Vum Anie Muller
Eng nei Approche vis-à-vis vum Déier am Gesetzesprojet iwwert den Déiereschutz: Mir schwätze vun Dignitéit, Perséinlechkeet an Empfanne beim Déier. Interview mam Här Gusty Graas, Deputéierten, President vun der Agrarkommissioun a Rapporteur vum Projet iwwert d’Déiereschutzgesetz.
Dësen Artikel gehéiert zu eiser Spezialausgab «Pressefräiheet». Mir hunn de Schüler d’Wuert ginn, déi eng eegen Zeitung op d’Been gestallt hunn. Hei fannt der déi ganz Editioun: ►Link
Anie: Bonjour Här Graas. Ech soen Iech villmools Merci, dass Dir Iech Zäit huelt, fir mat mir iwwert dat neit Déiereschutzgesetz ze schwätzen. Wéi ech dee Gesetzesprojet duerchgelies hunn, ass mir am éischte Kapitel, Artikel 2, opgefall, dass d’Gesetz sech op «animaux vertébrés, ainsi que les céphalopodes» bezitt. Firwat ass deen Ënnerscheed hei esou präzis gemaach ginn, wougéint dann awer bestëmmten Déieren net dozou gehéieren, wéi zum Beispill d’Beien, déi jo awer och musse geschützt ginn, well se fir de Mënsch jo awer immens wichteg sinn?
Gusty Graas: Dat ass eng gutt Fro. Et muss een natierlech virsichteg sinn, wann ee legiferéiert, well da misst ee jo d’Vertébrés an d’Invertébrés an enger Kategorie gesinn, da kann et esou wäit goen, dass een, wann ee beispillsweis eng Méck ging doutschloen, dass een dowéinst kéint belaangt ginn. Et muss een eng rationalistesch Astellung huelen a soen, mir limitéieren eis hei op Déieren, wou de Mënsch ee Notzen erauszitt, prioritär op Hausdéieren an Notzdéieren.
D’Beie gehéieren dann awer och dozou …
Jo, déi gehéieren effektiv schonn a priori dozou, mais mir hunn eis awer hei limitéiert op «animaux domestiques», a Beien, quitte dass se Hunneg produzéiren, dass se gehal ginn an deelweis ënnert den «élevage» falen, mais si si net déi klassesch Groupe vun «animaux domestiques». Mir schwätzen do vu Kéi, Päerd a Schof asw. D’Hënn an d’Kaze falen och hei drënner. Mir hu bewosst d’Insekten erausgeholl. De Schutz vun de Beie läit an enger anerer Gesetzgebung, wou geschwat gëtt iwwer Pestiziden a Naturschutz. Den Haaptgrond, datt dëst Gesetz hei gemaach gëtt, ass fir d’Hausdéieren, zum Beispill d’Juegd an d’Fëscherei falen lo net heirënner. Obwuel d’Jeeër an d’Fëscher och den Ëmgang mat Déieren hunn an hiren Aktivitéiten, sinn déi awer bewosst erausgeholl ginn, soss wier et do och geféierlech ginn. Op eemol wier et sou wäit komm, dass kee méi dierft op d’Juegd oder fësche goen – heifir gëtt et spezifesch Legislatiounen. Hei geet et an éischter Linn haaptsächlech ëm de Baueren hir Aufgaben, wéi se Déieren halen a wéi de Privatmann mat sengen Hausdéieren ëmgeet. Do hu mir jo ëmmer Situatiounen, wou et Leit gëtt, déi net ee Minimum u Respekt hunn, wann et ëm d’Hale vun Déiere geet.
Gëtt et hei zu Lëtzebuerg vill Fäll vu Leit, déi Deieren net richteg halen?
