Headlines

Lëtzebuergesch léierenNimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?

Lëtzebuergesch léieren / Nimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?
De Carpaccio ass no engem italieenesche Kënschtler aus dem 16. Joerhonnert benannt Illustration: Editpress-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wousst Dir schonns, datt d’Wuert Silhouette e liewegt Virbild hat oder de Baxter aus der Klinik eigentlech eppes mat Amerika ze dinn huet? An dëser Serie, déi de Magazin am Tageblatt mam Dr. Sam Mersch, Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, erausbréngt, stelle mir Iech all Woch e puer nei Wierder an hiren Hannergrond vir. Dës Woch sinn d’Salade César, de Carpaccio, d’Kalaschnikow, de Cocktail Bloody Mary an de Schrappnell un der Rei.

Salade César

… d’Salade César nom Caesar Cardini benannt ass, deen e Kach a Besëtzer vu Restauranten a Mexiko an Amerika war, mee aus Italien ausgewandert ass? Hien huet dës Zalot anscheinend 1924 a sengem Restaurant (Caesar’s zu Tijuana/Mexiko) erfonnt, well him op engem Feierdag d’Zutaten ausgaang sinn an en dunn huet missen improviséieren.

Carpaccio

… de Carpaccio nom Vittore Carpaccio benannt ass? De Plat aus dënn geschniddenem réiem Fleesch (oder Fësch), Olivenueleg a Parmesan (an heiansdo och Trüffelen) ass 1963 vum Giuseppe Cipriani zu Venedeg erfonnt ginn. De Plat ass nom Carpaccio, engem italieenesche Kënschtler aus dem 16. Joerhonnert, benannt ginn, well dësen esou vill rout a wäiss Téin benotzt huet.

Kalaschnikow

… d’Kalaschnikow, also déi Zort Maschinnegewier aus sowjetteschem Ursprong, nom russeschen Ingenieur a Lieutenant général Mikhail Timofeevich Kalashnikov benannt ass? Dëst Maschinnegewier an anerer vun enger änlecher Bauaart sinn no him benannt, well hien den Original, eng AK-47, entwéckelt huet.

Cocktail Bloody Mary

… de Cocktail Bloody Mary no der englescher Kinnigin Mary I benannt ass? Wéinst senger Faarf ass de Cocktail, deen aus Vodka, Tomatejus a Gewierzer besteet, no der englescher Kinnigin benannt, déi am Volleksmond wéinst hire Persecutioune géint Protestante Bloody Mary genannt gouf.

Schrappnell

… de Schrappnell nom britteschen Offizéier Henry Shrapnell benannt ass? Hie gëllt als deen, deen déi Zort vun huele Granaten erfonnt huet, déi Schrappnell genannt ginn. Well dës Granaten huel sinn, gi se mat metallene Kugele gefëllt, déi bei der Detonatioun ronderëmgeschleidert ginn an dacks schlëmm Follge mat sech bréngen. Et ass dat, wat een am Volleksmond als Schrapnell versteet.