Der Iwwerliwwerung no sot de Schrëftsteller, Iwwersetzer an Theaterdirekter Guy Wagner emol, ee vun de Grënn, wisou hien dem Samuel Beckett säin Theater an d’Lëtzebuergescht iwwersat hätt, wier, well eis Sprooch knaschteg genuch wier, fir dat Réit an dem Beckett senge metaphysesch-existenzialisteschen Texter anzefänken. Genee dowéinst ass dës Concertsbespriechung wuel och op Lëtzebuergesch, well eis Sprooch (hoffentlech) knaschteg genuch ass, fir dat Réit an dat Raut vum Post-Black-Metal-Fest (oder mat wéi enge Prefixen een d’Musek vun der Band och wëll bezeechnen), dat Der Weg einer Freiheit gëschter an der Kufa gefeiert hunn, ze beschreiwen.
Der Weg einer Freiheit spillen eng Zort pechschwaarze Metal, déi duerch d’Band Deafheaven eng gewësse Legitimitéit am Mainstream kritt huet. Besoten Deafheaven haten nämlech mat hirem Album «Sunbather», deen ee ganz atypescht Artwork mat vill Rosatéin hat, e bëssen Opmierksamkeet um Musiksite an Hipsterbarometer Pitchfork kritt.
(Pech)schwaarze Metal
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können