Dem Schmits Roger, eis „gro Eminenz“, wéi mär hie respektvoll genannt hunn, an e puer Zeilen ze gedenken, ass reng onméiglech.
Iwwer 60 Joer huet hien am Intérêt vum Sport, a besonnesch fir „säin“ Handball, gelieft a gewierkt!
1938 ass hien, no fënnef Joer Turnen an der „Eschois“, als Liichtathlet an der Escher Fola fir déischt mam Handballsport a Kontakt komm, an dat sollt den Ufank vu sengem grousse Liewenswierk ginn.
Den 18. Mäerz 1945 huet hien, um Enn vum Krich, den 1. offizielle Lëtzebuerger Handballsveräin – deemools, vun 1933 bis 1945, hunn dTurner aus der Eschois an dLiichtathlete vun der Fola an enger „Handballsektioun“ vun der Fola Liichtathletik ëm den Championstitel am (Feld-)Handball gespillt – ënnert dem Numm Cercle Sportif Eschois-Fola Handball mat an d’Liewe geruff.
Bal ee Joer op den Dag genau duerno huet hie fiederféierend matgehollef, eis Federatioun de 15. Mäerz 1946 ze grënnen. Hei war hie während 16 Joer Generalsekretär, iwwer 30 Joer nationalen, dovun aacht Joer internationalen Arbitter, Chef-Arbitter asw.
A sengem Escher Veräin war hie während deenen éischte 35 Joer Generalsekretär, Tresorier, technesche Sekretär, vun 1979 bis 1982 stellvertriedende President, fir da vu 1983 bis 1989 den Presidenteposten ze iwwerhuelen.
Wéi de Roger 1989 seng Sportscarrière krankheetshalwer ofgeschloss huet, korrekt bis an de leschten Detail, wéi esou zimlech alles beim Roger, hat hien der Escher an der Lëtzebuerger Sportswelt säin onvergiessleche Stempel opgedréckt.
Wann ee sech dëse Liewenslaf richteg duerch de Kapp goe léisst, kann een dat kaum realiséieren, wat hien alles erreecht huet.
Während dem Roger senger „Ära“ huet den C.S. Eschois-Fola Handball net manner ewéi 21 Championstitelen, 16 Coupen (dobäi eelef Doubléën) a 25 Europapokalmatcher op Esch bruecht. Dat seet alles!
De Roger Schmit war d’Eschois-Fola, an d’Eschois-Fola war de Roger Schmit.
D’Welt huet hien ni nëmme mat sengem Folasbrëll gesinn, an d’Welt ass och net fir hie stoe bliwwen, wéi hie vun 1989 un, als Éierepresident net méi am Vierder- awer am Hannergrond, net opgehalen huet, sengem Veräin mat Rot an Dot an enger schwéierer sportlecher Zäit bäizestoen.
Wéi e puer vu senge Jongen am Joer 2000 mat engem méi ewéi schlechte Gefill bei hie gaangen sinn, fir seng Zoustëmmung ze kréien fir eng Fusioun mat eisem éiwegen Escher Kontrahent, dem Handball-Club La Fraternelle Esch, huet hien nees bewisen, wat fir eng aussergewéinlech Perséinlechkeet hie war.
Hien hat d’Zeeche vun der Zäit erkannt an huet, ewéi esou oft, mat enger him eegener, entscheedender Interventioun an der ausseruerdentlecher Generalversammlung matgehollef, dës Fusioun 2001 op d’Been ze stellen, an den Handball Esch ze grënnen, obschonn et him, ewéi villen aneren och, bestëmmt net liicht gefall war, domat „säin“ Handballveräin ze verléieren.
Wéi déi lescht Joeren awer bewisen hunn, hat de Roger och do déi richteg Decisioun geholl.
De Roger war niewent engem iwwerragende Sportsmann genau esou een aussergewéinleche Mënsch.
Hie war ëmmer fir seng Spiller a Spillerinnen do, an dat net nëmmen um Terrain, am Schoulhaff oder an der Hal.
Wéi vill Spiller a Spillerinnen huet hie recommandéiert, wéi vill Telefonater huet hie gefouert a wéi vill Dieren opgemaach, fir hinnen eng Aarbechtsplaz ze verschafen oder soss ze hëllefen, wou Nout um Mann oder der Fra war.
Wéi oft huet hien a sengem perséinlechen an am Numm vum C.S. Eschois-Fola Handball eis Hochzäiten, d’Gebuert vun eise Kanner, eis Gebuertsdeeg asw. mat engem Cadeau, enger Kaart oder ganz einfach mat senger Präsenz beräichert. Wéi oft huet hien op de Begriefnesser vun eise sëlleche Memberen déi richteg Wierder fonnt a matgelidden.
Keen huet dat besser verkierpert, wat eis Veterane bis haut mengen, wa si soen oder gesot hunn „Folaman, Gentleman“.
Säi leschte Wee wollt de Roger, typesch fir hien, eleng an nëmme mat senger Famill goen, ouni vill Brimborium a schéi Rieden. Dat hate mär ze respektéieren, och wann dat net einfach war, him net déi leschten Éier kënnen ze erweisen.
Äddi Roger a merci fir alles, wat s du fir eis gemaach hues!
Deng Jongen a Meedercher vum C.S. Eschois-Fola Handball
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können