Ech kenne lo direkt keng Statistiken, mais et ass eng Tatsaach, dass regelméisseg op Geriichter Prozesser sinn, wou Leit verurteelt ginn, well se Déieren net aartgerecht halen. Dat sinn zum Deel Problemer aus der Landwirtschaft, wou Béischten, déi net genuch ze friesse kréien oder déi net genuch Plaz hunn oder och mol vis-à-vis vu Privatleit, déi Hënn deeglaang an der Ketten hänken hunn oder fënnef Hënn op dräi Quadratmeter stinn. Wann een dat lo verfollegt, hu mir leider relativ vill sou Fäll hei zu Lëtzebuerg. Dat ass eng vun den Ursaachen, firwat dat lo alles hei streng geregelt gëtt. Et gëtt zum Beispill vill méi streng Strofen, héich Geldstrofe, wann een um Geriicht verurteelt gëtt, well Déiere maltraitéiert goufen. Et sinn esouguer Prisongsstrofe bis dräi Joer virgesinn. Dee wichtegsten Artikel ass den Artikel 1. «Il est interdit à quiconque sans nécessité de tuer ou de faire tuer un animal, de lui causer ou de lui faire causer des douleurs, des souffrances, des angoisses, des dommages ou des lésions.»
Am Artikel 11 steet: «Un animal ne peut être amputé ou être amputé partiellement que sur des indications vétérinaires ou pour des motifs zootechniques impératifs.» Wann elo d’Hénger de Schniewel geschnidde kréien oder de Kéi d’Hare weggeholl ginn, gehéiert dat ënnert dësen Artikel. Hei steet, dass een ee Grond brauch, fir et ze rechtfertegen. Hei wier dee jo ginn, well wann Déieren op engem klenge Raum gehale ginn, wéi dat oft bei konventioneller Landwirtschaft de Fall ass, da kënnen d’Déieren sech jo verletzen.
Do si mir elo bei der aartgerechter Haltung. Ee Gesetz gëtt een allgemenge Kader. Da gëtt et Règlements grand-ducaux – déi ginn allerdéngs vun der Regierung festgehalen an déi definéiere beispillsweis, wéi vill Quadratmeter ee Päerd brauch, ee Schof, eng Geess. Da si mir an deem do Scenario, wous du elo gesot hues, dat heescht, wann déi Déieren op engem Raum liewen, deen ze eng ass, deen net genuch beliicht oder belëft ass, an dass doduerch Déieren sech geigesäiteg attackéieren, wat jo ëmmer méiglech ass, da bass du als Ziichter oder deen, deen Déieren hält, responsabel. Dat sinn d’Règlements grand-ducaux, do ass d’Chamber net méi kompetent. Am Gesetz steet just, dass d’Déier muss en appropriéierte Raum zur Verfügung hunn. Wéi dee Raum dann definéiert ass, dat ass di zweet Etape, an dat geschitt op Basis vu Règlements grand-ducaux.
Eigentlech däerf een dat net, wann een als Ziichter dozou bäidréit, dass Déieren dann op ze klengem Raum gehale sinn …
Richteg! Wanns du lo Jippelcher hues, kann et net sinn, dass déi bei minus dräi Grad musse versichen ze iwwerliewen oder zu 25 an enger Këscht zesumme sëtzen … dat ass ganz kloer verbueden. An et gëtt och ganz genee définéiert, wéi vill Quadratmeter fir wéieen Déier erfuedert sinn. Wann een dat net respektéiert, da mécht een sech strofbar.
A wie kontrolléiert, ob alles agehale gëtt?
Ma do hu mir zum Beispill eng Inspektioun vun de Vétérinairë beim Landwirtschaftsministère, déi huet d’Recht, kontrolléieren ze goen, an dann ass do awer och d’Police a verschidde vereedegt Beamten, déi a gewësse Fäll esouguer d’Méiglechkeet hunn, Dag a Nuecht och bei een an de Stall ze goen oder bei dech heem ze goen, wann Noperen uruffen an ee Verdacht mellen an eng Plainte maachen. Wann een Hond vu mueres bis owes ging jéimeren a jäizen, da gingen d’Nopere bei der Police uruffen an da kann d’Kontroll gemaach ginn. Et ging e Procès verbal gemaach ginn, a wann da konstatéiert gëtt, dass déi Dispositioun vum Gesetz respektiv vum Règlement net respektéiert gouf, dee Moment kënnt dann d’Geriicht an de Parquet. Et kënnt zu enger Uklo; dat kann sou wäit goen, dass deng Déieren saiséiert ginn. Dat ass eng ganz Prozedur.
