De Samuel Hamen war scho virun der Verëffentlechung vu senger éischter Erzielung keen onbeschriwwent Blat am Mikrokosmos vun enger lëtzebuergescher Literaturzeen, déi hien och a sengem Buch kritesch an humorvoll erwäänt. Ëm wat et soss a sengem Buch geet, wéi relevant (lëtzebuergesch) Literatur haut nach ass a wisou kee Wierk, dat hei am Land spillt, ouni Autoe kann auskommen – dat huet hien eis op enger Terrasse zu Heidelberg verroden.
Ongeféier 50 Joer nodeems de Poststrukturalismus erkläert huet, den Auteur wier dout, ginn et zu Lëtzebuerg eng Rëtsch Verwiesselungsgeschichten, déi op d’Austauschbarkeet vun der Persona vum Auteur hindeite kéinten. Net just gëtt den Nico Helminger mat sengem Brudder dem Guy verwiesselt, nee, och de jonken Auteur Samuel Hamen huet un enger ähnlecher Konfusioun misse leiden. Virun e puer Méint huet eng wëllfriem Persoun mech op dat éischt Buch vum Samuel Hamen ugeschwat a gemengt, et wier net immens gutt. Déi Persoun géif en plus dem Auteur seng Mamm kennen a wier iwwerzeegt, si hätt Deeler vum Buch matverfaasst. Wéi ech de Samuel Hamen zu Heidelberg getraff hunn, wou de jonken Auteur u senger Dokteraarbecht iwwert den Thomas Kling wierkelt, hunn ech hie mat där Anekdot confrontéiert. Dee schmuelen, schlaksegen Auteur, deen, esoubal en eng Mutz undeet, e bëssen ausgesäit, wéi wann hien aus engem vun deene «Wo ist Walter?»-Kannerbicher entlaf wier, fir net fonnt ze ginn, huet just kuerz gelaacht. Den Oscar Wilde sot bekanntlech emol: Egal ob am Gudden oder am Schlechten, Haaptsaach et gëtt vun der geschwat.
«V wéi vreckt, w wéi Vitess» ass dem Samuel Hamen, deen an der Literaturzeen duerch sëllechen Artikelen (am Land, bei der Zeit Online, an diverse Kulturbäilage vum Tageblatt) scho säit laangem fir Opmierksamkeet suergt, seng éischt méi laang Erzielung. D’Buch erzielt an zéng Kapitele vum Devid Risch senger e bësse verschassener Existenz, déi en haaptsächlech mat onrouegem Ronderëmtrëppelen, dem Ophuele vu Voice Messagen un de Guy Helminger a laange Seancë beim Dr. Coster verbréngt.
Dem Devid Risch, deen tatsächlech esou heescht (et ass keen Tippfeeler, deen dem Verfaasser vun dësen Zeilen oder engem Lapsus an eiser Korrektur unzekräide wier), seng Vergaangenheet ass nämlech, säit a senger Famill plus ou moins all Mënsch gestuerwen ass, net onbedéngt eng Success Story, wéi se haut jiddereen erziele wëll. «Ech hunn esouguer dräi oder véier Stierffäll erausgeholl – well ech gemierkt hunn, dass et der einfach ze vill waren.»
Dobäi kënnt, dass d’Struktur vun der Erzielung ëmmer e bësse schif ass – während senge Seancë mécht den Erzieler dem Dr. Coster d’Liewe bewosst schwéier, well hie sech fir seng Seancen ëmmer nees Erzielungen a Spréch zerechtleet. Ewéi wann hie seng Therapie méi als verbal Schachpartie ewéi als méigleche Wee zur psychescher Gesondheet géif gesinn. Doranner erënnert den Devid Risch dann och e bëssen un dem David Foster Wallace säin Hal Incandenza, dee sengem Therapeut och ëmmer just dat fiddert, wat d’Psychanalyse sech grad erwaart.
