Eng debil Gesetzesännerung

Eng debil Gesetzesännerung

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Et ass rëm esou wäit, dat verschidde Politiker bewisen hunn, datt si iwwerkompetent an hirer Inkompetenz sinn, an ech weess net, wien de Genie ass, deen dëst Gesetz geschriwwen huet, mee hien an den Transportminister sollten einfach hiert Amt ofleeën!

Scho Jore laang streide mir, fir datt Lëtzebuerg och een ëffentlechen Transport kritt, deen adaptéiert ass, fir Leit am Rollstull kënnen ze transportéieren, leider huet elo rëm dem MDDI seng Decisioun de Buedem aus dem Faass geschloen mat enger vläit schneller, mee ganz dommer Gesetzesännerung an der Sécherheet am Persounen-Transport!

Et ass net ze verstoen, datt esou wichteg Saachen am Gesetz geännert ginn, ouni dass kompetent Leit gefrot ginn, di eng Ahnung hunn!

Ech kommen elo op den Punkt, mir hunn plus-minus 20 Joer gebraucht, fir dat mir accessibel Busse kréie mat Rampen, fir datt ee mam Rollstull erakënnt. Mir hunn elo een Tram, dee jo och rollstullgerecht soll sinn, mir hun souguer elo Waggonen, di Rampen hun, mir hunn ee spezielle Service Adapto fir de Behënnerten-Transport a mir hunn 1.000 Taxi-Ambulanzen, di endlech rollstullgerecht sinn an sou weider!

Jo, dat klengt jo gutt, mee duerch dat neit Gesetz am Transport däerf elo kee Rollstullfuerer méi matfueren an et gëtt och kee méi matgeholl, deem säi Rollstull keng Kappstäip huet! Wat soll dee Blödsinn? Keen eenzegen aktive Rollstull huet eng Kappstäip, eng Kappstäip um Rollstull gëtt just bei schwéiere Fäll speziell dropgebaut, well déi Leit se tatsächlech duerch hir Pathologie brauchen, mee dat sinn 1% vun de Rollstullfuerer.

Also ass eisem Super-Transportminister gelongen, datt Lëtzebuerg dat eenzegt Land ass, wat sech no hannen entwéckelt! Wéi traureg ass dat dann? Amplaz ze kucken, wisou d’Ëmsetzung vum neien Accessibilitéits-Gesetz sou schleeft – mir si schonn ee Joer iwwer di fënnef Joer, déi Lëtzebuerg hat, fir dat Gesetz ëmzesetzen, an et schleeft an et schleeft.

Ech selwer kämpfe säit 32 Joer fir d’Accessibilitéit an d’Integratioun vu de behënnerte Leit an ech sinn onendlech traureg iwwert esou Saachen. Wann eis Politiker géife léieren, op Leit ze lauschteren, di kompetent sinn, géif dat fir eise Staat vill mi bëlleg ginn a mir hätte vill méi zefridden (behënnert) Bierger.

Luciano Fratini

roger wohlfart
8. August 2018 - 16.13

Eise Supertransportminister gesäit dach vill méi grouss a vill méi weit wéi fir sech mat engem handicapéiertgerechten Transport ze beschäftegen. Wa säin Tram définitiv bis leeft, sinn all Problemer geléist!