Dee kënnt dann an d’Déierenheem?
Dee kënnt dann op eng Plaz, wou no em gekuckt gëtt. Et sinn Délaise virgesinn, sou laang gëtt e saiséiert an duerno gëtt dann décidéiert vum zoustännege Riichter, obs du däin Hond zeréckkriss oder net. Mais dat ass alles lo schonn an deem Sënn hei reglementéiert.
A mécht ee sech strofbar, wann een sou ee Fall matkritt an awer net mellt?
Dat ass een allgemenge Rechtsprinzip. Wanns du zum Beispill matkriss, dass däin Noper seng Fra schléit an du mells dat awer net, da méchs du dech automatesch och mat strofbar. Oder wanns du op der Strooss een Accident gesäis an du hëllefs net, da méchs du dech automatesch och mat strofbar. Dat heescht, du bass hei am Fall vun «Assistance à une personne en danger», dat ass een allgemenge Prinzip.
Et ass jo ee Virfall gi vun net aartgerechter Haltung bei der Dog-Expo. Wat soll do an Zukunft gemaach ginn, fir dass dat net méi virkënnt? Soll dat méi streng kontrolléiert ginn, well et ass gesot ginn, dass se net genuch Leit haten, fir ze kontrolléieren, ob alles gutt ging oflafen.
Jo, dat ass ee gutt Beispill. Do ass jo awer Plainte gemaach ginn. Do si Leit, déi hunn och reagéiert, déi Responsabel sinn iwwregens verurteelt ginn. Jo, et mussen nach verstäerkt Kontrolle gemeet ginn. Dofir, am Gesetz si jo Méiglechkeete ginn. Mais wat wichteg ass, dass wann Zweifel do sinn, dass di zoustänneg Leit dat och gemellt kréien. Et kann een lo net verlaangen, dass vu mueres bis owes iwwerall an all Stall een higeet. Et soll een och lo net ee generelle Verdacht ausschwätzen. Sou schlëmm et och ass, ass dat do jo op eng Manéier och Gott sei Dank nach ëmmer nëmmen d’Ausnahm. Wat d’Ausstellungen ubelaangt, muss vläicht am Virfeld d’Vétérinairesinspektioun nach méi kontrolléieren, iert d’Ausstellung opgeet, ob Déieren aartgerecht gehale ginn. Op der Ausstellung zu Ettelbréck an den Däichwise klappt jo ëmmer alles ganz gutt an et ass alles korrekt.
Lo nach zu der Juegd an zum Fëschen. Mir hate jo scho ganz kuerz dat Thema ugeschwat, mais ech wollt nach op d’Klappjuegd ze schwätze kommen. Dat ass jo lo eppes, wou hei am Gesetz gesot gëtt, dass wann een Déier doutgemaach gëtt, et virdru kee Stress däerf hunn an dass et virdrun och muss betäubt ginn, virundeems et doutgemaach gëtt. Wat bei der Klappjuegd nach derbäikënnt, dat ass de Stress.
Wanns du richteg gelies hues hei am Text vum Gesetz: «La présente loi s’applique à tous les animaux vertébrés ainsi qu’aux céphalopodes …»
… jo mais wou gëtt et hei zu Lëtzebuerg am Fong Kraken, ausser am Zoo?
