Headlines

„The high magic of low puns“

„The high magic of low puns“

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Tom Dockal an de Jacques Schiltz sti fir schlecht Wuertspiller, popkulturell Referenzen an eng frësch Approche zum Theater. Lescht Saison hu si sech fir vläicht déi éischte Kéier u méi bekannt Auteuren erugewot: Den Tom huet d’»Écume des jours» vum Boris Vian (mat Erfolleg) adaptéiert, während de Jacques sengem natierlechen Hang fir Wuertspiller a One-Liner gefollegt ass an dem Woody Allen säin «Dout» inzeenéiert huet. Mir hunn eis fir ee Bilansgespréich mat deenen zwee jonken Theaterschafende getraff.

Wien sech op ee Gespréich mam Tom Dockal a mam Jacques Schiltz aléisst, däerf sech op eng ganz Rëtsch vu méi oder wéineger schlechte Wuertspiller freeën. Eng vum Jacques Schiltz senge Spezialitéite besteet doraus, ee Wuert, dat een him virgëtt, an engem Saz kontextuell ze entfriemen. «Jacques, maach ee Saz mat Asiaten», seet den Tom Dockal dann och während dem Interview. De Jacques iwwerleet kuerz an triumphéiert dann: «Asiaten nawell keen Ticket fir d’Theatervirstellung.»

Dat Ganzt ass relativ beandrockend, well d’Topegkeet vum Prozess un eng Präzisioun gekoppelt ass, déi deem Ganzen eng bal poetesch Gescheitheet gëtt. Den Thomas Pynchon huet dat a sengem Kultroman «The Crying of Lot 49» «the high magic of low puns» genannt.
Wann déi zwee zesummen optrieden, bilde si een Team, an deem deen een den trotzege Bad Cop, deen aneren de laachende Good Cop gëtt – bis iergendwann d’Rolle sech verwëschen. Si dreiwen zudeem op eng léif, e bësschen zynesch Aart a Weis den Uz mat der lokaler Theaterzeen a mat der Berliner Volksbühne, op där dem Castorf seng siwestënneg Inzenéierunge sichtlech Schied hannerlooss huet. «Wéi mer bis woussten, dass mer allen zwee plus ou moins zäitgläich ee Stéck géifen inzeenéieren, hat ech eng Wett mam Tom gemaach. Et goung drëms, wie vun eis zwee dee méi laangen Owend géif bidden. An den Tom huet mech ëm eng ganz Stonn geschloen.»

Bühnenadaptéierung vu Romaner

Fir déi zwee jonk Theaterschafender war déi lescht Spillzäit e bësschen eppes ewéi ee Paradigmewiessel. No gemeinsame Projete wéi zum Beispill dat parodescht «Ceci n’est pas une Maggy Nagel» hu si sech dës Kéier u méi grouss Produktiounen erugewot. «Du wëlls domat dach just undeiten, dass kaum een eis aner Saache gesinn huet», mengt den Tom Dockal, wouropshin de Jacques Schiltz lakonesch seet, et wier wuel déi éischte Kéier, wou bei hinne méi wéi eng oder zwou Persounen op der Bühn stoungen.

«Et war eng Produktioun vun enger gewëssener Gréisst, awer och ee relativ liicht Stéck, un deem ech eng gewëssen Ästhetik konnt ausprobéieren, fir se duerno och op aner Projete kënnen unzewenden. Mir goung et drëms, mer d’Fro ze stellen, a wéi engem Sënn d’klassesch Notioun vu Personnagen nach ee Sënn ergëtt. Dat war natierlech och doduerch bedéngt, dass dem Woody Allen säin Text een Eenakter mat 21 Personnagen ass», sou de Jacques Schiltz. Op der Bühn am Kasemattentheater hat hien awer nëmme fënnef Schauspiller, sou dass et effektiv ee relativ schëtzege Wiessel vun de Rolle gouf.

«Fir mech war et vrun allem déi bescht bezuelte Produktioun», ironiséiert den Tom, deen eng praktesch an eng poetesch Erklärung op Lager huet, wisou en ausgerechent dem Vian säin Text adaptéiert huet. «De Frank Hoffmann mécht zwou franséischsproocheg Produktiounen am Joer. An d’Sophie Langevin konnt net déi zwou maachen.» Op meng Nofro, op dat déi poetesch Erklärung war, laacht den Tom, éiert e méi eescht erkläert, dass en deemools, mat 16 Joer, de Roman entdeckt huet. «Ech hunn zwar bal näischt verstanen, mee ech hunn d’Buch nawell immens fonnt.»

Zum Thema Bühnenadaptéierung vu Romaner mengt den Tom, dem Jacques säin Text wier am Endefeekt genee esou theaterfeindlech wéi säint gewiecht. «Well den ‹Tod› einfach kee gutt Stéck ass. An een da gezwongen ass, villes ëmzebastelen. Schliisslech kann een aus allem – oder bal aus allem – ee flotten Theaterowend maachen.» Do stellt sech dann d’Fro, wéi wichteg a relevant den Text iwwerhaapt nach ass. De Jacques Schiltz mengt dozou: «Den Text ass wéi eng Basslinn, där een net wierklech entkënnt. Et sief dann, du gees radikal dergéint. Mee da stellt sech d’Fro, wisou een iwwerhaapt dee spezifeschen Text gewielt huet. Mam Text verhält et sech esou: Du hues e puer Accorden – fir elo eng jazzy «Écume des jours»-Analogie ze maachen –, op deenen s de improviséiers.»

