Fir hiren Esch2022-Projet huet de Kënschtlerkollektiv Richtung22 sech virgeholl, „d’Geschicht vum Kampf ronderëm dat alt an dat neit Esch“ ze erzielen – an dat mat Hëllef vun enger ganzer Rei vu Konschtformen. No engem Clip an engem Happening a virun dem Kuerzfilm „GossTown“ am Mee gëtt den Ablack de Socle C mam Theaterstéck „Esch ass dout!“ bespillt.
De Socle C, direkt nieft der Maison du savoir, am Zentrum vun der Ëmmodeléierung vum Stol zum grousse Vide vum Kommerz, gesäit aus wéi eng Miniatur-Arena aus Bëton: en optimalen Dekor fir eng Geschicht, déi sech vun der Struktur a vum Toun hir un der griichescher Tragödie inspiréiere wëll, fir eng méi zäitgenëssesch Tragik z’inzenéieren – déi vum Kapitalismus, deen alles verschléngt.
An der Mëtt vun der Spillfläch steet ee bloen Hirsch, dee ganz däitlech drop verweist, dass den Narrativ vun der Eegestännegkeet vum kulturelle Süden eng reng Illusioun ass, déi kaum verstoppt, dass d’Kulturhaaptstad am Endeffekt déi üblech Staater Verdächteg aus dem Kulturjoer 2007 versammelt – wat den éischte Monolog vun der Haaptfigur Agora (Luc Lamesch), am Stil vun enger epescher kolonialistescher Invasioun virgedroen, och mat vill Ironie bestätegt. Zwou Figuren, d’Hyperbolos (Lis Dostert) an d’Conclusio (Gabriel·le Taillefert) kucke vun uewen erof, leeden an d’Stéck an, encadréieren d’Handlung ënnen an der Arena ëmmer nees an engem ironesch-patheteschen Toun – an erklären a verdäitlechen och ëmmer nees esou vill, dass och dee leschte Blani versteet, wat hei gemengt ass.
D’Handlung ass dann och relativ séier verzielt: Den Agora, Gott vum Public Private Partnership, huet sech virgeholl, mathëllef vu sengem Akolyt dem Dan Kaemmpfer (Felix Adams) Belval mat engem groussen urbanistesche Projet zouzebetonéieren. Den Agora, Bouf vum Pappa Staatos a vum ArcelorMittalos, gëtt op déi Missioun geschéckt, nodeems de Staatos dem ArcelorMittalos seng Terrainen, déi „voll mat Industrieruinen, toxeschem Waasser a polluéiertem Buedem” sinn, fir bewunnbar erkläert huet. Um Agora laascht awer ee Fluch: Alles, wat hien upéckt, gëtt zu Bëton a Glas, gëtt „schéi glat, schéi propper, schéin deier, schéin dout“.
Zesumme mam Dan Kaemmpfer vun Eescht a Jonk wëlle si dem Süden een neit Gesiicht ginn. Am Jargon vum politesche Prosaismus bedeit dat, wéi den Nicolas Sarkozy et deemools scho bal prophéitesch gesot huet, d’Géigend mam Kärcher ze botzen, se esou deier ze maachen, dass Migranten a Frontalieren sech näischt méi do leeschte kënnen a verdriwwe ginn, wärend Esch a Belval zu enger Attraktioun fir Neiräicher, Bankeren an aner Heinie mat déckem Portmonni ka ginn. Dofir soll aus der Kufa eng Galerie Lafayette gemaach ginn – an aus dem „Ranzlach vu Pitcher“ een Hard Rock Cafe.
„Esch ass dout” weist, wéi d’Lächer am hypokritesche sozialen Discours genotzt ginn, fir d’Präisser no uewen ze dreiwen – an der Novlangue vum Entrepreneuriat huet all Wuert een duebele Buedem, kann all Saz an Ausdrock esou lang géint sech selwer gedréint ginn, bis en de Géigendeel vun deem seet, wat en op senger blénkeger semantescher Iwwerfläch suggeréiert.