Jo, déi falen hei mat drënner. Den Zirkus fält och hei mat drënner. «… sans préjudice des législations en vigueur en matière de la chasse, de la pêche et de la protection de la nature.» Dat heescht, d’Juegd an d’Fëscherei, déi falen hei net mat ënnert dëst Gesetz. Wat natierlech awer net well heeschen, dass du och elo kanns op der Juegd egal wat mam Déier maachen, mais a priori hu mir een extrat Juegdgesetz a mir hunn zwee Fëschereigesetzer. Dat war e bësschen, an dat kann ech och lo hei soen, quitte dass ech och net ganz onschëlleg dru sinn, datt mir gesot hunn, komm mir huelen dat do raus, well da wier dat den Doud vun der Juegd an der Fëscherei gewiescht. Dat heite Gesetz applizéiert, da ginn ech muer net méi fëschen, well spéitstens, wann ech meng Forellchen erauszéien … komm, sou wäit gi mir lo net.
Am Artikel 12, Punkt 7 steet nach, dass een Déier, wat gehale gëtt, d’Iesse muss ugepasst kréien. Ech weess net, ob et Fäll gëtt hei zu Lëtzebuerg, wou z.B. Kéi mat Soja oder Mais gefiddert ginn. Wat jo lo net onbedéngt hirer Natur entsprécht.
Jo, dat ass eng ganz gutt Fro, déis du stells. Mir hunn natierlech e bësschen de Problem hei zu Lëtzebuerg, wat Déierefidderung ubelaangt, datt net ëmmer déi néideg Moyenen zur Verfügung stinn; natierlech och, fir datt se méi produktiv sinn, gëtt op Soja zeréckgegraff, wat ech awer net wëll verteidegen. Mais dat wäert kaum duergoen, dës Legislatioun, fir dat do ze verbidden. Dat doten ass eng zum Deel méi philosophesch Diskussioun. Ob ee soll zouloosen, an Zukunft Déiere mat Produiten ze fidderen, déi mussen importéiert ginn. Dat ass rëm eng allgemeng Diskussioun, wéi d’Landwirtschaft vu muer soll ausgesinn. A priori méchs du dech lo net strofbar, wanns de denge Kéi lo Soja gëss. Dat ass jo lo een Zousazmëttel.
Also dorop komme mir souwisou nach eng Kéier, well de Bedarf u Soja wier jo net sou grouss, wann net sou vill Fleesch misst produzéiert ginn, wann d’Leit sech ginge virhuelen, manner Fleesch z’iessen, wat jo souwisou eigentlech och méi gesond ass. Wisou gëtt do net méi an deem Sënn gemaach, fir d’Leit ze sensibiliséieren, datt een net sou vill Fleesch brauch? Well dat jo eigentlech och ee ganze Weltproblem ass?
Deng Froe si ganz berechtegt. Mir ginn lo do sou lues aus dem Kader vum Gesetz eraus. Dat do ass méi eng allgemeng Diskussioun. Ech mengen lo net, dass net genuch sensibiliséiert gëtt. De Ministère de la Santé mécht regelméisseg Aktiounen: «Iesst net ze vill Fleesch» – et gëtt och regelméisseg drop higewisen – ernäert Iech méi duerch lokal Produkter, méi Geméis a sou weider. Ech soen awer éierlech, d’Politik ass scho gefuerdert, mais awer net eleng. Hei ass awer och deen Enzelenen opgefuerdert. Deen Enzelne muss sech och bewosst sinn, dass duerch d’Consommatioun vu Fleesch een och derzou bäidréit, dass d’Fleeschproduktioun muss gesteigert ginn an dass Déiere méi intensiv musse gehale ginn.
Ech ginn d’Beispill vun den Zigarettepackungen, wou Warnungen dropstinn. Ech wëll lo net soen, et soll een iwwerall op d’Fleeschpackungen dropschreiwen, mais et sollt een sech dann awer nach emol iwerleeën, kafen ech dat dote Fleesch dann lo oder net. Brauch ech wierklech all Dag mäi Beefsteak?
