digitaliséierung vum Schoulsytem richteg start, da wäerte just déi wéinegst nokommen.
Eng aner Fro, déi eis nawell beschäftegt, ass déi vum Dateschutz. Gi privat Informatioune vu Schüler*innen an dem Bildungspersonal, déi dës Applikatiounen notzen, un d’GAFAM-Firme weidervermëttelt? D’Äntwert war alles anescht wéi zefriddestellend a mir wäerten och do net lacker loossen.
Mir wollten och wëssen, ob de Centre de gestion informatique de l’éducation och selwer seng digital Kompetenzen notzt, fir Open-Source-Material am Optrag vum Ministär auszeschaffen – Applikatiounen – Software –, déi net vu Microsoft oder Apple ofkaf ginn. D’Äntwert war, datt si dat och géife maachen, mee datt et awer ze vill Opwand wier an dofir géingen si op Lizenze vu Microsoft a Co. zeréckgräifen. An der Chamber selwer huet de Minister sech esouguer lëschteg iwwert di Ausso do gemaach, esou wéi wann et illusoresch wär, op Open-Source-Material zréckzegräifen an datt et och net esou einfach wär, esou Material, wat adequat wär, ze fannen. A Microsoft Teams wier jo awer eng super Applikatioun, déi vum gesamten Enseigantspersonal genotzt géing ginn an ouni déi ee wärend der Pandemie net hätt kéinte schaffen. Dobäi brauch ee just an déi baltesch Länner kucken ze goen, déi Spëtzereider sinn an der Digitalisatioun an och nach am PISA-Test gutt ofschneiden an dobäi haaptsächlech op Open-Source-Material zréckgräifen.
Et däerf ee bei dëser ganzer Diskussioun ëm d’Digitaliséierung net vergiessen, datt hei d’Gemengen och op sech eleng gestallt sinn, well si sinn zoustänneg fir d’Schoulgebailechkeeten (d’Infrastruktur) mat all de Miwwelen an den digitale Moyene fir de Fondamental. Hei gëtt et keng zwéngend Richtlinnen, déi mat enger budgetairer Enveloppe vum Ministär verbonne wär. Hei muss all Gemeng kucken, eens ze ginn, esouwuel um pedagogesche Plang, wat dann eigentlech muss/soll um Terrain an de Schoule present sinn an ab wéi engem Cycle wéi vill fir wat gebraucht gëtt, an de finanzielle Kader, deen ofgedeckt muss ginn. Och hei nees: Wat d’Gemeng méi räich, wat méi Moyenen do sinn, wat méi un Digitaliséierung. Wat d’Gemeng méi aarm, wat manner Moyenen do sinn, wat manner un Digitaliséierung. Wou besteet do dann eng reell Chancëgläichheet?
Beim Thema Gemengenautoritéit muss een och nach de Volet vun der Gratis-Kannerbetreiung an der Schoulkantin erabréngen (déi awer och just wärend de Schoulwoche gratis ass), déi jo laut dem Minister agefouert ginn ass fir méi Chancëgläichheet. Mee och hei besteet dës Chancëgläichheet just um Pabeier, well net all Gemeng kann dës Servicer ubidden, respektiv et bestinn elle laang Waardelëschten. Heizou kann een och nach de Précoce opzielen, dee fakultativ fir Kanner ab dräi Joer ass, deen an de Gemengen awer zum Deel nach ëmmer net esou funktionéiert wéi de Fondamental (mat deene selwechten Auerzäite, mat ganze Plagen) a wou d’Betreiung nieft de Schoulhorairen och net méiglech ass. Dann ass et jo nëmmen normal, datt grad déi Elteren net drop zréckgräife kënnen, déi et am meeschte brauchen. An der Analyse vun ONQS10) gëtt dëse Constat ganz kloer gemaach, datt déi Kanner, déi et am meeschte brauchen, déi sinn, déi net vun der Offer profitéieren (S. 16 am Bericht), an datt ganz kloer politesch Aktioune feelen, fir dëst ze änneren.
Et wär nach vill méi ze soen! An et gëtt nach vill ze dinn, fir eng Chancëgläichheet an der Bildungspolitik kënnen ze erreechen. Loosst eis zesummen dës Chance net verpassen, fir eis ëffentlech Schoulen esou ze reforméieren, datt eis Kanner a Jugendlecher dës gäre besichen an hir beruflech Zukunft esou kënne gestalten, wéi et fir si liewenswäert ass.
1) Nationaler Bildungsbericht Luxemburg 2021 Uni.lu (Lucet) / SCRIPT (www.bildungsbericht.lu)
2) Bildungsbericht Luxemburg 2015: Band 1: Sonderausgabe der Chiffres clés de l’éducation nationale 2013/2014 & Band 2: Analysen und Befunde Uni.lu / SCRIPT
3) Nationaler Bildungsbericht Luxemburg 2018 Uni.lu (Lucet) / SCRIPT
4) L’entrée à l’école: analyse de la situation scolaire actuelle et état des lieux de la recherche. Observatoire national de la qualité scolaire 2022
5) Regards de jeunes sur leur parcours de décrochage dans l’enseignement général. Les Rapports du Liser, octobre 2021, SNJ
6) L’entrée à l’école: analyse de la situation scolaire actuelle et état des lieux de la recherche. Observatoire national de la qualité scolaire 2022
7) Enquête sur les jeunes NEETS (Not in Education, Employment or Training) 2017
8) Regards de jeunes sur leur parcours de décrochage dans l’enseignement général. Les Rapports du Liser, octobre 2021, SNJ
9) Droits de l’enfant. Zesumme fir d’Rechter vum Kand. Stratégie nationale. Plan d’action 2022-2026. MENJE
10) L’entrée à l’école: analyse de la situation scolaire actuelle et état des lieux de la recherche. Observatoire national de la qualité scolaire 2022
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können