Et ass nees um Wieler, eng nei Chamber an nei Gemengeréit ze wielen. Jo, et gi vu Wal zu Wal ëmmer méi, nei Parteien, déi sech an eisem klenge Land dem Wieler stellen. Heescht dat, dass ëmmer méi Awunner sech net méi mat deenen traditionellen „Volleks“-Parteien kënnen identifizéieren oder net méi mat deenen hiren Iddien averstane sinn?
Ass et net esou, dass d’Jugend an deenen eenzelne Parteien méi Matsproocherecht fuerdert a gären aktiv un der Politik deelhuele wëllt, heescht, gären op enger Lëscht fir gewielt ze gi wär?
Wären hei net déi „erfueren“ eeler Politiker, déi hir Fotell net wëllen un déi Jonk ofginn. Eng Petitioun, mat leider wéineg Zoustëmmung op haut, déi de maximalen Alter fir Politiker op 65 Joer fuerdert, schéngt d’Gesellschaft net ze beweegen an ze interesséieren. Fanne Politiker vu 65 Joer a méi sech nach ëmmer als onersetzlech? Kréien déi iwwer 65-järeg Politiker nach alles richteg mat an hu si nach alles am Grëff? Kréien déi iwwer 65-Järeg den Hals net voll genuch? Kéinten net grad si déi Jonk am Hannergrond guidéieren an ënnerstëtzen?
Ergëtt et ee Sënn, deenen Jonken ee Walrecht mat 16 Joer wëllen ze ginn an hinnen dann z.B. bei de Gemengewalen Kandidaten(innen) vun iwwer 65 Joer ze proposéieren? Wären d’Gemengewalen net déi richteg Plaz, fir deene Jonken de Wee an d’Politik, an de Gemengerot, ze erméiglechen? Kéinten déi Jonk net grad hei hir gesellschaftlech Problemer virdroen a probéieren, Léisungen fir hir Problemer ze fannen, Léisungen déi, wéi mir gesinn hunn, déi iwwer 65-Järeg bis haut net geléist kruten a kréien? Kéinten déi Jonk net grad hei Erfarung sammelen?
D’Gemengen hunn jo och d’Walrecht a senger ganzer Form fir d’Auslänner hei am Land méiglech gemaach, eng gutt Saach?
Wéi gesäit et dann aus mat deenen Auslänner, déi sech bei de Gemengewalen wiele loossen? Mussen dës Lëtzebuergesch schwätzen oder mussen d’Gemengen elo Dolmetscher fir déi eenzel Mammesproochen engagéieren oder geet alles op Franséisch oder Englesch? Ass et net logesch a wichteg, dass een, dee sech bei Walen wiele léist, Minimum d’Sprooch vum Land schwätzt, an dësem Fall Lëtzebuergesch? Kréien d’Wieler den Alter an d’Nationalitéit vun deenen eenzelne Kandidate matgedeelt?
Wéi verréckt ass et, dass ee Kandidat oder Kandidatin, deen (dat) an der Gemeng A wunnt, sech kann an der Gemeng B opsetzen a wiele lossen? Gëtt hei net de Geck mat de Gemengen-Awunner, de Wieler an eventuellen Kandidaten(innen) aus der Gemeng gemaach, déi doduerch keng Méiglechkeet kréien, sech opzesetzen? Geet et hei net einfach duer, dass ee Kandidat(in) sech, am gesetzlech virgeschriwwenen Delai, an där Gemeng, wou hien, hat, sech wiele loosse léisst, bei engem Awunner umellt an trotzdeem net do wunnt? Wou si mir, ass dat nach eng seriös Gemengepolitik? Ass dat net Bedruch um Wieler!
Die "Alten" stehen den Jungen im Wege. Die haben kein Interesse daran den Nachwuchs zu fördern, sonst müssten sie ja eventuell auf ihre hochdotierten Posten verzichten, Spitzenpolitiker sowohl wie Kopfnicker, ohne Ausnahme. Und das parteienübergreifend. Ohnehin stellt man fest, dass das Mittelmass immer mehr um sich greift. Ein politisches " nivellement vers le bas ", das kaum noch aufzuhalten ist.
"Kéinten déi Jonk net grad hei Erfarung sammelen?" Bei allem Respekt fir nei Iddien.Awer wann wichteg Entscheedungen musse getraff ginn ass ëtt villächt ze spéit fir Erfahrungen ze sammelen. Do sollt een am beschten deen néidegen Iwwerbléck schon am Koffer hunn. Wielen ass eng Verantwortung. Do sollt ee wësse wat ee mécht.