The Ocean spille fir den zéngte Gebuertsdag vu “Precambrium” hir Plack bal ganz duerch.
Wann eng Band sech dozou entscheet, am Kader vun engem ronne Gebuertsdag een alen Album wärend enger Tour nees integral (oder quasi integral) op d’Bühn ze bréngen, ass dat oft eng zwispälteg Geschicht: Engersäits ass et eng wonnerbar Geleeënheet, enger Plack, déi eng oft wesentlech Roll an dem Curriculum vun der Grupp gespillt huet, nach emol een Hommage ze erweisen, beziehungsweis ze kucken, wéi d’Musek, déi deemols geschriwwe gouf, am aktuelle Kontext nach funktionéiert, anerersäits ass et natierlech och zum Deel iergerlech, well déi rezent Kompositiounen, déi heiansdo méi räif sinn, dann iwwerkuckt ginn.
Op hirer aktueller Tour spillt déi däitsch Metal-Posthardcore-Band “The Ocean” haaptsächlech hiren 2008 verëffentlechten Album “Precambrium” (d’Band huet ëmmer Plackennimm, déi komplizéiert kléngen a geologeschen oder astrologeschen Termen entspriechen). Dass och gëschter an der Kufa eng 10-järeg Zäitrees ënnerholl ginn ass, war zwar fir d’Fans vu Wierker wéi “Pelagial” oder “Antropocentric” e bësse bedauerlech, ugesiichts dovun, dass mat “Precambrium” awer de Stil vun der Band schonns esou geschlaff ass, dass d’Cden duerno dëse mat der Aarbescht vu Gruppe wéi Cult of Luna vergläichbare Stil just nach verfeinert a mat Nuance beräichert hunn, war dat awer ee relativ klenge Kritikpunkt.
Progressiv
Schonns den Opener-Duo “Siderian” a “Rhyacian” bestiechen duerch ee luesen, progressiven Opbau, de schéinen Cello vun der Dalai Cellai, der progressiver, wellenarter Songstruktur, dem Wiessel tëschent Gejäiz a propperem Gesang an de schéine Gittarfiguren, déi tëschent Rooserei a lëfteger Eleganz wiesselen. Wann dës Stilmëttel sech am Laaf vum Concert vläicht e bëssen ze oft widderhuelen an dat Progressiivt iergendswann (mat Momenter awer just) ze viraussiichtlech gëtt, muss een nawell déi beandrockend technesch Propperheet, dat präziist Zesummespill an déi spannend, ongewéinlech Songstrukture bewonneren.
Jidderengem, den d’Band gëschter verpasst huet, de Weekend nach näischt wëlles huet a wierklech immens vill immens gutt Bands wëll gesinn, sief hei den “dunk!”-Festival zu Zottegem (Zottegem ass ee vun deene belschen austauschbaren klengen Dierfer, an deenen ee vun de ville flotte belsche Festivaller stattfënnt an déi ëmmer wierken, ewéi wann se just fir déi puer Deeg vum Joer aus dem Schiet vum Anonymat an dem provënziellen Näischt erausglënneren) un d’Häerz geluecht. Op dësem Festival, op dem läscht Joer d’Jonge vu Mutiny on the Bounty zu enger prominenter Zäit ee Concert ginn hunn, spillen ënnert anerem an nieft The Ocean an deenen hirer Virband Rosetta och Caspian, Ef, Grails, Les discrets a Russian Circles, déi e Sonndeg och an der Rockhal ze bestaune sinn. Et gesäit also no engem gudde Mount aus fir Fans vun energescher, technesch beandrockender a spannender Musek.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können