Dat eenzegt, wat d’Politik zu dësem Zäitpunkt ka maachen, dat ass, drop hiweisen, dass iwwerméissege Fleeschgenoss net ganz gutt ass. Mir hunn awer och eng Rei privat Organisatiounen, z.B. «Info Cancer», déi ginn extra eng Zeitung eraus; wanns du déi duerchblieders, kanns du liesen, dass iwwerméissege Fleeschkonsum zu Kriibs féiere kann. D’Politik muss dat ënnerstëtzen, mais mir sinn nach net an deem Szenario, wou d’Politik seet, nëmmen nach eemol d’Woch Beefsteak, an dann ass Schluss. Dat soen ech dir och ganz direkt, dat ging an engem Land wéi Lëtzebuerg guer net goen, a perséinlech sinn ech och do dogéint. D’Eegeresponsabilitéit muss awer och nach am Liewen eng Roll spillen!
Do hutt Dir recht, mais et ging jo och näischt schueden, wann ee bewosst wielt, wou een d’Fleesch akafe geet.
Jo, et gëtt jo ëmmer méi, de Retraçage. Dat heescht, wanns du elo an ee Geschäft gees, an du keefs do ee Beefsteak, da gesäis du genee, wou en hirkënnt. Fleesch aus eisem Land soll onbedéngt méi konsuméiert ginn.
Jo, mais dat ass awer net sou, dass dat all Mënsch mécht, oder zumindest vill Mënschen net.
Dat ass awer – fir de C. net ze nennen –, dee mécht dat. Wanns du do Fleesch keefs, da steet do op der Verpackung drop, dee Beefsteak do, dee kënnt vun do an do, an dann an dann ass d’Rand geschluecht ginn. Da weess du zumindest, dat ass ee Produkt vu Lëtzebuerg, dat heescht, déi Transportweeër si kleng an d’Haltung vum Déier war aartgerecht. Wann s du natierlech an de Restaurant geess, an du häss gären een argentinesche Beefsteak jo, da weess du, dass en awer vu Buenos Aires ropgeflu gouf. Mat all deene Konsequenzen. Hei ass de Konsument immens gefuerdert. Hien ass «en connaissance de cause». Wann hien an de Restaurant geet, ass et säi gutt Recht, fir ze froen, wou kënnt dat Fleesch hier, wat ech bestellen? Et gëtt jo ëmmer méi Restauranten, déi verschaffe «Produits du terroir». A lo hu mir d’Beispill rëm vum C. Hien huet sech mat e puer Pouletsproduzenten hei vu Lëtzebuerg zesummegesat, sou dass seng Poulete just nëmmen aus Lëtzebuerg kommen. D’Aufgab vun der Politik besteet doranner, ze sensibiliséieren.
Wat ass elo mat den Déierenprodukter wéi Pelz an Fiederern, di aus dem Ausland kommen, wou een lo weess, dass se net aartgerecht produzéiert goufen. Wou mir dach elo ee Land sinn, wat wierklech dorop oppasst, dass Déiere sou wäit wéi méiglech nach hir Würd behalen beim Fleesch …, dass Déieren eben net nëmme gehale gi wéinst hirem Pelz, Lieder oder Plommen. Do gëtt jo drop higewisen am Artikel 12, Punkt 12.
Fir d’éischt muss ee mol soen, dass hei am Gesetz lo ganz kloer drasteet, an dat ass nei, dass hei zu Lëzebuerg keen Déier méi däerf gehale ginn, just fir prioritär säi Pelz, d’Haut, d’Woll oder seng Fiederen ze benotzen. Dann op deer anerer Säit, do si mir an derselwechter Diskussioun wéi beim Fleesch. Et ass nach ëmmer net verbueden, hei zu Lëtzebuerg, fir sech ee Pelzmantel ze kafen. Et ass rëm eng Décision individuelle, ob ee bereet ass, wuelwëssend, wéi de Pelz produzéiert gouf.