Erzielen ass Manipuléieren
«D’Iddi, fir net vun A no B ze erzielen a fir mat Stéierungen an der Narratioun opzewaarden, leeden ech doraus hier, dass et momentan eng relativ kitscheg Manéier gëtt, ze erzielen. D’Konzeptualiséierung dovunner, wat eng Erzielung ass, ass den Ablack zimlech banal: Jiddweree muss sech selwer fillen, fir sech selwer kënnen ze erzielen, sech selwer erzielen, fir sech selwer kënnen ze presentéieren. Jiddweree brauch haut eng eege Geschicht. Ech wëll dat net als idiotesch ofdinn, mä einfach weisen, dass et guer net esou einfach ass, sech selwer ze erzielen. De Versuch, eng Kohärenz am Liewen ze erreechen, andeems een sech et erzielt, dat wëll ech problematiséieren. Et gëtt momentan eng Reklamm vu Lotto, déi ‹Erzähl dich selbst› als Slogan huet – wat suggeréiert, dass ee muss Erfolleg gehat hunn, fir sech an enger Geschicht dierfen ze veréiwegen. Dass et eréischt dann intressant ass, säi Liewen an den Deeg vun enger Geschicht ze knieden. Dofir wollt ech mäi Personnage scheitere loossen – fir gläichzäiteg och ze weisen, dass et vläicht net néideg ass, sech selwer ze erzielen», erkläert den Auteur.
Wann de Samuel Hamen bis un d’Rulle kënnt, da leeft de Motor, fir an dem semantesche Feld vun der Vitess ze bleiwen, op eemol op Héichtouren. Während mir zu Heidelberg op enger Terrasse sëtzen – mir wäerte gläich mussen eragoen, well d’Gespréich sech agreabel zitt an d’Serveuse wuel fäert, dass mer op engem Méindegowend mat eisem literaresche Gebraddels d’Nopere stéieren –, erënnert sech de Samuel un zwee Interviewen, déi hie kuerz hannertenee gelies huet. Deen éischte war mam T.C. Boyle, deen zweete mam Tom McCarthy. Déi zwee ware sech eens: Literatur ist Verführung.
«An dat stëmmt: Et gëtt ëmmer eppes Manipulatives an der Literatur. Well een dem Lieser jo wëll virmaachen, dass eppes ass, wat effektiv net ass. A menger Erzielung dreiwen ech dat op d’Spëtzt. Well den Devid net ëmmer ganz éierlech mam Dr. Coster ass. An och net mam Lieser. D’Lieserschaft muss sech selwer d’Fro stellen, ob dat stëmmt, wat hir erzielt gëtt. An deem Sënn gëtt et duerno eng Aart politesche Message – dee seet, dass een sech net alles soll erziele loossen.»
E puer Sätz, déi fonkelen
A senger Erzielung hu mer also eng Figur, déi net total zouverlässeg, awer och net total onzouverlässeg ass – well et dem Samuel Hamen net ëm Kategorië geet, mä dorëms, Kategorië wibbelen ze loossen.
«Et geet drëms, de Lieser op der Säit ze behalen – duerch eng spannend Geschicht oder intressant Personnagen – an am selwechten Ablack eppes eranzeschmuggelen – ee kriteschen Ament, eng Reflexioun, iwwert d’Form zum Beispill, déi iwwert den Entertainment erausgeet. Dat ass fir mech déi grouss Erausfuerderung un d’Literatur. Mä et geet och dorëms, 134 Säiten ze schreiwen, fir dertëscht dräi oder véier Sätz ze hunn, déi wierklech wouer sinn. Sätz, déi da glënnere kënnen, well se schéin, absolut oder wouer sinn. Déi Passagë kënnen awer och just fonkelen, well s de de Rescht ronderëm hues.» A verschiddene Passagen entwéckelt de Samuel eng Aart Metaphysik vun der Technologie – Messagen, déi op engem Kanal defiléieren, deen net méi kann opgeruff ginn, eng Black Box als Raum vu purem Text, eng Residence, déi vun engem Grousscomputer am Keller kontrolléiert gëtt. Um Ufank vum Buch erwäänt hien déi SMSen, déi während der Sendung «Planet RTL» ënnen um Ecran ofgelaf sinn, a stellt sech vir, dass déi Noriichten nach ëmmer op engem Kanal, deen et net méi gëtt, an d’Eidelt eralafen.
«D’SMSe si brav an zouverlässeg vu lénks no riets gelaf, ëmmer nees, ëmmer weider, d’sechst Schouljoer zu Réiden krut Moie gesot, cool Leit ënner 16 sollte sech ënner 091 766 415 mellen an de Luc an de Jeff aus der 7ième 3 sinn déi schéinste Jonge vun der ganzer wäiter Welt. An ëmmer sinn d’SMSen zum Schluss um Bord verschwonn, wéi wa se an ee Schlond gefall wieren, fir dann awer wéi Geeschter nees opzetauchen, zwee, dräi, véier Mol. Heiansdo, wann ech ‹Lemon Tree› nees héieren oder a Réiden erafueren, froen ech mech, op all déi SMSen archivéiert goufen, ob se vläicht esouguer haut nach weiderlafen, op enger geheimer Frequenz, déi mir net empfänke kënnen, ee Witz vun engem RTL-Techniker, opgesat zwee Deeg viru senger Pensioun, a wann ech dann dorunner denken, un all déi Messagë vu viru sou ville Joren, dorunner, wéi se duerch een eidelt Bild lafen, mat Nummeren, déi et net méi gëtt, mat Nimm vu Leit, déi vläicht dout sinn, mat Léiften, déi zerspronge sinn, wann ech dat alles probéieren, an enger Sekonn zesummenzedenken, déi deemoleg Loscht um gudde Liewen, da bascht mir bal de Kapp vrun Trauregkeet.»
