Headlines

LuxemburgensiaMam Kapp duerch d’Mauer: „Schnatt“ vum Guy Rewenig

Luxemburgensia / Mam Kapp duerch d’Mauer: „Schnatt“ vum Guy Rewenig

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

No sëllege Kuerzgeschichtebänn fënnt de Guy Rewenig mat „Schnatt“ esouwuel zum Roman wéi och zum kuerze Buchtitel zeréck a schreift eng Zort maskuline Familljeroman iwwert zwee Männer, déi vun der zäitgenëssescher Welt iwwerfuerdert sinn – an, jiddwereen op seng Aart a Weis, an der Radikaliséierung eng nei Form vu Sënn an Identitéit gesinn.

No „Déi bescht Manéier aus der Landschaft ze verschwannen“, „Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns“ an „Den Här Müller spréngt iwwert säi Schied a land am Guinnessbuch“ huet „Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger de Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk“ d’Konzept vun de Kuerzgeschichtebänn mat den extrem laangen Nimm souwuel op d’Spëtzt gedriwwen wéi och ausgereizt.

Mat „Schnatt“ fënnt de Guy Rewenig zeréck zu der Roman-Form, mat där den Auteur an den 80er zur Entsteeung vum lëtzebuergesche Roman bäigedroen huet. De Schnatt steet dobäi gläichzäiteg fir déi déif Wonnen an dem Liewen vun den zwou Haaptfiguren – den Nikla verléiert mat néng Joer seng Mamm a souwuel hien wéi säi Papp, de Wittmann Leo Schummer, erliewen eng Rëtsch Erniddregungen, déi ni ganz verheelen an déi zu enger Radikaliséierung vun hire Positiounen a Meenungen féieren –, wéi och fir dee gesellschaftleche Schnatt, deen de Roman no an no beschreift.

Soziologie vun der Bréifkëscht

Well d’Mamm ze schwaach ass, fir de Bouf ze „zillen“, hëlt de Leo säi Fiss mat op d’Bréifdréieschtournée duerch Tilt – eng fiktionaliséiert Versioun vun Esch, e bësse wéi Bjørnstadt am Tomas Bjørnstad sengem „Von der schönen Erde“ – an triichtert deem Klenge säi Sënn fir Disziplin an – „ee Bréifdréier geet ëmmer riichtaus, Nikla“.

Gläichzäiteg kritt de Bouf, fir deen d’Pappefigur nom Dout vun der Mamm ëmsou méi wichteg ass, ee klengen Abléck an den Tilter Mikrokosmos: Net just gëtt den Zoustand vun der Bréifkëscht zum soziologesche Studienobjet („eng Bréifkëscht ass dach eppes wéi eng Visittekaart“), d’Päkelcher, déi et ze verdeele gëllt, erlaben et och, éischt Interaktioune mat de meeschtens onfrëndlechen, gehässegen oder gläichgültegen Tilter Matbewunner ze erliewen.

A senger Fräizäit fiert de Leo mat sengem Bouf an en Naturschutzgebitt hannert der Grenz, fir do Päiperleke kucken ze goen. Soss war dat just „opdrénglecht Gedéiesch“, zanter dem Dout vu senger Fra ass allerdéngs all Virwand gutt, fir sech op aner Gedanken an de Bouf vun der Strooss ze bréngen.

No engem Virfall mat dräi bedrolechen Typpen hunn d’Päiperléken allerdéngs, genee esou wéi der Erzielung hiert Interessi un dem Nikla senger Kandheet, ausgedéngt – am zweete Kapitel steet de pensionéierte Papp a senger Uniform, déi längst „aussortéiert“ ass, am Postbüro. De Leo versteet ëmsou manner, wéisou verlaangt gëtt, dass en dat alt Kleedungsstéck doheem léisst, well hien an enger Aussewelt, déi ëmmer méi am Chaos a Laxismus versénkt, seng Uniform als Symbol fir Respekt an Autoritéit gesäit.

Ee senile Batman

Ewéi ee faschistesche Justicier, eng Zort senile Batman, patrulléiert hien, e bësse wéi wann hien den eenzegen an einsame Member vun enger Biergervereenegung wier, mam Fotoapparat an der rue de la Fonderie, well do Raudien sech net un d’Vitesse-Limitt vun 30 km/h halen, keeft sech en Helm an Tréinegas fir seng „Nuetsschicht“ oder sprayt Autoe vu Chauffeuren, déi net am Parkverbuet stinn.

Ewéi sou oft sinn dem Rewenig seng Figure Knouterer, Tockskäpp, déi léiwer mam Kapp duerch d’Mauer rennen, wéi dass se sech agestoen, dass hier Stuerheet se op den Holzwee vun der Radikaliséierung an dem Friemenhaass féiert. Wéi wéineg hier Weltvisioun mat der Wierklechkeet dobaussen ze dinn huet, wëlle si sech net agestoen; well dem Rewenig seng béid Haaptfiguren awer onzouverlässeg Erzieler wéi aus dem Narratologie-Billerbuch sinn, gi si ëmmer nees an den Dialoger vun Niewefiguren entlarvt, wa se hiert Selbstbild net grad selwer sabotéieren.

