LeserbriefD’Digitaliséierung als verkannte Chance fir en neit Mobilitéitskonzept

Leserbrief / D’Digitaliséierung als verkannte Chance fir en neit Mobilitéitskonzept

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

D’Digitaliséierung huet scho längst stattfonnt a mir ginn nach net sou richteg eens domat: Wéi vill Leit stinn all Dag am Stau, fir bei hire Computer bei de Patron ze fueren? 90% vun all deene Leit kéinten, wéinst där «Digitaliséierung» vun hirer Aarbecht, ganz normal vun doheem aus schaffen. Fréier war et en «Atout» e Führerschäin ze hunn, haut geséich «hunn eng 100Mbit-Internet-Verbindung doheem» besser aus op engem CV!

Awer soulaang den Internet doheem ausschliisslech mat Entertainment a Verbindung bruecht gëtt, bréngt d’Digitaliséierung an eiser Gesellschaft näischt.

PRO vun der Teleaarbecht:

  • Reduktioun vum Stau vun 90%, well déi Leit e groussen Deel vun doheem aus schaffe kënnen.
  • Mir bräichte keng Crèchen, well d’Kanner doheem kënne versuergt a beschäftegt ginn.
  • Mir bräichte keng Maison Relaisen, well d’Kanner souwisou entweder Mam oder Papp oder souguer déi zwee doheem hunn.
  • Wahrscheinlech wieren d’Altersheimer och net sou voll, well Bomi a Bopi op d’Kanner kënnen oppassen, wann d’Eltere fir e Meeting mussen an d’Firma fueren.
  • Déi Firme bräichte keng sou grouss zentraliséiert Gebaier mat Groussraumbüroen opzeriichten.
  • Ressourcen an Nerve gi gespuert …
  • Den ugestriefte finanziell gemoossene Wuesstem kéint bäibehale ginn an eventuell souguer gesteigert ginn.

… an et ginn sécher nach vill méi Proen …

KONTRA:

  • De Patron kann net kontrolléieren, ob esou een «Teleaarbechter» och virum Computer sëtzt a seng Aarbecht mécht.

An do läit den Hues am Peffer:

Mir verkafen ons Liewenszäit an déi gëtt op d’Stonn Präsenz op enger zentraler Platz bezuelt, op déi een sech muss hibeweege mat dem ganze Misär, deen dat mat sech bréngt.

Obwuel d’Aarbechtsplaz scho laang digitaliséiert ass!

Fazit:

De richtege Benefice vun der Digitaliséierung an onser Gesellschaft kann nëmmen op Vertrauensbasis jidderengem zeguttkommen.

D’Patrone missten an Zäite vu WhatsApp, Skype, Facebook, LinkedIn asw. akzeptéieren, dass d’Aarbechtsplaz scho laang digitaliséiert ass an dëst zu hirem an dem Mataarbechter hirem Virdeel asetzen.

Awer! Vertrauen ass eben eng Kommoditéit, déi duerch d’Digitaliséierung an onser Gesellschaft verluer geet … (Schutz vu perséinlechen Donnéeën, Angscht virun Iwwerwaachung etc.)

Dofir sinn ech éischter pessimistesch a kucken traureg no, wéi un engem «Mobilitéitskonzept» fir déi nächst 20 Joer gebastelt gëtt, fir déi alldeeglech Migratioun an der Groussregioun duerch Mega-Investissementer an (dach eigentlech iwwerflësseg) Infrastrukture besser ze kanaliséieren.

Soulaang et e Statussymbol ass mat engem ëmmer méi décken Auto moies am Stau ze stoen, si mir wäit ewech vun de Beneficer, déi d’Digitaliséierung versprécht, a wäit dovun, dass déi och an alle Beräicher effizient kann duerchgefouert ginn.

Raphael J.

Claude Oswald
3. April 2019 - 14.08

Net all Beruff eegent sech fir den Télétravail. Eng Vendeuse an engem Kleedergeschäft ka wuel schlecht vun doheem aus Kleeder verkafen, ausser si stellt hir Wunneng dem Patron als Kleederbuttek zur Verfügung. Handwierksleit déi um Bau schaffen, mussen op de Bau fueren. De Bau kënnt net bei si heem. Camionen déi Wueren transportéieren, si forcément op der Strooss ënnerwee. Affekoten hunn hir Etüd meeschtens an der Noperschaft vum Geriicht. Dat wëllt net soen, dass den Télétravail eng Utopie ass. Awer et däerf ee sech ménger Meenung no keng Wonner vum Télétravail erwaarden. Den Télétravail généralisé bleift eng Illusioun.

Men
28. April 2018 - 9.09

Och wann een vun Doheem aus schafft, muss een nach Eppes ofliwweren. „D‘Iwwerwaachung“ vun den Aarbechter ass also och beim Teletravail automatesch. Entweder ass d‘Aarbecht um Enn vum Dag gemaach, oder net. Op um Buero oder vun Doheem aus. D‘Sécherheet gëtt scho méi schwiereg. Et géif méi einfach ginn fir Briganden sech Zougang zu engem PC vun der Firma ze verschafen. Mee och dat wier sécherlech ze léissen.