Eng technologesch Metaphysik
«Déi Iddi vun den RTL-Messagë fannen ech immens romantesch», seet de Samuel. «An et ass eng Virstellung, déi mech immens tréischt – dass déi Géigewaart vun deemools nach iergendwou existéiert. D’Konzept vun engem technologesche Raum, dee späichert, ouni musse vu Mënschenhand – a vun der sou mënschlecher Sënnstëftung – beaflosst ze sinn an dee fir sech stoe kann: Dat ass fir mech een utopesche Raum, deen e bëssen der Situatioun vun der Therapie widderschwätzt, well do all Wuert ëmmer ee Sënn muss maachen.»
De Samuel Hamen war laang Zäit och Literaturkritiker fir Luxemburgensia an huet am Journal eng sëllechen Auteuren interviewt. Zënter datt hie selwer vun der rezeptiver Positioun vum Kritiker op déi kreativ Stellung vum Schrëftsteller gewiesselt huet, verfaasst hien allerdéngs keng Kritike méi iwwer lëtzebuergesch Literatur. «Ech si frou, un der Dynamik, déi am Moment an der Literaturzeen existéiert, deelzehuelen – via d’Frankfurter Buchmesse, zum Beispill – mä ech si frou, net méi musse vu baussen ze kommentéieren an ze kritiséieren. Ech empfannen dat als eng Aart Befreiung. Déi ganz Kritikerzeen zu Lëtzebuerg gëtt iergendwann ze gemittlech, an doduerch redundant – an Däitschland ass d’Iddi vu Kritik historesch a strukturell vill méi etabléiert. Do gëtt et Kritiker an Auteuren, an dertëscht ass eng kloer Trennlinn. Am angloamerikanesche System ass et de Géigendeel – do vermëscht sech alles. Ech gesinn déi strikt Rollentrennung mëttlerweil manner dogmatesch. Mä éierlech gesot: Dëst Joer si bis elo wéineg Wierker bei eis am Land erauskomm, déi ech Loscht gehat hätt, ze rezenséieren.»
Vollgepaakt mat Referenzen
Dass de Samuel Hamen scho laang Deel vum Mikrokosmos vun der lëtzebuergescher Literaturzeen ass, mierkt een och senger Erzielung un: Eng «Désoeuvrés»-Liesung am Café-Théâtre Rocas mam Tullio Forgiarini steet direkt um Ufank vum Buch, ee Kölner Schrëftsteller kann ee relativ séier als de Guy Helminger identifizéieren an iergendwann trëppelt och ee goueregen Typ mat ronne Brëlleglieser duerch d’Stad a grommelt Wierder an een Handy – den Tom Nisse ass wuel grad amgaang, «Une vérification de l’origine» ze verfaassen.
«Ganz genee», mengt de Samuel. «Ech hu souguer den Datum vun der Handlung duerno ugepasst, fir dass meng Haaptfigur deen nämmlechten Dag duerch d’Stad leeft ewéi den Tom Nisse – dee säi Buch schliislech och datéiert huet – a fir dass déi zwee sech esou kënne begéinen – oder zumindest laanschteneelafen.» Dat Verwësche vun de Grenzen tëschent der Fiktioun ass ee literarescht Spill, dat fir de Kenner vun der Literaturzeen immens intressant ass – an awer kéint et riskéieren, all déijéineg, déi de klenge Milieu net kennen, ze desorientéieren.
«Ech wollt dofir een duebelt Buch maachen, ee Buch, dat een op zwee Niveaue liese kann, ouni dass esou eng Hierarchie sollt entstoen – d’Buch soll och ze verstoe si fir déi, déi den Tullio Forgiarini an d’Claudine Muno net kennen. Well déi Passagen an engem generelle literareschen Zirkus opgehuewe ginn: Et soll ee Gefill dofir ginn, wéi Liesungen oflafen, wéi eng Motiver d’Leit hunn, fir ze liesen an ze schreiwen. Ech hunn den Androck, dass zu Lëtzebuerg de Virworf vum Elitarismus méi séier nach wéi an anere Länner gemaach gëtt. Ebe grad esou Reprochë wollt ech verhënneren. Well engersäits hunn ech Angscht, ze plakativ ze schreiwen. Dat huet dann als Géigewierkung natierlech, dass een duerno fäert, ze kryptesch ze sinn.»