«Merci Jacques. Ech géif jo elo, wéinst dem Woody Allen, mat enger Pädophilie-Analogie äntweren – mee mir fält leider grad keng an.» Heiansdo kléngen d’verbal Passe vun deenen zwee wéi eng méi knaschteg Variant vun «En attendant Godot».

Apropos: Wéi adaptéiert een hautdesdaags nach ee Stéck vum Woody Allen – a wisou? «De Fall vum Woody Allen ass an deem Sënn speziell», erkläert de Jacques Schiltz, «well virun 20 Joer d’Ermëttlungen erginn hunn, dass keen Abus stattfonnt huet. Wann déi Ermëttlunge feelerhaft sollte gewiescht sinn, wier dat natierlech ganz schlëmm. Iergendwou ass deen Hannergrond dann och an d’Stéck mat agefloss: Eng Persoun gëtt ugeklot, ouni dass ee weess, op d’Beschëllegunge fundéiert sinn. An et ass eigentlech och egal, ob et stëmmt oder net: D’Leit hunn, zu Recht, d’Flemm mat der Situatioun a wëllen, dass ee Kapp rullt. An deem Sënn war de Woody Allen dee beschtméiglechen Auteur, fir esou eppes ze thematiséieren.»

Bond vs. Tatort

De Fall vum Vian ass an deem Sënn manner problematesch – mee nawell net méi evident, well et drëms goung, ee relativ laange Roman mat sëlleche Wuertspiller a Beschreiwungen an den Theater ze transposéieren. Ech wollt wëssen, wéi den Tom déi Erausfuerderung gemeeschtert huet. «Ech hunn d’Anne Simon alles maache gelooss. Nee, am Eescht, ech hunn a relativ kuerzer Zäit adaptéiert, editéiert. Ech kann dat schlecht ëmschreiwen. Mir wollte vrun allem verhënneren, einfach just eng Welt ze schafen, wéi dat am Gondry sengem Film de Fall ass. Eis goung et wuel drëms, d’Welt ze schafen, mee vrun allem wollte mer d’Geschicht erzielen.»

Iwwerhaapt behaapt den Tom Dockal relativ oft vu sech selwer, datt hie Schwieregkeeten huet, sech auszedrécken. «Ech mengen, domat sinn ech menge Schauspiller immens op d’Nerve gaangen. Wann d’Prouwen ufänken, loossen ech d’Saach immens laang einfach mol lafen. Et sief dann, eppes gefält mer guer net. Da soen ech: ‹Nee, maache mer net.› Mee ech erklären duerno awer net wisou. Well ech dat net kann.» De Jacques Schiltz bestätegt: «Wéi mer d’Maggy Nagel geprouft hunn – do stoung ech jo op der Bühn an den Tom huet inzeenéiert –, hunn ech eng Zäit laang d’James-Bond-Melodie gesummt. Kuerz virun dem Optrëtt sot den Tom dunn: ‹Dat geet guer net. Ech wëll d’Tatort-Melodie. Wann s du weiderhin d’Bond-Melodie summs, da briechen ech den Owend of.'»

Den Tom Dockal fiert weider: «Ech hunn am Laf vun der Zäit gemierkt, dass et Zeene gëtt, déi ech ganz präzis a mengem Kapp hunn. A wann déi dann net genee esou oflafen, dann dréinen ech duerch. Bei der Première vun der ‹Écume› sollt een Acteur ganz um Schluss nach eemol den Duke (Ellington) spille loossen. Mee hien hat säin Handy vergiess. Dunn ass deen Deel ewechgefall – an dat huet de Schluss e bësse ruinéiert.»

Wou den Tom Dockal zum Deel mat Schauspiller geschafft huet, déi hie virdrun net kannt huet, goung et dem Jacques méi drëms, duerno ze kucken, mat wiem hie gäre géif schaffen. D’Schauspiller haten zwar och een Ablack dem Jacques seng méi désinvolte Methoden a kuerz Proufzäiten hannerfrot – esou wéi dem Tom seng Leit net ganz averstane domat waren, dass hien sech relativ spéit entscheet huet, wéi ee Schauspiller dann elo wéi eng Roll géif spillen –, am Endeffekt sinn déi zwou Inzeenéierungen awer gegléckt. «Ech gesi mech e bësschen encouragéiert, fir mech an deem, wat mech intresséiert, goen ze loossen a mer nach e bëssche Fräiraum ze huelen», erkläert de Jacques. Fir seng nächst Projete wéilt hien am léifsten nach méi domm Witzer, nach méi ellen Accessoiren an eng Zesummenaarbecht mam Tom, mat deem hie gewinnt ass, ze schaffen.