Mam Handy op den Zebrasträifen

Mam Handy op den Zebrasträifen

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Zënter datt et den Handy gëtt, fällt et engem ëmmer méi op, datt di nei Erfindung em sech gegraff huet wéi d’Pescht a mat der Handy-Manie eng regelrecht nei Krankheet geschafen huet: Ob am Bus, am Zuch, am Buttek, op der Toilette, am Kino, am Theater, iwwerall rabbelen di Dénger an deenen onméiglechsten Téin. A schwätzen deet een och bal net méi mateneen, et schreift een nëmmen nach SMSen amplaz de Kontakt vu Mënsch zu Mënsch ze sichen.

Wat engem awer ganz besonnesch a leschter Zäit an d’A gefall ass an engem ferm op de Su geet – fir net méi ze soen –, dat ass, datt den Handy elo ëmmer méi d’Trottoiren an esouguer d’Zebrasträifen eruewert.

Wéi dacks gëtt een um Trottoir regelrecht erféiert, well een do kënnt, deen d’Aen um Handy oder um Tablet huet an dann an ee knuppt; vun Entschëllegung kaum eng Spuer.
Mee nach vill méi geféierlech, jo, esouguer liewensgeféierlech ass di Manie ginn, direkt vum Trottoir flatsch op d’Zebrasträifen ze trëppelen, ouni riets a lénks ze kucken. Un de Chaufferen an un de Motos- a Vëlosfuerer hält et dann nach just, ob ee mam Handy am Grapp vir um Küler lant oder net, meeschtens och nach mat zwee Knäpp am Ouer, fir ganz eleng mat senger Musek ze sënn. An dëser kaler Joreszäit gëtt dëst irresponsabelt Behuelen dann nach méi geféierlech, well muench een am Reen an an der Keelt och nach d’Kaputz bis iwwer d’Nues zitt an sech esou komplett vun der Ëmwelt ofkapselt, jo, esouguer anigelt.

Et ass wuel luewenswäert, datt d’Police esou vill Kontrolle wéinst dem Alkohol an der leider vill manner wéinst dem Handy am Auto an dem Sécherheetsguert mécht, mee se sollt och emol aner risikoräich a verbuede Praktiken iwwerwaachen, wéi kee Winker beim Ofbéien an
eng Strooss oder am Rondel umaachen, am just dënne Flom vun Niwwel d’Niwwelluuchte vum September bis den Abrëll brenne loossen, d’Luuchten net kontrolléiere loossen, ouni Luucht mam Vëlo fueren an eben och a besonnesch geféierleche Situatiounen um Handy klimperen, besonnesch op den Zebrasträifen.

Domat géif d’Zuel vun de geféierleche Situatiounen an domat och vun den Accidenter bestëmmt drastesch erofgoen.

Roby Zenner

roger wohlfart
14. September 2018 - 10.19

Et freet ee sech wou dat nach hiféiert mat där Handymanie. Egal wou, egal wéini, iwwerall begéint een, op Schratt an Tratt , op deenen onméiglechste Plazen a Situatiounen, Leit mam Handy telefonéieren. Trotz dem Verbuet sinn der nach ëmmer, déi iwwert dem Fueren hannert dem Steier den Handy beim Ouer halen. Och Cyclisten , si hunn zwar keng Schell ( well déi sinn onheemlech deier ) mengen iwwert dem Pedaléieren onbedengt telefonéieren ze missen. Am Verkéier hölt haut kaum nach een op deen aner Rücksicht, obschons mer all gläichermoossen Autofuerer, Cyclisten a Foussgänger sinn. Respekt a Courtoisie sinn nët méi gefrot! Genee sou wéi merci a pardon.

Pegasus
1. September 2018 - 10.32

Den Hä£r Zenner huet natierlech recht,mä wat grad esou schro ass an nach méi geféeirrlech ass d'Tatsaach,datt ëmmer méi Vëlosfuerer et selbstverständlech fannen,iwwer den Trottoir ze jauwen.Dobäi ass dat vum Gesetz hir verbueden.Just Kanner duerfen den Trottoir benotzen. E puer Leit huelen nach e wéineg Rücksicht op d'Foussgänger,di meescht ower net ,de Foussgänger muss réckelen,an de Vëlosfuerer laanscht loossen.Virun 2 Deeg ass e jonke Borscht hei de Boulevard erofgedonnert an huet gebläert "Away"!Firwat gëtt deem geféierleche Spill einfach nogekuckt??