Headlines

Raus aus dem Elend: Für eine soziale Drogenpolitik

Raus aus dem Elend: Für eine soziale Drogenpolitik

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Die seit über zehn Jahren geplante Dezentralisierung der Drogenkonsumräume wird mit der Eröffnung der «Fixerstuff» in Esch im Juni 2019 endlich Realität. Zumindest teilweise, denn es bleibt zu bezweifeln, dass die beiden Fixerstuben den Bedarf in ganz Luxemburg decken werden können. Obwohl diese Einrichtungen unter den gegebenen Umständen wertvolle Arbeit leisten, lindern sie lediglich die Symptome von Problemen, die tiefere gesellschaftliche Ursachen haben.

Drogenkonsum hat es schon immer gegeben, lautet ein häufig angeführtes Argument. Es ist zwar nicht falsch, verallgemeinert und verharmlost die aktuelle Drogenproblematik aber zu sehr. Wahr ist, dass Drogenkonsum lange innerhalb geschützter gesellschaftlicher Räume und Strukturen wie religiösen Zeremonien oder schamanistischen Ritualen stattgefunden hat.

Der problematische Drogenkonsum mit den bekannten Folgen von sozialem Abstieg, Kriminalität, Obdachlosigkeit und Krankheit hat erst im Zuge der Industrialisierung begonnen. Der Wegfall staatlicher Regulierung hat im 19. Jahrhundert noch viele andere Formen sozialen Elends hervorgebracht, die bis heute weder von der Gewerkschaftsbewegung noch vom Sozialstaat aufgefangen werden konnten.

Die Regierung hat jetzt noch die Gelegenheit, im Koalitionsabkommen einen neuen Handlungsrahmen für die luxemburgische Drogenpolitik zu schaffen. Ein erster Schritt wäre, die Entkriminalisierung und die staatliche Abgabe von Drogen zu regeln. Komplementär dazu müssten künftig auch arme Menschen ein Anrecht auf Krankenversicherung und andere Sozialleistungen haben, selbst wenn sie ihr Leben nicht vollends unter Kontrolle haben.

Lesen Sie auch den Artikel zu dem Thema.

Luc Laboulle
22. November 2018 - 10.41

Et ass natierlech schwéier an 3 Sätz d'Geschicht vun den Drogen ze retracéieren. D’Ausso, dass Drogekonsum laang Zäit nëmmen ënnerhalb vu sozial begrenzten “religiösen oder schamanistischen” Ritualer stattfonnt huet, ass net grondleeënd falsch, si ass just e bësse restriktiv. Op vill Kulturen trëfft se effektiv zou. Bei de Griechen a Réimer ass virun allem op Fester exzessiv gedronk gin. Et geet hei awer net ëm den Abus vun Alkohol, deen eng laang Geschicht an der "europäescher Kultur" huet an am Mëttelalter méi Liewens- wéi Rauschmëttel war. Mam Asetzen vun der industrieller Revolutioun ass den exzessiven Alkoholkonsum (och a Form vu Branntwäin) awer zu engem soziale Problem vun der Oarbechterklass gin. Och déi neizäitlech Droge wéi Heroin a Kokain si virun allem an den ënneschte Schichten e Problem ginn, well se relativ deier kaschten an dofir oft zu Oarmut, Kriminalitéit an Obdachlosegkeet féieren. Virun allem bei denen, déi keng oder wéineg Suen hunn.
Zu ärer leschter Remark: Et ass eng Uspillung un d'Laissez-Faire-Politik vum 19. Joerhonnert, déi net nëmmen op pseudohistoreschen Hypothese berout, mee och dozou gefouert huet, dass ënnerhalb vun e puer Joerzingten dausende Leit wéinst der Industrialiséierung an d'Stied hu misse flüchten, wou se keng Liewensgrondlaag méi haaten. Esou ass de modernen Oarmutsproblem eréischt entstan.

Colombi
21. November 2018 - 21.50

Mat der genereller Prämisse vum Artikel sinn ech jo averstanen. Kloer muss an der lëtzebuergescher Drogepolitik eppes geschéien. Et misst mindestens nach eng Fixerstuff am Zentrum dabeikommen, wann méiglech awer och nach eng am Norden. Weiderhi géing eng Entkriminaliséierung vum Drogekonsum, wei et Portugal virgemaach huet, et méi einfach maachen, Drogenofhängeger erëm an d'Gesellschaft ze integréieren a soumat déi sozial Cause vun der Drogeproblematik endlech méi efficace ze bekämpfen.

Allerdéngs stéieren ech mech liicht un der zimlech pseudohistorescher Étiologie vum Artikel. Éischtens ass d'Ausso, dass Drogekonsum laang Zäit nëmmen ënnerhalb vu sozial begrenzten "religiösen oder schamanistischen" Ritualen stattfonnt huet, grondleeënd falsch. Schonn d'laténgesch a griichesch Sourcë bekloe reegelméisseg den Abus vun Alkohol a vun anere Rauschmettel. Dofir war kee reliéise Kontext néideg. An souguer wann den Drogekonsum an engem restriktive soziale Kontext stattfonnt huet, heescht dat net dass d'Participanten dowéinst net trotzdeem Affer vu Stigmatiséierung si konnten. Bescht Beispill sinn d'Bacchanalien zu Roum (183 v. Chr.); do huet de réimesche Senat sech och wéineg drëm geschäert, dass dat eng reliéis Zeremonie war, wou se dann de Gleewegen hire Wäin an hir halluzinoge Champignonen ewechgeholl hunn.

Zweetens, froen ech mech tatsächlech wei eng wonnerbar staatlech Reguléierungen am 19. Joerhonnert ewechgefall sinn? Kloer soll all Mënsch en Recht op eng medezinesch Verfleegung hunn. Allerdéngs bezweifelen ech staark, dass mer a Saachen "Sozialstaat" eppes vum Ancien Régime léiere kéinten...