Headlines

Lëtzebuergesch léierenNimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?

Lëtzebuergesch léieren / Nimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?
Wousst Dir schonns, datt d’Pizza Margherita no enger italieenescher Kinnigin benannt ass? Foto: Unsplash

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wousst Dir schonns, datt d’Wuert Silhouette e liewegt Virbild hat oder de Baxter aus der Klinik eigentlech eppes mat Amerika ze dinn huet? An dëser Serie, déi de Magazin am Tageblatt mam Dr. Sam Mersch, Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, erausbréngt, stelle mir Iech all Woch e puer nei Wierder an hiren Hannergrond vir. Dës Woch sinn d’Begrëffer „Chateaubriand“, „Pizza Margherita“, „Coquille St-Jacques“, „Nachoen“ a „Sachertorte“ un der Rei.

Chateaubriand

… de Chateaubriand warscheinlech nom Vicomte François René de Chateaubriand benannt ass, dee vu 1768 bis 1848 gelieft huet? Den Numm bezeechent souwuel de Plat wéi och de Schnatt an ass ënnert anerem vum Auguste Escoffier, engem bekannte franséische Kach aus dem 19. Joerhonnert, populär gemaach ginn.

Pizza Margherita

… d’Pizza Margherita no der Margherita Maria Teresa Giovanna di Savoia (1851-1926) benannt ginn ass, déi vun 1878 bis 1900 Kinnigin vun Italie war? Der Legend no soll de Pizzaiolo Raffaele Esposito fir d’éischt Kéier dës Zort Pizza fir d’Kinnigin an de Faarwe vum italieenesche Fändel gebak hunn.

Coquille St-Jacques

… d’Coquille St. Jacques, oder och nach Jakobsmuschel, nom Hellege Jakobus benannt ass? Hie war e Fëscher aus dem 1. Joerhonnert no Christus, gëllt als ee vun den zwielef Apostele vum Jesus an ass dono den Hellege vun de Pilger ginn; och de Jakobswee ass no him benannt.

     
            

Nachoen

… d’Nachoen nom Kach Ignacio Anaya benannt sinn? Hien huet fir d’éischt an den 1940er-Joren dëse Plat aus Chipsen aus Maismiel, déi mat Kéis a Jalapeñoen iwwerbak ginn, preparéiert an de Plat no sech benannt (Nacho ass eng Koseform vun Ignacio). Hie war deemols vu Clientë gefrot ginn, fir en neie Snack ze erfannen.

   
    Foto: Unsplash

Sachertorte

… d’Sachertorte nom Franz Sacher benannt ass, deen en éisträichesche Zockerbäcker a Chocolatier war. Hien huet dëse Schockelaskuch mat enger Fëllung aus Aprikosegebeess anscheinend déi éischt Kéier 1832 fir de Clemens Wenceslaus Nepomuk Lothar, Graf von Metternich, gebak an him och zerwéiert.