Här Wiseler,
Dir hutt rezent an enger Pressekonferenz behaapt, dës DP-LSAP-Déi Gréng Regierung wär eriwwer, an Dir maacht Äre Constat dorunner fest, dass déi verschidde Regierungsparteie lues a lues Positioune bezéien, zu Sujeten, déi fir si an der nächster Legislaturperiod wichteg ginn.
Wat ass da w.e.g. onnatierlech un dem Ëmstand, dass och 3 Koalitiounsparteien sech 1 Joer virun den nächste Walen doriwwer Gedanke maachen, wat no Oktober 2018 soll am Land geschéien?
Den Dan Kersch huet et kierzlech treffend formuléiert: och wann DP, LSAP an déi Gréng eng Regierung forméieren, esou sinn et dach awer 3 verschidde Parteien, mat verschidde Prioritéiten, a verschidden Usiichten! Dir selwer hutt dach ëmmer déi gréisste Problemer domat gehat, dass déi 3 Regierungsparteien ze geschlossen optrieden.
Dir hutt dach ëmmer virdru gewarnt, dass et zu engem Lagerwahlkampf kënnt, wou déi 3 Regierungsparteie virun de Wale géifen annoncéieren, erëm wëllen zesummen ze regéieren.
Elo, wou et kloer gëtt, dass déi 3 Parteie selbststänneg mat eegenen, kloeren Iddien an dës Wale wëlle goen, ouni Koalitiounsausso zu kenger Säit hin – de Wieler soll entscheeden – ass et och net gutt.
Heiansdo ass et wierklech schwéier ze verstoen, wat Dir an Är Partei eigentlech wëllt. Dir hutt mech dofir kritiséiert fir weiderhi fir Wuesstem zu Lëtzebuerg anzestoen, Dir sot awer a kengem Wuert, fir wat d’CSV da steet. Ech sinn, zesumme mat ville concernéierte Regierungskollegen, zanter 2 Joer amgaang, Alternativen zum aktuelle Wuesstemsmodell ze sichen, dat mat Hëllef vum Jeremy Rifkin, ronn 350 Lëtzebuerger Experten, an am Kader vun engem largen ëffentlechen Débat. Mir hunn et fäerdeg bruecht, zesummen e Konzept auszeschaffe, wéi Lëtzebuerg och weider ka wuessen, ouni all déi negativ Begleiterscheinungen ewéi Stauen, Ëmweltverschmotzung, héich Logementspräisser etc. mussen a Kaf ze huelen (weider Informatiounen op www.tirlux.lu).
Debatt am Parlament
Dozou hate mer jo och rezent eng laang Debatt am Parlament, wou vun Ärer Säit leider nëmme Kritik koum, mee keen eenzege konstruktive Virschlag. Dir limitéiert Iech drop, de Leit Angscht ze maachen, dass Lëtzebuerg mat deem Wuesstem an 43 Joer, also 2060, vläicht eng Kéier 1 Millioun Awunner zielt. Dir sot dat, obschonn Dir wësst, dass laut dem Statec d’Land och mat null Wuesstem bis dohinner wäert 1 Millioun Awunner zielen.
Ech perséinlech muss Iech soen, dass ech generell näischt vun esou Laangzäit-Prognosen halen, well se ëmmer nëmme kucken, wat déi lescht puer Joer geschitt ass, an dat dann an d’Zukunft extrapoléieren, ewéi wann ni méi eppes géif änneren. All ähnlech Étuden aus de vergaangene 40 Joer hunn sech am Nachhinein als falsch erwisen. Laut dem Calot-Bericht aus de 70er Jore misst Lëtzebuerg haut ausgestuerwe sinn, a laut dem Jean-Claude Juncker senger Rentemauer missten eis Rentekeesen zanter dësem Joer Faillite sinn. Fakt ass, dass se esouvill Reserven hunn ewéi nach ni virdrun an hirer Geschicht.
Dovun ofgesinn, wëll ech Iech awer och op d’Onkohärenz vun Äre Fuerderungen opmierksam maachen: Dir hutt d’lescht Joer géint d’Steierreform gestëmmt, well Ärer Meenung no d’Steiere fir d’Betriber net genuch erofgesat goufen. Hätte mer dat gemaach, wat d’CSV gefrot hat, da wäre mer jo nach méi kompetitiv ginn an hätten doduerch nach méi Wuesstem ewéi elo schonn. Et kann een net fir manner Wuesstem plädéieren, a gläichzäiteg Mesurë verlaangen, déi just de Contraire bewierken …
Mee dovun emol ofgesinn: Dir wësst ganz gutt, dass eise Liewensstandard zu Lëtzebuerg just doduerch esou héich ass, well mer et fäerdeg bréngen, wirtschaftlech méi attraktiv ze sinn ewéi eis Noperen.
