Headlines

De Gatsby ënnert de Baueren – Sechs rezent Verëffentlechungen a lëtzebuergescher Sprooch

De Gatsby ënnert de Baueren – Sechs rezent Verëffentlechungen a lëtzebuergescher Sprooch

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wieren net dem Jérôme Netgen seng «Wolleken iwwer Hawaii», hätten des Bespriechunge leider eng zimlech donkel a verreenten Tonalitéit missen unhuelen – déi reschtlech Erzielunge schwanken nämlech tëschent duerchschnëttlechen Texter a Kuerzgeschichten, déi extrem onbehollef wierken.

Ee Joer nodeems d’Smart-Rei no 20 Verëffentlechungen un en Enn komm ass, hunn d’Christiane Kremer an de Luc Marteling eng nei Kollektioun lancéiert. Timba funktionéiert no deem nämmleschte Prinzip wéi d’Smart-Kollektioun – d’Publikatioune sinn allerdéngs liicht méi deier an hunn een anert Format. Timba widderhëlt leider och dee selweschte Feeler wéi seng Virgänger-Sammlung.

Et war nämlech bei der Smart-Serie allkéiers esou, dass zwee bis dräi ënnerduerchschnëttlech Texter nieft enger oder zwou duerchaus iwwerzeegende Kuerzgeschichte mateneen op de Marché geworf goufen, wéi wann d’Editeure sou gehofft hätten, dass déi bedenklech Qualitéit vu sou muncher Verëffentlechung an der Quantitéit vu (klenge) Bicher géif ënnergoen.

D’Démarche ass awer opgaangen – d’Smart-Bicher ware regelméisseg an der Bestseller-Lëscht, wat wuel iergendeppes, bedauerlecherweis awer näischt immens Guddes iwwert d’Liesgewunnechte vun dem Lëtzebuerger ausseet, dee seng Luxemburgensia haaptsächlech da keeft, wa se net zevill weit a séier verdaut ka ginn.

A well se opgoung, gouf se ënnert neiem Numm widderholl an och dës Kéier eng fënnef Publikatiounen erausbruecht, vun deenen der véier wierklech schwaach sinn. Et ass dëst ëmsou méi schued, well d’Konzept – eng faarweg Rei u Kuerzgeschichten a Lëtzebuerger Sprooch – u sech luewenswäert ass. Ëmmerhin passt den Numm besser: Wéi de Post-Timber, op deen d’Kollektioun och visuell opbaut, ass d’ästhetesch Valeur hei quasi Niewesaach, och wa munchmol gelonge Wierker dorënner sinn.

Datt och aner Editiounshaiser mëttlerweil op de Kuerztext-Zuch opklammen, weist «D’Bomi ass dout» vum Jos Kayser bei den Editions Schortgen.

Marc Wilwert: «De groe Star»

«De groe Star» vum Marc Wilwert an «De Bam» vum Catherine Gitzinger verloosse sech allebéid op eng Allegorie, déi leider esou plakativ a graff an den Texter erkläert gëtt, dass se u Valeur verléiert. Am Wilwert sengem «groe Star» beschwéiert sech een Hobby-Fotograf, dee seng Deeg domat verbréngt, op Konscht-Expoen ze goen, dass d’Leit hien net méi wouerhuelen – eng Frëndin, d’Fatima, ka sech bal ni drun erënneren, dass hien op enger Expo soll gewiescht sinn a souguer een Autoportrait, deen hie vu sech geschoss huet, gëtt vun Dag zu Dag méi blatzeg.
D’Erklärung dohannert ass genee esou banal wéi dem Auteur seng Sprooch: Well hien net op Facebook ass, hëlt keen hie méi wouer. Dës Allegorie gëtt mat Binsewäisheete gezéckert, déi paradoxerweis éischter u Facebook-Statements wéi u literaresch Sätz erënneren – egal ob et elo ëm den Zäitgeescht («Vläicht war fréier awer alles besser … oder eben anescht») oder ëm Leit, déi Selfie maachen, geet («Mä si waren net richteg do. (…) Si probéiere just, eng Spur ze hannerloossen, e Bild, eng Foto, eng Impressioun … eng eidel Illusioun. Iwwerflächlech. Just iwwerflächlech.») Géint der Enn gëtt nach e Kriminalfall aus dem Hutt gezaubert wéi ee gaapsegen Deux ex machina, dee säin Asaz bal verpasst hätt.

