Headlines

Auschwitz als Symbol fir rietsradikalen Haass

Auschwitz als Symbol fir rietsradikalen Haass

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?


Dësen Artikel gehéiert zu eiser Spezialausgab «Pressefräiheet». Mir hunn de Schüler d’Wuert ginn, déi eng eegen Zeitung op d’Been gestallt hunn. Hei fannt der déi ganz Editioun: ►Link


Marie Wivenes, Ben Stemper a Christine Mangen

D’Auswierkungen, ewéi Friemenhaass extrem ausaarte kann, sinn eis eigentlech alleguer bekannt. D’Konzentratiounslageren am Drëtte Räich si bis haut e Symbol dofir, ewéi Angscht an Haass mëssbraucht kënne ginn, fir géint Mënschegruppen ze hetzen. Deemools waren et d’Judden, d’Kommunisten, déi Homosexuell an d’Zigeiner. Dat bekanntste Konzentratiounslager ass och haut nach zu Auschwitz a Polen.

Et huet ee munchmol am Gefill, d’Leit hätten d’Geschicht vergiess. Och 1933 gouf et kee Putsch. Et war net beemol en Diktator do. Déi Däitsch hunn den Adolf Hitler gewielt. D’Konsequenze vum deemolegen däitschen Nationalsozialismus sinn eis all bekannt, an Auschwitz ass bis haut an hoffentlech nach ganz laang e warnend Symbol, wou Friemenhaass, Antisemitismus an extremen Nationalismus hiféiere konnten. Och deemools huet een e Sënnebock gesicht. Deemools waren et d’Judden. Ähnlech ewéi vill rietspopulistesch Parteien haut Flüchtlingen an Auslänner zum Sënnebock maachen an d’Leit ophetzen. Vläicht muss een d’Symbolik vun Auschwitz nach vill méi däitlech maachen.

All Joer fuere Lycéesschüler aus dem ganze Land op Auschwitz. Et ass eng ganz speziell Rees, déi meeschtens ganz onerwaart Gefiller provozéiere kann. De 26. Oktober 2017, um spéiden Donneschdegowend, sinn och fënnef Schüler aus dem Lycée Robert Schuman mat op d’Rees op Auschwitz gefuer. Eng Rees, déi natierlech ganz speziell ass, well ee scho beim Lassfuere weess, dass et keng spaasseg Rees wäert ginn. All puer Joer hu Schüler aus dem LRSL – zesumme mat Schüler aus anere Schoulen – d’Chance, mat op Auschwitz fueren ze kënnen, fir dës ganz besonnesch Rees, déi zwar zum Deel grujeleg ass, déi awer vläicht jiddereen eemol am Liewe maache sollt.

Den Ufank ass dann och net einfach. 16 Stonne Bus, mat Toilettepaus matten an der Nuecht um 3 Auer, awer wie wëll sech bei sou enger Rees iwwert esou eng Lappalie scho wierklech beschwéieren.

Mir si freidesowes ukomm a konnten direkt u pedagogesch Aktivitéiten deelhuelen, déi während dem ganze Sejour ugebuede goufen. No enger richteger Nuecht an engem richtege Bett si mir da moies Auschwitz I – de Stammlager – besiche gaangen.

Als Éischtes si mir an engem alen Nazitheater erakomm an hunn ee Film vun 1945 iwwert Auschwitz gekuckt. De Film war traureg, well e wierklech nëmme Läiche gewisen huet an den Horror, deen de Leit an den Ae stoung, gesi konnt. Mir kruten duerno Kopfhörer ausgedeelt a si gruppeweis a puer Bléck eragaangen. Am éischte Block war eng Ausstellung iwwert d’Aliwwerung vu Mënsche mam Zuch an Auschwitz. Et war schonn erschreckend ze gesinn, wéi duercherneen an ageschüchtert déi Leit ausgesinn hunn.

