D’Lëtzebuerger Regierung schreift mir: Loosst Iech wannechgelift impfen!
Dofir erlaben ech mir, Iech ze schreiwen: Schwätzt wannechgelift mat deene Leit, déi sech net wëllen impfe loossen!
Schwätzt wannechgelift mat mir, amplaz de physeschen Drock ëmmer méi ze erhéijen. Ech sinn net méi d’Accord mat der Aart a Weis.
Ech si keen Impfgéigner.
Ech behaapten net, dass et kee Coronavirus gëtt. Ech sinn ee friddleche Bierger.
Ech wëll selwer iwwert mäi Kierper entscheeden.
Mee leider gëtt op esou Leit net gelauschtert, si hu keng Chance, fir sech kënnen ze erklären, si ginn ewell diskriminéiert.
Dofir dëst Schreiwes.
Ech stelle fest, unhand vun Zuelen, déi ee sech jo glécklecherweis op ville Plazen am Internet ka besuergen, dass trotz der Impfung dëse Wanter massiv méi Leit positiv getest ginn.
Ech stelle fest, dass nëmme méi vun Omikron geschwat gëtt, an dass d’Zuele vun de Leit, déi schlëmm krank ginn, geréng sinn.
Ech stelle fest, dass d’Gëltegkeetsdauer vun der Impfung ëmmer méi kuerz gëtt.
Ech widderhuelen nach eng Kéier, dass ech net géint Impfe sinn.
Eng Impfung géint Tetanus z.B. ass fir mech keen Thema, a wann et eng Impfung géint Kriibs géif ginn, déi wierkt, géif ech an der éischter Rei stoen.
Awer net elo, wou kee mir soe kann, géint wat dat Mëttel soll wierken, wat ech gesprëtzt kréien, a wat d’Niewewierkunge sinn.
Ech kenne mäi Kierper lo no 63 Joer ewell ganz gutt, an ech weess, dass hie ganz empfindlech op all Zort vu Medikament reagéiert.
Ech huelen doduerch keng Medikamenter an, ausser fir een akuten Noutfall.
Ech war a menger Kandheet no der Schluckimpfung géint Kinderlähmung vill krank a konnt e puer Méint net méi richteg goen.
Aus deene virgenannte Grënn wëll ech mech elo net impfe loossen.
Ech hu Verständnis fir déi Leit, déi sech impfen loossen, déi et aus Iwwerzeegung maachen. Et soll eebe jidderee säi fräie Choix hunn.
Ech hunn de grousse Virdeel, dass ech elo an der Pensioun sinn, vill Leit, déi änlech Grënn hu wéi ech, fir sech net impfen ze loossen, ginn duerch Är Mesurë gezwongen.
E groussen Deel kréien och nach moraleschen an psycheschen Drock op hirer Aarbecht gemaach a si mat den Nerven um Enn.
Si gi gezwongen, sech impfen ze loossen, well se soss hir Aarbecht verléieren. Si ginn diskriminéiert.
Eppes stëmmt net méi!
Ech hunn eise Kanner ëmmer erzielt, mir wieren hei an engem demokratesche Land, do, wou jidderee seng Meenung ka soen, wou zesummen diskutéiert gëtt a Léisunge gesicht ginn. Mee wou ass dat alles hin?
Merci fir Äert Versteesdemech.
@Blaat,
wat wëllt Dir eis soen??? Dass Nazi-Dokteren mat den Dokteren vun haut ze vergläiche sinn? Dass jonk Leit /Politiker déi net am Krich woren net un hir Grousselteren denken (wëllen)? Dass eng Impfung eppes erbärmleches ass während all Dag Leit stierwen? Dir hutt jo anscheinend fir d'Fräiheet gekämpft.Da sollten d'Antivaxen vun där Fräiheet profitéieren a sech impfe lossen.Souvill Fräiheet wéi haut hate mir nach nie.Just de Virus kann se aschränken.Also.
Wann Dir ze vill empfindlech fir eis nei Pandemie-Welt sidd an Dir pensionéiert sidd, dann ass dat jo kee Problem.
Bleift doheem a bestellt Iech d'Iessen, wann Der net an de Restaurant dierft.
Wann de Ministère Iech net gleeft, dass Dir viru 55 Joer eng Schluckimpfung net verdroen hutt, an dofir e bëssi peurt, an Dir hutt keng Dokumentatioun déi Der kënnt weisen, da musst Der eben déi virgesinne Strofe bezuelen all Mount.