„De groe Star“, Marc Wilwert, Kremart Edition, 36 Säiten, ISBN 978-2-919781-01-0

 

Catherine Gitzinger: «De Bam»

Am «Bam» wuessen dem Änder, engem jonken Aarbechtslosen, op eemol Bléien aus dem Kapp. No an no verwandelt de jonke Mann sech an ee Bam. Wat hei kléngt, wéi wann een dem Kafka seng Verwandlung vun der Insektewelt an d’Botanik iwwersat hätt, kënnt leider zu kengem Zäitpunkt un d’literarescht Virbild erun. Engersäits, well déi Metamorphose-Iddi och net dausend Mol funktionéiert – den Text wierkt e bëssen, wéi wann nom Duchamp sengem Urinoir ee Kënschtler 70 Joer méi spéit mat groussem Äifer proposéiert hätt, eng Toilette an e Musée ze stellen – mä anerersäits vrun allem, well och hei den Text ze vill seet an dem Lieser keng Interpretatiounsebenen opléist. Dobäi kënnt och, dass d’Sprooch, wéi och scho beim Wilwert, net präzis genuch ass, jo, ee sech zum Deel fir dat provënziellt Lëtzebuergesch, wat engem do opgedëscht gëtt, schummt, besonnesch, well der Catherine Gitzinger hir Versich, witzeg ze sinn, uerg schifginn (nodeems dem Änder Blummen aus dem Kapp wuessen, schreift si: «Muss ech déi elo nätzen, huet e sech gefrot a gelaacht.»).

„De Bam“, Catherine Gitzinger, Kremart Edition, 35 Säiten, ISBN 978-2-919781-03-4

Sophie Gitzinger: «Vill Gléck»

Apropos schummen: Dem Sophie Gitzinger seng Erzielung «Vill Gléck am neie Joer» ronderëm ee Konveniat, deen awer just e Pretext fir en Uneneereie vu relativ intimen Iwwerleeungen ass, ass esou ongeschéckerlech, redundant a penibel, dass et wierkt, wéi wann hei «Journal intime» a Literatur verwiesselt goufen. D’Obsessioun, ee Partner ze fannen, dee sech net selwer (heescht: seng Neel a Kozen) ësst, déi schwéierfälleg Witzer, den Humor, dee flaach fält, d’soziologesch Analysen doriwwer, wat «normal» ass: Leider ass hei alles, fir ee vun den Anglizismen ze benotzen, déi d’Schrëftstellerin esou gär huet, immens cringeworthy.

 

„Vill Gléck am neie Joer“, Sophie Gitzinger, Kremart Edition, 39 Säiten, 978-2-919781-04-1

 Luc Marteling: «Den nationale Wollef»

Dem Luc Marteling säin «Nationale Wollef» wëll eng kabarettistesch Farce sinn, dëmpelt awer éischter um Niveau vun engem Duerfkabaret, wou een net weess, op de Public grad klappt oder just an d’Hänn schléit, fir déi sëllechen Duerfmécken, déi em op der Nues erëmdanzen, ze liquidéieren. Zwee Politiker, ganz wéineg subtil Icksbee an Effbee genannt (wie sech hannert den Akronymme verstoppt, loosse mer Iech hei selwer roden) diskutéieren iwwert de Retour vum Wollef. Hir politesch Decisiounen an Debatten an der Wollef-Fro stinn hei als Analogie fir eng hypokritesch Politik, déi esou vill wéi méiglech ënnert den Teppech kiert. Leider geet och hei de Versuch, witzeg ze sinn, uerdentlech an d’Box (um «Féissbuck» gëtt «mat de Féiss getippt an ofgestëmmt») – et géif een den Auteure recommandéieren, den Eric Chevillard ze liesen, deen ëmmer nees weist, dass een humorvoll Literatur ka schreiwen, déi Qualitéit opweist an zudeem eppes iwwert eis mënschlech Konditioun ausseet.