Nieft enger Trilogie an de «Cahiers luxembourgeois» ass «V wéi vreckt, w wéi Vitess» dem Samuel seng éischt méi substantiell – am Sënn vun hirer Längt – literaresch Produktioun. Stellt sech also, wéi fir all nationalen Auteur, déi éiweg (an ëmmer nees passionant) Fro vun der Sproochwiel – dem Samuel seng journalistesch Produktioune virdru waren op Däitsch an op Lëtzebuergesch, wouwéinst déi zwou Sproochen a Fro komm wieren.
Eng Saach vun der Präzisioun
«Um Ufank gouf et eng zwou Zeenen, déi op Lëtzebuergesch geschriwwe goufen. Et war als éischt eemol en Test: Wéi débrouilléieren ech mech, deen net säit Joerzéngte mat der lëtzebuergescher literarescher Sprooch a Kontakt war, fir ee literareschen Text op Lëtzebuergesch ze schreiwen? D’Iddi war och, dass ee sech eng eege Sprooch erschafe kann. Op Däitsch bass de eventuell méi begrenzt well s de esou vill gelies hues – well s de deng Lektüre scho gemaach hues, déi dech (méi oder manner onfräiwëlleg) inspiréieren. Dohir gëtt et am Lëtzebuergesche zwar méi Fräiheeten, mä och ee gewëssent Konfliktpotential: Bestëmmten Zeene, Schreifweisen, Ausdréck muss een sech als éischt eemol erschafen. Wichteg war fir mech de präzisen Ëmgang mat enger literarescher Sprooch. Déi Präzisioun an der Kommunikatioun feelt mer hautdesdaags nämlech ëmmer méi.»
Et ass dës Präzisioun, déi och den Erzieler, den Devid Risch, deem seng Elteren et an der Wiel vum Numm effektiv wuel net esou genee mat der Sprooch geholl hunn, ausmécht: Wéi hien an enger Dageszeitung liest, dass de gekäppte Kierper vun enger Joggerin «an einem Stahlseil gebaumelt» hätt, reegt hien sech immens iwwert d’Verbwiel op: «Kannerféiss baumele vu Still erof, okay, vu mir aus baumelt och d’plätschnaass Wäsch un der Léngt, wann ee Loftstouss doduerch geet, awer ee Kierper, denken ech mir, ee gekäppte Kierper (…), dee baumelt dach net einfach sou ronderëm.»
«V wéi vreckt, w wéi Vitess» läit ënnert Manuskriptform schonn eng Zäitche fäerdeg am Tirang. Bis d’Buch dunn endlech erauskomm ass, ass eng gewëssen Zäit vergaangen. Am Text gëtt et eng gewëssen Exubérance an de Biller, déi normal ass fir ee jonken Auteur, dee wëll weisen, wat hien alles kann. De Samuel gesäit dat ähnlech: «Natierlech ass et ee Show-off-Buch. Bei engem neie Projet – een anere lëtzebuergeschen Text –, un deem ech grad schaffen, halen ech mech mat de Biller vill méi zréck, versichen, se besser ze doséieren, se méi präzis ze setzen an och dofir ze suergen, dass dat eent Bild deem aneren net widderschwätzt. Am neie Projet gëtt et manner Metapheren, déi dann awer nach méi schif sinn.»
Nieft dem metapherräichen Text fënnt een am Buch awer och eng verschachtelt Skizz vun enger post-apokalyptescher Fiktioun, déi de Risch dem Helminger (Guy) op Band schwätzt– an eng Rei vu Fotoen, déi verschiddenen Elementer vun der Erzielung verdäitlechen. Och hei wierkt d’Buch duerchgedronge vun Technologie – well ee keng zäitgenëssesch Reflexioun iwwert eis Existenzen an d’Positioun vun der Literatur an dësen Existenze ka féieren, ouni den technologesche Paradigmewiessel mat anzebauen.
«Et gëtt momentan eng bëlleg a falsch Loscht un der Apokalyps, et existéiert eng dystopesch, dekadent Loscht un dem Enn vun der Welt. Ech wollt déi Loscht engersäits affirméieren – ech gesinn dat jo och, dee momentane Verfall –, mä se awer och kritesch analyséieren. Beim Risch ass dëse Besoin no der Apokalyps engersäits psychologesch, well en net eens gëtt, mä och topologesch, well en zu Lëtzebuerg net eens gëtt.»
