D’Virband, It It Anita, huet hir Saach net schlecht gemaach, mat Momenter huet se souguer, wéi eis Fotografin nieft mer et bemierkt huet, éiert ech konnt erausfannen, ob ech déi Referenz selwer och erausfonnt hätt, no Sonic Youth geklongen, vum Kim Gordon war awer leider keng Spuer op der Bühn, wou just e puer immens jonk Fransouse stoungen.
Dat huet mech drun denke gelooss, dass verschidde Bands esou een ausgeprägte Stil hunn, dass och nëmmen een Akkord, gekoppelt mat enger Klangausrichtung vun der Gittar, duergeet, fir dass ee sech seet: “Dat do kléngt (wéi an dësem Fall elo) no Sonic Youth.”
Duebel besate Rockhal
Wéi ech dat zu Enn geduecht hunn, war de Concert vun It It Anita och schonn eriwwer, duerno hunn ech erausfonnt, dass ech net deen eenzegen am Sall war, dee fonnt huet, Mutiny on the Bounty wieren am Endeffekt awer déi méi interessant a passend Virband gewiescht. Dofir kruten awer zwee vun de Jonge vu Mutiny Merci gesot vun And So I Watch You From Afar, déi mer gëschter net vu wäit mä vu ganz no gesinn hunn, wat ënnert anerem dorunner louch, dass de Sall immens eidel war.
Ganz am Géigendeel dozou war de groussen Hall d’accueil immens gefëllt, an ech hu mech am Ufank, wéi ech erakomm, kuerz gewonnert, dass eng kleng iresch Post- oder Mathrockband esou vill Uklang sollt fannen, bis ech mech dorun erënnert hunn, dass gëschter d’Rockhal nees ee vun de méi groussen Atelier-Concerte gehost huet, an d’Hanna Reid mat London Grammar drop an dru war, am grousse Sall niewendrun ee Concert ze ginn. Ech war och an der falscher Entrée gelant, an déi sympathesch Madame vum Atelier huet mer ganz frëndlech gesot, hei wier net d’Schlang fir séieren, knaschtege Mathrock (genee esou huet se dat net gesot, mä et ass doropper erausgelaf).
14 Variante vum Postrock
Vum schnelle, kantegen, präzis gespillte Mathrock gouf et da säitens And So I Watch You From Afar, déi mer ab elo just nach ASIWYFA nennen, well den Artikel soss vill ze laang gëtt, dann och während enger 90 Minutten 14 Déclinaisounen, woubäi et direkt lassgaangen ass mat engem vun hire beschte Songs (wie mer elo widderschwätzt, dierf mer gären eng Mail schreiwen, ech wäert meng Meenung dozou net méi an dësem Liewen änneren, vläicht da méi spéit emol): “Search:Party:Animal” huet ee clevere Riff, dee wonnerbar schmësseg duerch d’ganzt Lidd a verschiddene Varianten opgegraff gëtt an ass eigentlech de perfekten Opener, mat dem ech, wier ech Deel vun ASIWYFA an hätt souvill Talent wéi d’Jongen, och all Owend géif opmaachen – et ass an deem Sënn e bëssen ze vergläiche mam klassesche Mutiny-Opener-Diptyqiue “The Long Loud Silence/North Korea”.
Op der Sich no den iresche Partydéieren
De Bassist, deen an der Mëtt vun der Bühn steet, gesäit nach ëmmer aus wéi den Nick Olivieri, deen esou laang bei de Queens of the Stone Age mat dobäi war, bis e souguer fir dem Josh Homme, selwer keen onbeschriwwent Blat en la matière, seng Verhältnisser zevill Droge geholl huet an deen en erausgehäit huet. Passenderweis steet an der éischter Rei och een Typ mat engem QOTSA-T-Shirt. Kuerz drop ass ee Security-Schmit-Männi duerch d’Reie gaang an et wousst een net, well eben alt just gefillten 123 Leit am Sall waren an déi all immens roueg an disziplinéiert waren, wisou en da lo sech géif ënnert d’Leit mëschen. Vläicht wollt e just seng Security-Autoritéit ze spiere ginn, vläicht hat en no dem immense “Search:Party:Animal” (déi Hypothese gefällt mer besser) Loscht, e bësse matzedanzen. Oder en huet d’Partydéier am Publikum gesicht.
D’Setlist duerno war schéin homogen an demokratesch, vläicht en Tick ze vill: All Plack krut bal genee dräi Songs Zäit, ze weise, wéi gutt se ass (fir déi, di wëllen norechnen: ASIWYFA hu fënnef Alben an se hu 14 Songs gespillt). Dat géif eigentlech och ganz an d’Rei goen, wann d’Band hiren neien Album scho getourt hätt an se op der Tournée duerno eng Aart Best of wéilte spillen. Leider ass hiren neien Album nach guer net laang eraus, an et ass e bësse schued, dass se vun deem just “A Slow Unfolding of Wings” (ganz klasseschen ASIWFY), “Terrors of Pleasure” an den Album-Highlight “Dying Giants”, dee schéin danzbar a vertrackt opgebaut ass, spillen.
(On)natierleche Selektiounsmechanismus
Esou wierkt et éierewéi, wéi wann se den natierleche Selektiounsmechanismus, dee mécht, dass eng Band no e puer Joren aus alen Alben ëmmer déi dräi bescht an erfollegräichst Songs spillen, scho vollzunn hätten, éiert se de Lidder vum neien Album iwwerhaapt d’Chance ginn hätten, de Live-Examen ze bestoen (dobäi hätt ee ganz gären héieren, wéi Tracks wéi “All I Need is Space” oder “Mullally” live fonctionnéiert hätten).
Dovun ofgesinn ass de Concert wierklech gutt, all Instrumentalist weess genee, wat e mécht, alles sëtzt, d’Auswiel vun den Tracks vun de véier éischte Placken ass treffsécher, och wa vum éischten a vum zweeten Album nach e bësse méi hätt kënne gespillt ginn, bei verschidde scho méi ale Favorite beherrscht d’Band d’Material blann, esou dass se sech och trauen, ee Song wéi “Set Guitars to Kill” mat engem luesen, jazzy Intermezzo auszebauen. Am Allgemenge gëllt Folgendes: ASIWYFA sinn nach ëmmer eng vun den hyperaktivste Postrockbands, hir Energie ass nach ëmmer erfrëschend, och wann een am Laf vum Concert mierkt, dass d’Formel, déi se während den zwou éischte Placken opgesat an ausgebaut hunn, op den dräi Alben duerno net méi schrecklech villen Ännerungen ënnerzu ginn ass. Wat eigentlech grad dann egal ass, wa Lidder wéi Wasps oder “Eunoia/Big Things Do Remarkable” nees weisen, wéi flott et ass, de Kapp e bëssen zu komplexer Musek affirmativ ze rëselen.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können