NoruffDe Lofys Wil, een Escher Jong „au long cours“

Noruff / De Lofys Wil, een Escher Jong „au long cours“
 Foto: Editpress-Archiv/Isabella Finzi

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Ech hunn net alles vum Liewe verstanen, ma et war nawell ganz interessant …“ Dat waren dem Lofys Wil seng „cool“ Wierder am leschten Interview, deen hie kuerz viru sengem Doud op RTL vu sech ginn huet.

Wéi den Dr. Frank, de fréieren Direkter vum Escher Spidol, deen de Lofys Wil vu klengem u kannt huet, eis ze verziele wousst, huet de Wil als Bouf mat senger Famill am Ufank an der Victor-Hugo-Strooss an de „Kolonien“ gewunnt. Do war et och, wou hie sech eng alleréischte Kéier ervirgedoen huet, wéi hien do mat zéng Joer eng Trottinettecourse gewonnen hat, an dat net mat enger elektrescher, wuelgemierkt, déi et zu där Zäit zum Gléck nach souwisou net gouf.

Duerno hunn se sech aus den Ae verluer, well de Frank ass Medizin studéiere gaangen an de Lofy op Florenz „beaux-arts“; dëst nodeems hien op der Arbed, wou hien et an engem Buro versicht, ma séier d’Nues voll hat, ouni ze zécke seng Kënnegung agereecht huet. „Deen heite gëtt kee Büroshengscht, dat ass dach kee Liewen“, soll hien deemools zu e puer Kolleege gesot hunn an huet sech doropshin aus dem Stëbs gemaach. Op der Schmelz war seng Kreativitéit net gefrot, an d’Produktivitéit an den „Tonnage“ huet de Lofy léiwer aneren iwwerlooss. Aus der Toscane ass hien zwar räich un Erfarung a mat vill kulturell-konschthandwierklechem Bagage, awer zimmlech midd a mat eidelen Täschen zeréckkomm.

Wéi am Aznavour sengem Lidd „La Bohème“ dierft hien dunn eng Zäit mat senger deemooleger Frendin vun „amour“ an net nëmmen „eau fraîche“ gelieft hun, éier hien Uarbecht gesicht an och e bësse méi wäit ewech am schéine Venedeg fonnt huet. Do war et nämlech kurz virdrun zu enger fir hie perséinlech providentieller „Joerhonnertiwwerschwemmung“ komm, der sougenannter „Acqua altissima“, woubäi eng ganz grouss Zuel vu rare Konschtwierker béis abiméiert goufen!

Well se net genuch eege Spezialiste mat Fachwëssen am Land zesummekritt hunn, huet den deemoolegen italienesche Kultusministerium doropshin en Appell u Kënschtler a ganz Europa lancéiert, fir dach op Venedeg, „la sérénissime“, ze kommen a sech do un deenen opwendege Restauratiounsaarbechten ze bedeelegen.

Iwwer d’Uelzecht fort an op e puer Emweeër erëm zeréck an d’Stad

Gleich no deem S.O.S. huet sech den eegewëllege Wil dohin op d’Socke gemeet an huet och direkt do eng sengem Kënnen a Wëllen ugepassten, gutt bezuelte Beschäftegung fonnt. Dohanne huet sech eng räich amerikanesch a grad esou exzentresch Artistin wéi hien an de Wil verknallt – hien hat, wéi gesot gouf, vill Succès bei de Meedercher – an si huet hien direkt mat sech am Gepäck iwwert den Ozean geholl.

Dohannen huet d’Madame hirem „boyfriend“ ënner anerem, fir unzefänken, gläich emol e Segelschëff spendéiert, mat deem eise Wil, änlech wéi de Sänger a geléierten Ingenieur Antoine an der Karibik, e bësse gefëscht an duerno Touriste mat u Bord geholl a Guide gespillt huet. De Wil, dee selwer bis an den héijen Alter gär gedämpt huet, wollt du leider zu engem méi lukrative Geschäft iwwergoen an ass op déi schlecht Idee komm, fir wäit iwwert säin Hausgebrauch eraus Marihuana a gréisserer Quantitéit ze transportéieren.

Dat ass net laang gutt gagngen, dunn ass hie gepëtzt gin; hien hat ausgesegelt a krut säi Schëff konfiskéiert. Géint eng Cautioun, déi senger ganzer „fortune“ entsprach huet, koum de Wil erëm op fräie Fouss a mat Gléck am Ongléck erëm fräi an zeréck aus den USA an eise Süden.

Hie war schlecht drun an hat Chance, datt en um Zolverschlass bei engem bekannte Kappdokter a Konschtmäzen an enger historescher, ma riichtewecher Dependenz ënnerkoum an op déi Tour op d’mannst erëm fir eng Zäit en Daach iwwert dem Kapp fonnt hat.

De Wil hat zum Gléck nach e puer aner gutt Frënn, sou de Pit Lavandier, mat deem hien 1955 zesummen an der Industrieschoul war an deen hien op „quinta“ verlooss huet. Déi Frëndschaft huet e Liewe laang gedauert, an de Pit, deen am Hotel Royal fir Holzariichtung zoustänneg wuar, huet 1982 do am Sënn vum Wil vermëttelt an et fäerdeg bruecht, dat dee 400 Biller am „Royal“ ofsetze konnt, déi an den Hotelszëmmeren a Suite vum Luxusétablissement opgehaange gi sinn!

De Lofys Wil huet sech nees erkrabbelt a mat dem Kënschtlerkolleeg Nico Thurm zesummen der Gemeng e flotte Projet fir eng Fontaine op der Escher Stadhausplatz ënnerbreet, deen awer, kaum beuecht, einfach verworf gouf …Dobäi wuar dem Lofy a sengem Kolleeg säi Projet wäit manner „loufoque“ wéi Joren duerno engem gewësse Louafi, am Duo mat der deemooleger Buergermeeschtech, hiren iwwerspanten Heller Plang.

