Headlines

LeserforumDen Adapto-Service iwwertrëfft sech selwer

Leserforum / Den Adapto-Service iwwertrëfft sech selwer

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Adapto-Service fir behënnert Leit ass an de leschte Wochen a Méint vill kritiséiert gin: Lieserbréifer, Zeitungsartikelen, Reportagen op der Tëlee, eng Pétitioun un d’Chamber, déi vun iwwer 5.000 Leit ënnerschriwwe gouf … Gefuerdert gëtt e Service, deen och funktionéiert.

Do kéint ee jo mengen, bei der Mobilitéitszentral, déi den Adapto-Service organiséiert, géif zumindest probéiert ginn, et besser ze maachen, mee wouhier! De Mobilitéitsministère hält stur un dem Prinzip vun „Sammelfahrten“ – d’Haaptursaach vun deene meeschte Probleemer – fest an ass och nach houfreg drop.

Wann ech wëll mam Adapto vum Lampertsbierg op Réimech fueren, kann ech verstoen an dermat liewen, wann aus der Stad och nach eng Persoun zum Beispill mat op Schengen geholl gëtt. Mee wat mir haut passéiert ass, schléit dem Faass de Buedem aus: Anstatt vum Lampertsbierg Richtung Réimech ass den Adapto mat mir fir d’éischt op Péiteng (!) gefuer, fir vun do eng Persoun mat hirer Cactus-Tut op Zolwer ze féieren, ier et dann iwwer Diddeleng a Mondorf op Réimech goung – anerhallef Stonn an enger ongefierderter Camionnette duerch d’Land gerëselt.

Bei der Mobilitéitszentral heescht et dozou wéi gewinnt: „Dat ass de System.“ Do ass keen amstand, dat, wat dee „System“ seet, emol ze hannerfroen an sech z’iwwerleeën, ob dat irgendeppes mat gesondem Mënscheverstand ze dinn huet. Wann et deem „System“ d’nächst Woch afällt, et kéint een um Wee vum Lampertsbierg op Réimech och nach eng Persoun zu Veianen ofhuelen an op Wolz féieren, wäerte mer wuel och nach dohinnerfueren. De Leit esou Trajeten zouzemudden, kann ee schonn net méi nëmme mat Inkompetenz oder enger fetter Datz an der Geografie vun eisem Land erklären, do gehéiert schonn eng zolidd Portioun schlechte Wëllen derzou.

Den Adapto-Service ass gratis, jo. Den ëffentlechen Transport och. Mabee, ech géif gären deen Opstand gesinn, deen et géif ginn, wann eng Dose Leit an der Stad den ëffentlechen Transport op Réimech huelen an dann am Bus gewuer ginn, datt si mol fir d’éischt an déi komplett entgéintgesate Richtung bis no un déi belsch Grenz fueren, vun do nach e puer Leit op Zolwer féieren an dann iwwer Diddeleng a Mondorf op Réimech fueren, wat gutt dräimol esou laang dauert wéi den direkte Wee vun der Stad op d’Musel. Mee mat enger Fra am Rollstull kann een dat jo maachen! Dat ass net nëmmen eng Respektlosegkeet sonnergläiche vis-à-vis vu behënnerte Leit, dat ass eng reegelrecht Frechheet!

Dem Minister Bausch sinn all déi berechtegt Kritiken um Adapto-Service offensichtlech egal, soss hätt hie scho lang e Muechtwuert geschwat, fir datt de System verbessert gëtt. Nun, domat bleift mir an alle Leit, déi op den Adapto-Service ugewise sinn a wëllen, datt sech eppes ännert an deen Unfug do ophält, soss näischt iwwreg, wéi bei de Chamberwalen am Oktober selwer e Muechtwuert ze schwätzen an hien a seng gréng Partei ofzewielen.

benschul
25. Juli 2023 - 15.17

Eise Minister den zoustänneg fir den Adapto ass, huet Besseres ze dinn. Hien muss nach kilometerwäit Tramsschinne verleeën, op der Strooss oppassen dass d'Autoen net ze no laanscht d'Vëloe fueren beim Iwwerhuelen an dann nach op Zack sinn fir nëmme keng Foto ze verpassen. Souwisou geet vun deenen déi den Adapto brauchen kee méi wielen. Also fir wat a wien sech midd maachen? 

Metty
20. Juli 2023 - 10.56

Kéng Angscht, dee grengen Transportminister huet alles am A an ënner Kontroll. Dee wees wéi et muss sin!

den tutebatty
18. Juli 2023 - 19.59

Wehe dem, der auf diesen Dienst zurückgreifen muss! Alte, Kranke, Behinderte haben halt Pech!