Dir spuert jo masseg Geld wann Der net virun d'Dir däerft.
"Een experimentaalen Impfzwang ewéi mir een haut hunn.." Falsch, ët gët iwer eng Impfpflicht debattéiert. Wéi lang gët dann elo schon geimpft, bestëmmt nët méi op experimenteller Basis, oder dach?
Ech mengen epuer wëssen nët wat eng Pandemie ass. Dir Hären S. an B. frot emol bei enger Famill no déi een Member duerch Corona verluer huet!
Ech wëll och keen IMPFZWANG, wann een séch nët impfe loosse wëll, dann eben mat allen Konsequenzen. Ugeholl Dir wärd esou richteg vum Virus getraff gin, géif Dir dann op all Hëllef verzichten?
Bis elo huet nach keen mer éierlech op déi Fro geäntwert.
Här Summer, dir braucht net ze färten, et ass keen Impfzwang geplangt, héchstens eng Impfpflicht. Mee WANNECHGELIFT huelt kengem anere Kranken am Spidol d'Plaz ewech, wann der deen Dreck dann erwecht a stierweskrank gitt.
14 Sätz déi mat „ECH“ unfänken seet mir am Fong genuch!
@ Här R.Summer.
Haut huet ët absolut keen Sënn méi fir Aal Leit ewéi mit (ech sin baal 87) fir d‘Wourëscht ze soen well keen méi dorun gewinnt ass. Zu eiser Zeit, wou am Krich an duerno eist Land nach stolz op seng Patrioten waren an deenen déi hiert Liewen an Gesondheet fir hir Heemecht gin hun iwerall Monumenter gesaat kruten hätt keen sëch getraut och nëmmen iwert esou ëppes wéi een erbärmlechen Impfzwang mat ëppes Onbekannten och nëmmen ze denken., wëssend waat d‘Preisesch Dokteren mat Leit experimentéiert hun.......
Een experimentaalen Impfzwang ewéi mir een haut hunn ,respektiv baal kréien wär deemools engem Hara Kiri gleich komm......-
Här Summer, ët ass haut een aaneren Hara Kiri fir géint esou een Impfzwang, eng Kierperverletzung ouni Gleiches ze sinn. Wann déi Lėtzëbuerger déi hiirt Liewen ewéi gesoot ginn hunn an daat fun hieren Kanner an Familien fir Freiheet riskéiert an gin hun ërëm kéimen.........ech woen nët dorun ze denken. Eis professionell Politiker an Kommentateuren déi de Krich nëmmen fun Héieresoen kennen , sollten sëch un hiir Grooss an-Uurgrosselteren erënneren wann sie daat nach können oder wöllen , waat ëch allerdëngs stark bezweifelen.....
Nach eng Kéier , Här Summer, villmools merci fir ären Artikel ,deen esouguer publizéiert gouf !!!!!
"Si gi gezwongen, sech impfen ze loossen, well se soss hir Aarbecht verléieren".
Ass net den Fall, Sie können séch all Daag testen lossen, hunn also eng Alternative, och wann se méi emständléch ass, mais
Extrawönsch waren schon emmer eppes méi Deier
Wannechgelift. Mir hunn et hei mat enger Pandemie ze dinn.Dir wësst awer wat eng Pandemie ass,oder? De Virus kuckt net no iech oder ärer Fräiheet.Wann dir net geimpft sidd,dann hutt dir eng dräifach Chance schwéier krank ze ginn an engem aneren d'Plaz an der Klinik ewech ze huelen.Dir verbreet och de Virus méi schnell well dir e "gudde" Wiert fir hien sidd.Also wannechgelift: Loosst iech impfen.Dat nennt een Zivilcourage a Solidaritéit. Dofir hunn ech iech op äre Bréif geäntwert. Bonne chance.
"Si gi gezwongen, sech impfen ze loossen, well se soss hir Aarbecht verléieren. Si ginn diskriminéiert."
Nee ginn se net.
Diskriminéiert kann een nëmme gi wéinst Saache wou een net dofir kann, Hautfaarf, Gréisst, Sex, Alter etc.
Dat hei ass komplett heelbar, 1-2 Sprëtzen a schonn ass ee bei de Leit a keen Aussenseiter méi.
Ech ginn diskriminéiert wéinst mengem Alter, ech wär frou, wann ech dat och mat enger Sprëtz léise kéint.