Am zweete Block si mir a Säll gaangen, wou nach richteg Hoer, Schong a Wallisse vun deenen Deportéierte louchen. Dee Moment si ville Schüler Tréinen an d’Ae komm, well een hei leider richteg realiséiert, wéi vill Onschëlleger hei gelidden hunn a gedeemütegt an entmënschlecht goufen. Am nächste Block si mir duerch deemoleg Zëmmere gaangen a goufen dunn a Kellere guidéiert, wou ee konnt d’Prisongszelle kuerz erblécken: Op zwee Quadratmeter hunn d’Nazie fënnef, wann net nach méi Leit eragedréckt. Duerno huet d’»Associatioun des témoins de la 2e génération» eng Gedenkminutt virun der Mauer vun den Erschossene veranstalt.

Eiser Meenung no war de prägnantste Moment awer do, wou mir duerch d’Gaskummer duerchgaange sinn. Ech selwer hu vun Emotioune geziddert, well dat Eenzegt, wat een dee Moment denkt, ass, datt hei Dausende vu Mënschen ermort gi sinn an datt dëse Raum dat Lescht war, wat si an hirem Liewe gesinn hunn. Et waren nach iwwerall Krazerten un de Wänn; et war wierklech beängschtegend an traureg.

Den Nomëtten hu mir eis an engem Sall versammelt an hunn den Zäitzeie Paul Sobol häerzlech begréisst. Den éischten Dag huet hien eis seng Liewensgeschicht gezielt: Obwuel den Här Sobol mëttlerweil 91 Joer al ass, sot hien, hie géif sech nach wéi ee jonke Mann vu 17 Joer fillen.

De Paul Sobol huet bis 14 Joer roueg zu Bréissel gelieft, bis hien huet misse schaffe goen. Owes ass hien ëmmer gär eraus een drénke gaangen, ewéi eben all normalen Teenager. Do huet hien nei Kollege kennegeléiert. Dorënner awer och ee Meedchen, an dat hien sech onstierflech verléift huet. Wéi Bréissel besat gouf, huet dem Paul Sobol seng Famill missen immens oppassen. Si goufen trotzdem am Juni 1944 verhaft an deportéiert. E puer Deeg virdrun hat hien nach eng Foto vun deem Meedche kritt, an dat hien sech verléift hat. Dës Foto huet hie gutt verstoppt matgeholl. Während sengem ganzen Témoignage huet de Paul Sobol ëmmer erëm verdäitlecht, datt hien net hätt iwwerliewe kënnen, wann hien net déi Foto derbäigehat hätt. Si huet him ëmmer nei Kraaft ginn. Zu Auschwitz ukomm, gouf hie vum Dokter Mengele vu sengen Elteren a Geschwëster getrennt. Hie sollt seng Mamm an e puer vu senge Geschwëster ni méi erëmgesinn.

Während senger ganzer Zäit zu Auschwitz huet de Paul Sobol just iwwerlieft, well hien ëmmer erëm Risiken op sech geholl huet. Hien huet sech zum Beispill als Schräiner gemellt, obwuel hien nëmmen eng Kéier eng Këscht opgebaut hat. Well hien dem Kapo säi Befeel net verstanen hat, huet hien ugefaangen, Biller op Zigarekëschten ze molen. De Kapo war du frou, well hien elo méi Zigarette fir seng Këscht tausche konnt an huet de Paul Sobol beschützt an him och bessert Iesse ginn. Wéi dunn endlech den Dag vun der Befreiung koum, huet de Paul Sobol selwer misse kucken, wéi hien erëm op Bréissel géif kommen. Seng Schwëster ass déi Eenzeg aus der Famill, déi Auschwitz och iwwerlieft hat.

Wou hien erëm zu Bréissel ukomm ass, huet hien sech deefe gelooss, well hien nämlech dat Meedche bestuede wollt, deem seng Foto hien déi ganzen Zäit zu Auschwitz bei sech gedroen huet. Dat huet de Paul Sobol dann och gemaach, an och elo héiert een nach eraus, ewéi gär hien seng Fra gehat huet.

