Algorithmus
… den Algorithmus no dem mëttelalterlechen Universalgeléierten, Mathematiker, Astronom a Geograf Muḥammad ibn Mūsā al-Khwārizmī benannt ass? Säin Numm, also al-Khwārizmī, deen dono als algoritmi latiniséiert gouf, huet hie kritt, well en aus Choresmien komm ass, enger Stad, déi haut an Usbekistan läit, zum al-Khwārizmī senger Zäit awer Deel vum Perserräich war.
Boycott
… d’Wuert Boycott nom britteschen Charles Cunningham Boycott benannt ass? Hie war am spéiden 19. Joerhonnert Landverwalter am Norde vun Irland a bekannt dofir, d’iresch Aarbechter a Piechter auszenotzen. Wéi dës es du genuch haten, hu se fir hie keng Servicer méi geleescht, se hunn e boykottéiert ‒ dohier kënnt also den Numm.
Cardigan
… de Cardigan, also déi Zort Pullover mat de Knäpp vir, nom James Brudenell, 7th Earl of Cardigan, benannt ass? Hie war e Generalmajouer vun der brittescher Arméi am Krimkrich um Enn vum 19. Joerhonnert an huet der Legend no dës Zort Pullover bekannt gemaach, déi dem wëllene Gilet, deen déi brittesch Zaldoten deemools unhaten, geglach huet.
Tupperware
… d’Tupperware nom Earl Tupper benannt ass? Hie war en amerikanesche Geschäftsmann an Erfinder, dee sech fréi a senger Karriär op Plastikprodukter spezialiséiert huet. Am Joer 1942 huet en den éischte Prototyp fir e Plastikscontainer hiergestallt. Eréischt 1946 awer huet e mat der Firma Tupperware Corporation seng Behälteren der Ëffentlechkeet virgestallt.
Bechamelszooss
… d’Bechamelszooss nom Louis Béchameil, Marquis de Nointel, benannt ass? De franséische Banquier, dee vu 1630 bis 1703 gelieft huet, hat sech senger Zäit den Titel als Maître d’hôtel ënnert dem Louis XIV erkaf. Hie selwer huet d’Zooss net erfonnt, mee se ass zu sengen Éiere benannt ginn. Wouhier genee d’Zooss kënnt, ass onkloer.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können