Firwat verdéngt ee Schoulmeeschter oder Proff zu Lëtzebuerg dat Duebelt oder Dräifacht ewéi säi Kolleg an der Belsch oder a Frankräich? Firwat kritt e Polizist oder e Staat- a Gemengebeamten am Allgemengen hei am Land mindestens duebel esou eng héich Pai ewéi an eisen Nopeschlänner? Firwat sinn eis Renten a Pensiounen zwee- bis dräimol esou héich ewéi am Ausland? Firwat hu mir anstänneg Infrastrukture wat eis Schoulen, Spideeler, Stroossen asw. ugeet?
Ouni Wuesstem, oder och mat manner Wuesstem, kënne mer deen héije Liewensstandard vun de Lëtzebuerger net oprechthalen. D’Finanz- a Wirtschaftskris vun 2008-2013 huet eis gewisen, wat en niddrege Wuesstem vun ënner 2% fir eist Land bedeit: An enger eenzeger Legislaturperiod huet déi viregt Regierung d’Staatsschold misse verdräifachen, fir net ze vill sozial Aschnëtt bei de Bierger mussen ze maachen …
Ouni Wuesstem géifen natierlech eis Logementspräisser falen, mee dann hätte mer ganz schnell en anere Problem: Zéngdausende Leit hätte Prêten op hir Haiser, déi méi héich wären ewéi hire Marchéspräis! Se wären de facto Faillite. Fir et kloer ze soen, Här Wiseler: Jo, ech stinn och weiderhi fir Wuesstem, nohaltege Wuesstem, an dofir dass mer domat eise Sozialstaat kënne weider garantéieren an ausbauen, dass mer de Bierger weiderhin anstänneg Léin an anstänneg Infrastrukture kënne garantéieren.
Woufir stitt Dir? Bis elo hunn ech vun Iech an Ärer Partei just Wuesstemskritik héieren, mee keng Alternativen. Dir hutt zwar virun engem knappe Joer (de 24.12.2016) um Radio 100,7 gesot, et misst een am Fall vu manner Wuesstem d’Rente kierzen, d’Cotisatiounen eropsetzen an och de Rentenalter eropsetzen. Mee dovun ofgesinn, dass dat weder fir mech nach fir meng Partei a Fro kënnt, wësst Der, dass dat guer net géif als Spuermoossnam duergoen, wann eise Wuesstem laangfristeg sollt ob beispillsweis 2% limitéiert ginn. Wou géift Der dann nach kierze goen, fir Iech de Luxus vu manner Wuesstem leeschten ze kënnen?
Keng Angscht maachen
Ech fir mäin Deel sinn der Meenung, dass e responsabele Politiker, zemools een, deen den Usproch huet, d’Land eng Kéier ze leeden, de Leit net soll Angscht virun hirer Zukunft maachen. Hien soll Léisunge proposéieren, Virschléi maachen, ewéi een d’Zukunft positiv ka gestalten.
D’Digitaliséierung, d’Robotiséierung, déi kënschtlech Intelligenz si grouss Erausfuerderungen, déi op eis duerkommen, mee et sinn och si, déi et eis an Zukunft wäerten erlaben, anescht ze wuessen, ze wuessen, ouni déi bekannten negativ Repercussiounen op eis Ëmwelt. D’Welt dréint weider, mat oder ouni eis, dofir kommt a mir maachen dat, woura mer zu Lëtzebuerg ëmmer gutt waren: d’Zukunft mat Optimismus zesumme gestalten, am Interêt vun eise Bierger a speziell vun deene jonke Leit. Am Interêt och vun engem staarke Sozialstaat an enger Gesellschaft, déi zesummenhält.
Dofir stinn ech, Här Wiseler. Woufir stitt Dir?
Von Etienne Schneider, Vizepremier a Wirtschaftsminister
ouni wuestum get et net ? froen mir mol d japaner. hun sait 20 joer keen wuestum mei gesinn an sinn awer nach do. do ginn d leit souguer mi aal wi soss op der ganzer welt..(liewensqualiteit kann also net un ekonomeschem wuestem leien)
Testgeländ vun engem ekonomeschen Theoretiker ze ginn? (Rifkin) nee merci.
weieng ekonomesch Theorie huet dann bis haut fonctionneiert? net 1. gesinn mir jo grad an der EU.
Steierreform 2017? lo get et schon baal grotesk. sozial an renten system zu Letzebuerg? un inégaliteit schweier ze topen.
Wann een als Regierung engem Land sou schued wi daat di lescht Zait geschitt ass dann ass haart Kritik un där Regierung daat eenzecht waat engem iwwerech bleiwt.
Op eng schein Wahl am Oktober.
Léiwe Minister,
Aert Argument ass erschreckend: mir brauchen Wuestem well eisen soss brecht alles zesummen! Also sin mer an eisem Schéiballsystem gefangen an mir kucken wéi laang mer et ouni Crash packen (Dir nennt dat euphemesch Optimismus.) Symptomatesch ass dann och den Projet Space-Mining, den total grotesk ass an am Fong Stetz vum Eisbierg: mir mussen , wann mer et färdeg brengen eis Ressourcen ze géréien an den Weltall expandéiren. Nennt Dir dat Visionen ech nennen dat Illusiounen.