No dësem Témoignage vum Paul Sobol ass et nach eppes z’iesse ginn, éier d’Schüler sech mat ville beweegende Geschichten, Andréck a Biller an d’Better geschleeft hunn.
Den zweeten Dag sollte mer Auschwitz II, och nach Birkenau genannt, besiche goen. Et erwächt een a sengem gudde waarme Bett, ëmgi vu Frënn a mécht sech prett, fir op ee grousst Massegraf ze goen. Dat Gefill ass schwéier ze beschreiwen.

Dat ass awer genau, wat mir gemaach hunn. Mir hunn eis gutt waarm agepaakt, Prabbeli an d’Täsch gestach an d’Jackett bis uewenhin zougezunn. Et hat d’ganz Nuecht iwwer gereent an et hat moies net opgehalen, alles war naass. Do stounge mer elo also baussen. No ongeféier 15 Minutte si mer awer dann erageruff ginn an de grousse Sall vun der Jugendherberg, wou d’Reuniounen ofgehale ginn. Et huet sech erausgestallt, dass Birkenau zou wier, wéinst dem schlëmme Wand an der Gefor, dass Stécker dorëmmer fléie kéinten.

Et konnt een am Sall fillen, dass d’Leit enttäuscht waren. Ech och. An dunn hat ech e schlecht Gewëssen. Et huet mer leedgedoen, dass ech net konnt op eng Plaz goen, wou ongeféier eng Millioun Leit hiert Liewe verluer hunn. Et kléngt sou domm.

No enger klenger Stonn krute mer dann awer gréng Luucht vun den Organisateuren. Mir géife Birkenau besiche goen, vu baussen, mee mir kéinten net bis an d’Baracken an an d’Gaskummere goen.

Birkenau war e Massevernichtungslager. Dausende vu Mënsche sinn all Dag op der «Judenrampe» ukomm, missten sech opdeelen, Fraen op di eng Säit, Männer op di aner. Dunn ass d’Selektioun ugaangen. D’Nazien hunn decidéiert, wien direkt vergaast gëtt, dorënner Kanner, Kranker, Aler, jiddereen, deen an hiren Aen net méi schaffe konnt. Och deenen aneren hiert Schicksal war net wierklech besser. Och op si huet den Doud gewaart. Deels no Wochen, Méint oder Joere mat Honger, Keelt an Angscht. De Paul Sobol huet oft betount, dass déi eenzeg Méiglechkeet fir aus Auschwitz eraus de Kamäin war. Iwwer 80% vun den Deportéierten, gréisstendeels Judden, déi ukomm sinn, sinn direkt vergaast ginn. Dat waren ongeféier 900.000 Mënschen.

Et ass keng laang Busfaart vun der Jugendherberg bis op Birkenau. Vum Bus aus huet een déi éischte Kéier schonn déi schrecklech «berühmte» Paart gesinn, wou d’Zich duerchgefuer sinn an d’Mënschen hirem Doud iwwerginn hunn. A ronderëm, nëmme puer honnert Meter ewech, stinn Haiser. ’t ass sou e schaarfe Kontrast. Op der enger Säit Liewen, op der anerer Doud a Leiden.

Eppes ass kloer: net jidderee wéilt do liewen an net jidderee kéint do liewen.

Mir ginn als éischt op déi al Judenrampe, déi e bëssen ausserhallef läit. De Wand fänkt un, richteg staark ze ginn an et dréckt een sech ëmmer méi a seng Jackett. Da beemol gëtt een sech bewosst, wéi privilegéiert een dach awer ass. Mir hu Jacketten un, mir hu Mutzen um Kapp an e Schal ëm den Hals gewéckelt. Mir beschwéieren eis lo scho bei eisem Noper iwwert d’Keelt. Wat haten déi aarm Séilen deemools un? Wéi hunn déi sech gefillt, wéi si hei ukomm sinn? Déi Froen an dat Wësse sëtzen ewéi e Steen am Bauch.
Op der aler Judenrampe stinn zwee Ween. Si si méi kléng, wéi ech mir se virdru virgestallt hunn. Wann een da bedenkt, wéi vill Mënschen d’Nazien do eragezwongen hunn, fänkt et un, engem schlecht ze ginn.