Monstere vum Kapitalismus
Dat kléngt um Pabeier alles spannend a wichteg – leider awer kann d’Stéck sengen Uspréch net gerecht ginn. Dofir wierkt „Esch ass dout“ ze vill wéi e Potpourri vun Iddien, déi zesummegewierfelt gi sinn – et geet (e bëssen) ëm Esch2022, (ëmmer nees) ëm toxesch Männlechkeet an (haaptsächlech) ëm Gentrifikatioun, Ëmweltverschmotzung an Immobiliepräisser. Esou wierkt d’Stéck deelweis wéi eng Britt, an déi allméiglech Kritikpunkte geworf gi wieren, an där de Kollektiv duerno e bësse geréiert hätt, éiert en se mat enger Louche dem Publikum zerwéiert hätt.
Kloer hänkt oft villes mat villem zesummen – wien op toxeschem Terrain Bëtonswüste baut fir Geld ze maachen, dréit ganz kloer zum ökologeschen Albdram bäi. Well d’Stéck awer just eng knapp Stonn dauert an op der Bün deelweis Choreographien, Dänz, Ghostbusters-Jingles an änlech Topegkeete stattfannen, bleift net vill Zäit, fir all dat, wat ugeprangert gëtt, ze verhandelen – wouwéinst dann eng ganz Rëtsch Ofkierzunge geholl ginn, déi et schwiereg maachen, d’Verwurrelungen tëscht de Sujeten ze begräifen. Esou wierkt déi u sech wichteg (an och richteg) Kapitalismuskritik am Endeffektt oft karikatural – wat an deem Sënn schued ass, well ee grad déi Monsteren, déi de Kapitalismus erop beschwiert, net mat iwwerflächlecher Kritik a mat platte Witzer bekämpfe kann.
Wat och stéiert, ass de pädagogeschen Duktus, dee mécht, dass ëmmer nees erkläert gëtt, wat eigentlech aus dem Stéck kloer ervirgeet – ganz, wéi wann een dem eegene Stéck oder, schlëmmer, dem Publikum net zoutraue géif, dat Politescht aus dem Pastiche vun enger griichescher Tragödie erauszeliesen. Och bei der Onomastik gouf sech relativ wéineg Méi gemaach: De Staat gëtt de Staatos, d’Monster vum Knascht den Dreckos, den Escher Kulturschäffen de Vampim Knaaf.
Schauspilleresch gëtt et däitlech Diskrepanzen tëscht den eenzelen Acteuren, woubäi ee muss bemierken, dass den zentralen Tandem Agora/Kaemmpfer duerchaus gutt funktionéiert, speziell, well hei e puer zeenesch Iddien – den Agora, deen aus lauter Gier eng Magnum Schampes quasi op Ex sëft – d’Hyperbole an d’Idiotie vun der Gloscht no Goss treffend ënnersträichen. Aner Passage wëlle witzeg sinn, suergen awer éischter fir Momenter vu Schimmt.
Déi eenzel Zeenen wierken ze vill nieftenee geprafft, et gëtt kaum Dramaturgie oder Spannungsbou an de Wiessel tëschent theoreteschem Ënnerbau, ergo dem didaktesche Passage mat Statistiken, Erklärungen a Kritik, a gespilltem Theater ass leider ebe genee esou wéineg subtil wéi d’Clochedorisatioun vum Süden. Am Endeffekt ass „Esch ass dout“ net Theorie genuch, fir déi Kapitalismuskritik ze sinn, déi Lëtzebuerg braucht, an net Theater genuch, fir déi Kritik an eng ästhetesch usprochsvoll Form anzepaken.
Info
D’Stéck leeft nach en Donneschden, e Freiden an e Samschden um 20.00 Auer, ass awer a priori ausverkaf. Wien dohi geet, soll u waarmt Gezei denken.
Iwwerall an der Foussgängerzon hänke Plakater mat 'Esch ass dout', mol eng Kéier wou ee menger Meenung ass. ?