Mais da ginn awer ëmmer nach Pelzer a Fiederen oder Daunemäntel mat zweifelhafte Produktiounsmethoden importéiert…
Importéiert, jo. Dat ass rëm eng aner Diskussioun. Alles ass komplex. Mir sinn an enger Europäischer Union mat nach 27 anere Länner, et brauch een nëmmen een, zwee Länner ze hunn, déi Pelz produzéieren, dann hu mir als Memberstaat net d’Recht, deen Import ze verbidden. Dat geet net. Da misst dat scho rëm europawäit decidéiert ginn. Dat ass schonn eng Decisioun, déi net evident ass. Ech gleewen awer drun, dass dat ee Prozess ass, deen lo sou lues a lues amgaangen ass ze entstoen. Dass zum Beispill, wat d’Pelzdroen ubelaangt, wanns du mäin Alter eng Kéier hues, d’Situatioun scho ganz anescht wäert sinn.
Dat heescht, dat ass alles rëm eng Saach vu Suen.
Jo, natierlech. D’Wirtschaft, d’Suen, bestëmmen zum gréissten Deel eise Liewenslaf, an et deet mir leed, dass ech dir dat als jonke Mensch lo esou muss soen! Mais dat solls du lo awer trotzdem net als ze vill negativ gesinn. Dat rengt ökonomescht Denken ass an all Mënsch dran. Bei deem enge méi, bei deem anere manner. Och du, du kriss Täschegeld doheem, an du muss och bësselchen iwwerleeën, wats du méchs mat deene Suen. Hei géing een dee Moment an eng fräi Maartwirtschaft agräifen. Grad esou ee Land wéi Lëtzebuerg, dat dorop setzt, dass jiddereen ee Maximum u Fräiheete kritt, mais d’Fräiheet huet och seng Grenzen.
Mais et ass jo eigentlech net richteg, wann een Déier dofir ausgenotzt gëtt, nëmme fir dono ze stierwen.
Dat kann ech nëmmen ënnerstëtzen. Ech sinn a priori mol net géint ee Pelz u sech. Wann eng Kanéngche geschluecht gëtt, fir z’iessen, an du gehäis de Pelz ewech, dat ass dann ee Produit secondaire, dass dee genotzt gëtt, dat ass normal. Dass du awer eng Kanéngchen ziichs, extrem ziichs, fir datt se deen an deen Faarwtoun soll kréien, an deen an deen Pelz, soen ech, dat däerf net méi sinn. Een Déier soll net benotzt ginn, fir am Fong geholl gewësse Plaiséiere vum Mënsch ze erfëllen, dat kann net sinn. An dat muss ee gesinn, an dësem Gesetz ass dat zeréckbehale ginn, den Terme Dignitéit, dat muss de roude Fuedem sinn.
An dësem Gesetz gëtt fir d’éischt d’Dignitéit, d’Würd am Zesummenhang mat Déieren zeréckbehalen. Dat heescht, mir ginn dem Déier hei eng gewësse Personalitéit, non humaine, mais dat awer Péng empfanne kann, Gefiller huet. An dat ass een immense qualitative Sprong no vir. Mir sinn eent vun deenen éischte Länner, déi dat hunn, d‘Schwäiz huet et och. Och do seet de Staatsrot, ouni dass en eng Opposition formelle gemaach huet, dat ass immens problematesch juristesch gesinn. Well d’Geriichter, déi herno mussen tranchéieren, ob een Déier würdevoll gehale ginn ass oder net, wäert net ëmmer einfach sinn. Et ass och een immense qualitative Sprong, dass mir d’Déier net méi als Saach gesinn, mais mir spriechen dem Déier eng gewësse Perséinlechkeet zou. Dat heescht, soubal een Déier behandelt gëtt, dass et Schmierz empfënnt an sech net wuelfillt, dee Moment mécht sech de Mënsch strofbar. Dat ass d’Philosophie vun dësem Gesetz.