Den Auto als lëtzebuergesch Obsessioun
«Wat elo d’Fotoen ubelaangt: Gutt Géigewaartsliteratur ass virun allem Formreflexioun. A sou muss ee kucken, mat wat Literatur konkurréiere muss – mat Online-Serien, mat dem Internet. Ee kuerzt Beispill: Bei Zeit Online huet een Artikel, bei deem ech matgewierkt hunn, et no fënnef Deeg an d’Top 5 vun de meeschtgeliesene Kulturartikele gepackt. Dunn ass en Artikel iwwert «Die besten Serien im Juli» verëffentlecht ginn – an deen huet bannen zwielef Stonnen de Buch-Artikel getoppt. Et muss a soll een säi mediale Kontext ëmmer matdenken. Et geet ëm de Bonus vum Text vis-à-vis vum Bild an ëmgedréint.»
Mir sinn entre-temps gebiede ginn, eis eranzesëtzen. Banne leeft iergendeen austauschbaart Lidd um Radio, dat ech net identifizéiert kréien. Baussen héiert een d’Autoe laanschtjauwen, et ginn der ëmmer manner, well zu Heidelberg ee Méindegowend éischter u Lëtzebuerg wéi u Berlin erënnert. Wat mech drun denke léisst, dass den Auto an d’Vitess zentral Elementer vum Samuel senger Erzielung sinn. «Ech kenne kee Land, dat méi obsedéiert mat Autoen ass wéi Lëtzebuerg – an dat ass kee Kompliment. Et ass dee Moment scho bal organesch, dass d’Autoen eng Roll am Buch spillen. Eist Land ass esou materialistesch, dass et bal net geet, eng lëtzebuergesch Geschicht ze erzielen, déi ouni Auto auskënnt.»
Wou de Samuel sech a fënnef Joer gesäit – eng vun de langweilegen Textbuchfroe fir oninspiréiert Journalisten –, froen ech hien eleng dowéinst net, well hien, soubal d’Thema vu senge kommende Projeten opkënnt, ofwénkt: «Entrepreneur culturel fannen ech ee ganz fuerchtbaart Wuert. Ech wëll mech net als ee gesinn, wëll kee Plang opstellen, a wéi eng Richtung ech mech entwéckele muss oder soll – wéi wann eng Produktiounssteigerung erwënscht wier.»
Eng erfrëschend Attitüd an enger Zäit, wou ëmmer méi verlaangt gëtt, dass de Kënschtler sech als Entrepreneur soll gesinn. «D’Konscht projezéiert een eegenen ästhetesche System. Ebe grad an deem System kann ee sech nach géint d’Ideologie vum Marché wieren – wouwéinst ech d’Fro, wou ech mech a fënnef Joer gesinn, mat engem defätistesche Schmonze beäntweren. Vläicht hunn ech näischt, vläicht hunn ech dräi Bicher erausbruecht.» Loscht hätt de Samuel un enger Graphic Novel – wéinst der Hybridiséierung vun de Formen.
Et bleift op alle Fall eng spannend Zäit fir jonk Auteuren: «Et gouf keng besser Zäit, fir ze probéieren, zu Lëtzebuerg Literatur ze schreiwen. Et gëtt eng Loscht, eng Dynamik, an du hues Acteuren, déi motivéiert sinn. Mä et geet och elo net drëms, dat just pauschal ze glorifizéieren – et gëtt ëmmer gesot, a widderholl, et wier alles wibbeleg. Mir ass d’Praxis dohannert wichteg – wat wierklech méiglech ass.
Natierlech ass et och eng naiv Iddi, ze mengen, datt et elo eng grouss strukturell Literaturoffensiv gëtt, just well et elo Frankfurt a méi jonk Auteure gëtt. Et freet ee sech schonn, wann iwwerhaapt eppes geschitt. Ech sinn do vläicht op eng desillusionéiert Manéier pragmatesch. Et gëtt keng grouss Lieserschaft fir Luxemburgensia an déi wäert et fir mech och ni wierklech ginn. Et sief dann, et wier am Kader vum Opkomme vun engem nationalistesche Gefill. Mä wann aus deem Grond méi Leit mech géife liesen, wéilt ech dat iwwerhaapt net.»
Op dës pragmatesch Astellung hu mer kuerz mat eisen Espresso-Tasen ugestouss, éiert de Restaurant eis an d’Heidelberger Nuecht entlooss huet.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können