Et sief awer gesot, datt de Lofy vun deene vum Vanna Kerg-Colling gutt gefouerten „amitiés italo-luxembourgeoises“ elo kierzlech nach den Optrag kritt hat, fir am Kader vun Esch2022,eng kleng Skulptur bäizesteieren, déi hien och „gewëllt“ wuar, ze realiséieren. Hien wuar domadder amgaangen, mee et ass elo guer net sécher, ob déi „oeuvre inachevée“ jeemools an Esch zum Virschäi kënnt!

Bye, bye, Esch/Uelzecht …

No dësem leschte vergebleche Versuch, fir dach nach Prophéit a sengem raue „pays“ ze ginn, huet hien Esch definitiv de Réck gedréint an a Richtung Haaptstad verlooss, wou deen dach „stuark“ enttäuschten Escher Jong sech eng Grëtz méi „Versteesdemech“ bei konschtbewanderten an … besser bemëttelte Clienten erhoffe konnt! Ausser am Centre „Mercure“, wou de Lofy mat der Lut am Trapenhaus säin Talent opblëtze gelooss huet, ass et schwéier, a senger Geburtsstad eng weider Realisatioun vun him ze fannen …

Éier de Wil sech, symbolesch betruecht, a sengem Nachen iwwert d’Uelzecht resigniéiert an d’Stad ofdrifte gelooss huet, fir am Gronn unzeleeën an u Land ze goen, ass hien nach bei sengem treie Jugendfrënd, dem Dr. Frank, passéiert, fir him Äddi ze soen, an huet him bei der Geleeënheet ee vun him signéierten „Tableau“ geschenkt, mat der eemooleger flotter Widmung „vum Lofy fir de Fränki“! Säi Frënd Frank, deen a senger Jugend bal grad esou hardi, fir eng kuerz Zeit op d’mannst, zur Séi gefuer ass, an dat zesumme mat engem weidere legendären an onvergiessenen Escher, dem „Kopesse Fred“, héich uewen op engem Pirateschëff bei der Kavalkad, anno dazumal, déi ganz laang Uelzechtstrooss op an of …!

Dohanne krut de Lofi direkt interessant Opträg, wéi z.B. déi folkloristesch Hämmelsmarschskulptur um roude Pëtz, dei gebierteg Birmerenger Maus Ketti zu Munneref an de Bacchus, fir deen Inspiratioun a Gestaltung him kaum schwéiergefall dierfte sinn zu Réimech.

Ouschterméindeg konnt ee beim Wil a sengem Meedche Péckvillercher – mat engem „P“ vir, als éischte Buschtaf wannechgelift – kafen an dra päifen a blosen. Duerch déi ganz Rei vun Kreatioune konnt hie sech weiderhin iwwer Wasser halen, an dach huet et hien no dëser fir hien dach erstaunlech braver Parenthèse erëm fir eng schöpferesch Paus op en Neits eraus an die grouss Welt a Richtung Südamerika un d’Mier gezunn.

Ee „port d’attache“ am „Stater Gronn“ …

Dem „appel du grand large“ konnt de Wil net widderstoen an ass nees op d‘Rees gaangen. Am Ganze soll hien eng hallef Doze mol d’Navette tëscht Lëtzebuerg a Südamerika gemeet hunn. Dohannen am Chile huet de Wil ënnert anerem aus ugeschwemmtem Holz nei geckeg Konschtstécker geschaf. Mat aneren artistesch recycléierten Dreifholzunikate koum hien zeréck op Lëtzebuerg. Den Herr J.P. Raus, den demoolegen „public relations“-Verantwortleche vun dem Mittal senge Schmelzhärevirgänger, huet dem Lofy dunn d’Propose gemeet, fir an der Schlassguartgalerie seng neiesten „loufoque“ Wierker, dorënner e „gäilen“ eroteschen Holzdësch, esou wéi ganz erfrëschend „peace and love“-Aquarellen, bei deenen hie sech um Kamasutra inspiréiert hat, auszestellen.

De Lofy, deen nach eng Rechnung mat der Arbed opstoen hat, a Jore virdrun zur Hënnerdier do fortgelaf war, huet agewëllegt an ass déi Kéier zur allerviischter Poart, durch dee vu senger fréierer Bekannten Nelly Moia Ufank 70 in extremis bewaarten Berwartsturm erëm erastolzéiert, mat sengem typesch schelmesche Lächeln ëm de Mond …! Mär hunn déi Ausstellung besicht a kënnen eis nach gutt un déi ästhetesch réusséiert an herrlech geformten hölze Buedbidden erënneren, déi awer leider d’Waasser net ëmmer wierklech laang gehalen hunn, wéi et verschidde versnobten, sech „im Nachhinein“ gefopt gefillte „Boboen“ duerno beim Gebrauch leider hu misse feststellen … „sacré“ Lofy!

Treie Lieser
14. Juli 2021 - 13.12

@ van Hulle. Ma merci un den Auteur, flotten Noruff op en super Mensch! Aeren gudden Numm ass wiirklech net ze fannen, minibutzeg verstoppt, um handy illisible. Sot hinnen si sellen dat mol dalli verbesseren. LG

Jemp
14. Juli 2021 - 11.11

@X/ 13 . Juli 2021 um 22.38 Uhr - Akt.: 13. Juli 2021 um 22.38 Uhr Von Guy van Hulle / Dat steet ganz uewen, riets vu "LOKAL" an enger ganz hellgroer, winzeger Schreft op wäissem Hannergrond. D'Tageblatt online liesen ass net esou einfach!

X
14. Juli 2021 - 8.26

Auteur?