„Den nationale Wollef“, Luc Marterling, Kremart Edition, 39 Säiten, ISBN 978-2-919781-05-8

Jérôme Netgen: «D’Wolleken iwwer Hawaii»

Wann een am Kader vun dëse véier Kuerzgeschichten dann dem Jérôme Netgen seng «Wolleken iwwer Hawaii» liest, freet ee sech um Ufank, ob een net grad just begeeschtert ass, well déi aner Texter esou schwaach waren. Et leet een d’Buch da kuerz op d’Säit, verdéift sech nees dran a stellt fest: D’Kuerzgeschicht ëm de mysteriéise Mats, deen eng kuerz Zäit an enger Duerfgemeinschaft opgedaucht ass an duerch säin exzentrescht Verhalen fir Opmierksamkeet gesuergt huet, ass net just erzieleresch interessant duerch d’Perspektiv – d’Haaptfigur gëtt allkéiers just ëmrass, bleift an enger Zort narrativem Niwwel, aus deem se ëmmer nees opblëtzt –, mä begeeschtert och duerch eng literaresch Maîtrise vun der Sprooch, déi bewierkt, dass ee sech an deene Momenter, wou dat semantesch Burleskt op eng geschlaffen Ausdrocksform trëfft, un dem Nico Helminger säi Menn erënnert fillt. Ëmsou méi schued, dass et no knapps 30 Säite schonn eriwwer ass – iergendwéi kritt een den Androck, den Text wier ee flotten Amuse-Bouche zu engem méi ambitiéise Romanprojet. Dofir bleiwen engem awer déi puer Episode mam Mats – d’Party, déi e schmäisst, d’Opklärung, wisou en den Hippinazi genannt gëtt, de Bistro, deen en opmécht – a bleiwender Erënnerung, ënnert anerem eben och wéinst der faarweger Sprooch (an enger Zeen danzt de Mats «ewéi e Schreifdësch»).

„D’Wolleken iwwer Hawaii“, Jérôme Netgen, Kremart Edition, 35 Säiten, ISBN 978-2-919781-02-7

Jos Kayser: «D’Bomi ass dout»

Ee weideren Text am Kuerzformat koum dëse Summer bei den Editions Schortgen eraus. «D’Bomi ass dout» spillt haaptsächlech domat, dass de Lieser sech ëmmer nees d’Fro stellt, wéini d’Verspriechen am Titel endlech ageléist gëtt. Parallel dozou geet et ëm eng Art Coming-of-Age vun engem jonken Erzieler, deen zevill intelligent ass, fir net ze mierken, wéi langweileg a spiisseg eng Vakanz vun enger finanziell duerchschnëttlech bemëttelter Famill op der Belscher Plage ass. De Jos Kayser wollt no senger donkeler «Prinzessin Charlotte» eng witzeg Familljechronik erzielen, déi dorun erënnert, wéi eng sëlleche Lëtzebuerger hir Vakanz an de 70er-Jore verbruecht hunn. Dat Charmant-Nostalgescht vun enger Erzielung, déi sproochlech weder negativ nach positiv opfält – dësen Degré zéro vun dem literaresche Schreiwen déngt awer dem Liesfloss – wäicht awer iergendwann enger Tendenz zum Burlesken, déi extrem opgesat a leider onwitzeg wierkt.
D’Tensiounen tëschent den Elteren zum Beispill si sou laang interessant, wéi se duerch dem jonken Erzieler seng naiv Precocitéit gefiltert ginn. Wann dann awer eng Affär tëschent dem Papp an dem Pol (dem Erzieler säin neie Kolleg) senger Mamm opflitt, wierkt dat genee esou mat den Hoer erbäigezu wéi de Begrëff Schachnovell an den Doud vun der Bomi, dee farcesk-morbid wierke soll, um Enn awer just der Glaafhaftegkeet vun der Figurekonstellatioun schued: Dass de Papp, befligelt duerch seng erotesch Eskapaden, sech grad dann traut, seng Fra unzebaupsen, wou där hir Mamm stierft, wierkt einfach net kredibel genuch an enger Erzielung, déi sech um Ufank Méi ginn huet, ee gewëssen Naturalismus oprecht ze erhalen.

„D’Bomi ass dout“, Jos Kayser, Editions Schortgen, 86 Säiten, ISBN 978-99959-36-57-0