Clementinen
… d’Clementinnen nom Brudder Clément vun der Congrégation du Saint-Esprit benannt gi sinn? Hien huet mat weltlechem Numm Vital Rodier geheescht a war am Ufank vum 20. Joerhonnert Chef vun enger Bamschoul zu Misserghin an Algerien. D’Fruucht ass no him benannt ginn, well eng nei Kräizung dovun a senger Bamschoul entdeckt gi war.
Réngglotten
… d’Réngglotten no der Fra vum François Ier, Kinnek vu Frankräich am 16. Joerhonnert, der Kinnigin Claude de France (also reine Claude) benannt gi sinn? D’Fruucht ass vun engem Ambassadeur vum François Ier aus dem Osmanesche Räich als Geschenk vum Sultan Süleyman I. matbruecht ginn an zu Éiere vun der Kinnigin no hir benannt ginn.
Uzi
… d’Uzi, déi Waff, déi een dacks an de Filmer gesäit, nom israeelesche Majouer Uziel Gal benannt ass? Hien huet dës Waff, déi vun 1954 un un d’Zaldote vun der Arméi vum nei gegrënnten israeelesche Staat verdeelt gouf, um Enn vun den 1940er-Joren entwéckelt an huet se no sengem Spëtznumm benannt.
Maji
… de Maji nom Julius Maggi benannt ass, engem Schwäizer Geschäftsmann, deen déi bekannten Zoppen aus der Tut an d’Majiszooss erfonnt huet? Datt am Lëtzebuergeschen d’Wuert mat engem Frikativ (also mat j) geschwat gëtt, weist, datt d’Wuert iwwert d’Franséischt an d’Lëtzebuergescht komm ass.
Pilates
… de Pilates, also déi mëttlerweil ganz beléiften Trainingsmethod, nom däitschstämmegen Auswanderer Joseph Hubertus Pilates benannt ass? Hien huet seng Method selwer Contrology genannt, well et drëm geet, Kontroll iwwert seng Muskelen ze kréien, a virun allem a sengem Studio zu New York ënnerriicht.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können