Sinn do speziell Virfäll gewiescht, dass genee dës Präzisioune virgeholl gi sinn, dass d’Dignitéit vum Déier soll méi an der Virdergrond gesat ginn? Oder ass dat einfach sou komm, dass ee geduecht huet, et misst een eng Kéier einfach mol eppes verbesseren?
Neen, et ass eben duerch schlecht Erfahrungen entstanen. An der Press si regelméisseg Rapporte vu Faiten, wou Déieren, déi ënner onméigleche Konditioune gehale ginn, oft, awer net nëmmen, am landwirtschaftleche Beräich … Et ass festgestallt ginn, dass et leider ze vill Leit gëtt, déi nach ëmmer net de Respekt virum Déier weisen. Da kënnt nach dobäi, an dat ass positiv gemengt, d’Sensibilitéit bei de Leit dobaussen ze verstäerken.
Wéi ech däin Alter hat, do ass d’Kaz dorëmmer gelaf, d’Kanéngchen wor am Keller, wann se futti war, da war se futti.
Dat war awer eng aner Zäit, muss ee soen. Well haut ass dat aneschters. Ech respektéieren ee Bauer, deen seng Déieren hält, dee kuckt, dass et deenen Déiere gutt geet.
Dat ass richteg. Et ass awer och eng Evolutioun vun der Mentalitéit. Haut ass een anert Bewosstsinn.
Wisou huet sech de Projet de loi sou vill um Schwäizer Gesetz orientéiert?
Virun allem aus dem Grond, well mir jo an d’Gesetz wollte setzen, dass dem Déier eng Dignitéit zousteet. Dat heescht, dass d’Déier eng Würd unerkannt kritt. D’Schwäizer haten dat scho gemaach, dowéinst hu mer eis un deem Schwäizer Modell orientéiert. D’Schwäiz ass a ville Saache vill méi wäit.
Dann elo nach kuerz zu enger anerer Problematik: Mëttlerweil gëtt et mobil Schluechthaiser, déi d’Ofnuebelung vun auslännesche Schluechthaiser erméigleche géifen. Wéi kéint de Staat sou ee Projet ënnerstëtzen, wou hei jo awer vill manner Stress bei den Déieren opkënnt, wann et ëm d’Schluechte geet? D’Déiere ginn op der Weed selwer geschoss an dee munchmol laangen a grausamen Transport fällt ewech.
Also, déi Diskussioun ass scho gefouert ginn hei zu Lëtzebuerg. Et muss natierlech eng Nofro do sin, dat géing jo heeschen, dass praktesch um Bauerenhaff selwer géing geschluecht ginn. Dat do ass eng Iddi, déi soll een op jidde Fall verstäerkt developpéieren, mais wéi gesot, d’Nofro muss do sinn. Mir mussen éierlech sinn, dat doten ass eppes, wat nëmme kann op privater Basis funktionéieren, och wann de Staat dat kann ënnerstëtzen. Dat doten hëlt nëmmen eng Privatfirma, e Privatmann an d’Hand, wann e weess, dass, mat deem ee ka Geld verdingen. E mécht et net aus Léift zu den Déieren. De Staat soll do a mengen Aen a priori eng oppe Positioun anhuelen, dat heescht, e soll dat doten net ofblocken, mais do muss natierlech net nëmmen d’Demande stëmmen, mais natierlech och déi hygienesch Konditioune mussen stëmmen.
Här Graas, ech soen Iech och lo nach villmools Merci fir dësen Interwiev. Dir hutt
Iech vill Zäit geholl, fir op meng sëlleche Froen ze äntwerten, obwuel Dir vill ze dinn hutt.
Fir mech war et eng grouss Freed, dir deen Interview ze ginn!
Dignitéit vum Déier, dixit den Obersportfëscher! Wéi ass et mat der Dignitéit vum Kand, dat et nët muss an Aarmut liewen?