Jidderee kritt eng Rous an d’Hand a soll se niewent de Won oder och drop leeën. De Reen gëtt méi staark, genau wou mir eis op de Wee maachen zeréck bei d’Paart.

Mir stinn an deem Gebai, wou fréier d’SS gelieft a regéiert hunn. Mir sinn eng vun deene leschte Gruppen, déi dem Här Sobol bei sengen Erklärungen nolauschteren. Hien erkläert, wéi d’Lager opgedeelt war, wou d’Frae gewunnt hunn, wou d’Kiche war, wou d’Roma gelieft hunn. De Komplex Birkenau ass riseg. Et gesäit ee mol net bis bei de «Kanada», dee ganz hanne beim Bësch sollt sinn. Et ass d’Gréisst vun der Anlag, déi engem richteg zousetzt. Wann een dann nach bedenkt, dass et fréier voller Mënsche war …

Vum Lager selwer ass net méi vill do, e puer Baracken aus Steng an aus Holz stinn nach, mee dat meescht hunn d’Nazien zerstéiert oder ass vun de Sowjets verbrannt ginn.
Et ass e komescht Gefill, op der Judenrampe ze stoen, déi sou vill Mënschen (virun allem ebe Judden) an d’Gaskummere gefouert huet. Et geet engem sou no, dass ee probéiert, d’Tréinen ze ënnerdrécken a versprécht, dass een alles dofir maache géing, dass sech sou eppes net méi widderhëlt.

Auschwitz steet symbolesch fir den déifste Punkt vun eiser Mënschheet. Fir d’Vernichtung vu Mënschen ewéi an enger Fabrik.

Plätschnaass erëm an der Jugendherberg ukomm, konnte mir eis als éischt mol anescht undoe goen, éier mir iesse gaange sinn. Dunn ass jiddereen a säin Atelier gaangen, éier mir eis du mam Paul Sobol eng leschte Kéier am grousse Sall getraff hunn.

Et muss ee wëssen, dass den Här Sobol eng Persoun ass, déi een einfach nëmme respektéiere muss. Iwwert déi zwee Deeg, déi mir mat him verbréngen duerften, war hie wéi ee Fiels an der Brandung. Hien huet sech net goe gelooss, huet seng Geschicht erzielt, huet erzielt, wéi hie seng Mamm a säi klenge Brudder ni méi no der Selektioun gesinn huet, wéi en d’Todesmärsch iwwerlieft huet a sech no all deem e Liewen opgebaut huet. Et ass keng eng Tréin gefloss. Mee um leschten Dag zesumme mat eis sinn dann awer Tréine gefloss, wéi hien e klenge Kado iwwerreecht krut. Ech kann éierlech behaapten, dass bal de ganze Sall mat him matgekrasch huet.

Auschwitz symboliséiert alles, wat Europa ni méi erliewe wëll an erliewen däerf. Fir all Mënsch, dee sech dëst Lager eemol am Liewen ugekuckt huet, deen dëst Lager «erlieft» huet, dee sech dëst Lager ugedoen huet, dee wäert verstoen, firwat Haass, Viruerteeler, Xenophopie a Rassismus net toleréiert däerfe ginn. Si si keng Meenung, an domadder net Deel vun der Meenungsfräiheet. Si sinn ëmmer den éischte Schrëtt zu Diskriminéierung an um Enn zu Gewalt. Aus deem Grond däerf och ee Rietsruck an Europa net einfach toleréiert ginn.

GuyT
3. Mai 2018 - 10.41

Leider get en grous Gefor ausgeblend déi zu dem latenten Antisemitismus dobäi kennt: den Antisemitismus huet an leschten Joren extreme zougeholl wéi en an Deitschland geseit wou Juden sech an den Schoulen an op der Stross net méi einfach kennen als Juden ze erkennen gin. Dat sin keng Eenzelfäll mais eng erschreckend Tendenz. Douzou passen och déi antisemitisch Aussoen vum Palestineser"président" Mahmud Abbas den von den westlechen Politiker hoféiert gouf.