Esou gëtt dem Leo Schummer seng Abildung, him seng Roll als Bréifdréier wier et, fir Recht an Uerdnung ze suergen, vun Ufank un duerch de gehässege Kommentar vum Här Schuringer entlarvt. Doriwwer erstaunt, dass de Leo säi Bouf mat op d’Tournée hëlt, seet den Tilter Bierger: „Kuck do, ech hat bal geduecht, de Sheriff wier e Meter méi kleng ginn.“ Net nëmme hëlt de Schuringer dem Leo säin Autoritéitsfimmel op d’Schëpp, säi Saz deit zousätzlech un, dass Papp a Bouf sech änele wéi eng Drëps Waasser där anerer.

Nodeem den Nikla net just seng Schaff als Duscheverkeefer bei Sanitaire Bertani verléiert, mä och nach vum Nathalie verlooss gëtt, probéiert hien, natierlech net ouni ze knouteren an ze fluchen, nees Fouss an der Gesellschaft ze faassen – andeems e beispillsweis fir de Beruff vum Concierge am Hotel de la Montée postuléiert, sech do mat debille Froebéi plot, éiert en d’Handduch werft a sech genervt freet, wat Touristen iwwerhaapt an deem ellenen Tilt verluer hunn: „Wat soll da visitéiert ginn? Déi schéinsten Dreckslächer? Déi verschassenst Quartieren?“

Déi schéinsten Dreckslächer

Déi verschidden Ofsoen, déi e stänneg kritt – hei erënnert de Roman e bëssen un dem Julien Prévieux seng immens „Lettres de non-motivation“ – sammelt hien an engem Classeur, deen e mat op d’Aarbechtsamt schleeft, wou d’Madamm Langers en iergendwann an ee Seminaire am Palais du calme schéckt – wat fir hien näischt anescht ass wéi en „Decknumm fir ee Geckenhaus“. Ugëeekelt vun der alldeeglecher Verdommung an de verstoppten Erniddregunge vun der Aarbechtswelt, gëtt den Nikla ëmmer méi, ganz wéi säi Papp, zu engem marginale Knouterer – an hëlt um Schluss als Immobilienhändler seng Revanche.

Et ass an dëse Passagen, wou dem Guy Rewenig säi bëssegen Humor zu intelligente sozialkriteschen Analysen féiert, déi weisen, wéi sozial Exklusioun de Radikaliséierungsprozess vu senge Figuren ausléist.

Well dem Nikla seng Rhetorik ëmmer méi där vum Papp änelt, déi en um Ufank vum Roman nach lächerlech mécht, verschmëlze Papp a Bouf heiansdo bal zu enger eenzeger Figur, sief et, well de Lieser eng Zäitchen net sécher ka sinn, wie vun deenen zwee sech grad an d’Uniform vum Erzieler geschlach huet oder well een an der narrativer Konstruktioun, déi oft op indirekt Ried zeréckgräift, heiansdo aus den Ae verléiert, wie grad schwätzt. Geschéckt stellt de Rewenig esou d’Fro vun dem Zesummeschaffe vu genetescher a sozialer Konditionéierung an der Entwécklung vun engem Mënsch.

Op engem strukturelle Plang wierkt „Schnatt“ leider e bëssen ze oft, wéi wann den Auteur eng Rei kuerz Texter ronderëm zwou konsistent Figure gesponnen hätt. Dass de Roman wéineg Dramaturgie huet, net ëmmer chronologesch verfiert a seng fragmentéiert Form och duerchaus semantesch legitim ass, well hei enger Figur hir Existenz op d’Kopp gestallt gëtt, versteet sech duerchaus.

Heiansdo gesäit een awer ze däitlech de Schnatt tëscht de Kapitelen, dauche kleng Logikfeeler op – an iergendwou feelt et dem Roman dann awer un engem narrativen Iwwerbau, besonnesch géint der Enn, wou der Erzielung e bëssen d’Loft ausgeet an de fragmentaresche Charakter wierkt, wéi wann dem Auteur kee méi interessante Schluss agefall wier. Esou wierkt dat lescht Kapitel zwar wéi eng stëmmeg Kuerzgeschicht, gräift awer kee vun den Handlungsfiedem vu virdrun op. Nawell ass „Schnatt“ een duerchaus gelongene Retour zur Roman-Figur vum Meeschter vun de Kregéiler-Figuren.

Info

„Schnatt“ (Editions Guy Binsfeld, 352 Säiten) steet nieft „Von der schönen Erde“ vum Tomas Bjørnstad, „High Talks“ vum James Leader, „Tout devait disparaître“ vum Jérôme Quiqueret a „Chantiers du désir“ vun der Carla Lucarelli op der Shortlist vum Prix Servais, deen an den nächsten Deeg annoncéiert gëtt. De Guy Rewenig liest muer um 17.00 Auer am TNL zesumme mam Claude D. Conter am Kader vun der Liesung „Schnéiwäiss Männer“.