Headlines

Lëtzebuergesch léierenNimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?

Lëtzebuergesch léieren / Nimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?
D’Originn vum Numm Oscar ass net ganz kloer, mee et ass bekannt, datt den Numm am Ufank éischter informell war Foto: AFP/Mark Ralston

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wousst Dir schonns, datt d’Wuert Silhouette e liewegt Virbild hat oder de Baxter aus der Klinik eigentlech eppes mat Amerika ze dinn huet? An dëser Serie, déi de Magazin am Tageblatt mam Dr. Sam Mersch, Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, erausbréngt, stelle mir Iech all Woch e puer nei Wierder an hiren Hannergrond vir. Dës Woch geet hien op d’Begrëffer „Gilletten“, „Zeppelin“, „Kärcher“, „Oscar“ a „Kelloggsen“ an.

Gilletten

… d’Gilletten, also d’Raséiermessere fir ewechzegeheien, nom King Camp Gillette a virun allem no senger Firma mam selwechten Numm benannt sinn? Hie war en amerikaneschen Erfinder mat franséischen Originnen (dohier den Numm) an huet d’Raséiermessere fir ewechzegeheien net selwer erfonnt, mee seng Firma huet de Prinzip iwwerholl.

Zeppelin

… den Zeppelin, also e Loftschëff mat festem Gabarit, nom Ferdinand Adolf Heinrich August Graf von Zeppelin benannt ass? Hie war en däitsche Generol an Erfinder, dee genee déi Zort vu Loftschëffer erfonnt huet, déi bis 1930 eng Alternativ fir de Fliger fir Loftreesen op laang Distanz waren.

Kärcher

… de Kärcher, d’Maschinn, fir mat Waasser an héijem Drock dobaussen de Buedem an d’Maueren ze wäschen, nom Alfred Kärcher benannt ass? Hien huet 1935 seng Firma mam selwechten Numm gegrënnt, déi am Ufank Maschinne fir d’Industrie gebaut huet a vun 1950 un den Hochdruckreiniger gebaut a verkaaft huet.

Oscar

… den Oscar, also déi kleng Figur, déi d’Schauspiller bei den amerikaneschen Academy Awards gewanne kënnen, no enger reeller Persoun benannt ass? D’Originn vum Numm ass net ganz kloer, mee et ass bekannt, datt den Numm am Ufank éischter informell war. Vum Zaldot bis bei de Journalist gëtt et vill méiglech Urspréng vum Numm.

Kelloggsen

… d’Kelloggsen, déi virun allem déi Kleng moies gären iessen, nom William Keith Kellogg benannt sinn? Hien huet 1906 seng Firma (Kellogg’s) gegrënnt, fir déi gepresste Cornflakes, déi e mat sengem Brudder erfonnt huet, ze verkafen.