Großherzog Henri wendet sich nach dem Tod seines Vaters mit diesen persönlichen Abschiedsworten an die Luxemburger Bevölkerung.
Léif Matbierger,
Haut, um Dag vum Begriefnes vun eisem léiwe Papp, wëll ech Iech soen, wéi vill hien eis, senge Kanner, Schnaueren an Eedemen, Enkelen an Urenkele bedeit huet. Hie war ëmmer fir seng Famill do, trotz senger héijer Aufgab, déi hie mat vill Verantwortungs- a Flichtbewosstsinn gemeeschtert huet. Dobäi konnt hien och op déi wäertvoll Ënnerstëtzung vu senger Fra, menger Mamm, der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, zielen.
Säin oppent an häerzlecht Wiesen a seng Fäegkeet, op d’Leit zouzegoen, hunn all déi Mënsche beandrockt, déi hie begéint huet. Hie war en aussergewéinlech positive Mënsch. Hie konnt sech ëmmer fir alles begeeschteren, an huet drop gehalen, um Forum, dee meng Fra organiséiert hat, deelzehuelen, grad ewéi Ausstellunge kucken ze goen, bis e puer Deeg, éier hien an d’Spidol koum.
Alles, wat am Land geschitt ass, huet hien intresséiert verfollegt. Souguer de schwieregen Dossier vum „Brexit“ hat nëmme wéineg Geheimnisser fir hien. Ech sinn iwwerzeegt, datt
eisem Papp seng Oppenheet a Begeeschterung dozou bäigedroen hunn, datt hien esou en heijen Alter erreecht huet. Seng Liewensfreed huet sech op eis, seng Famill, iwwerdroen a säin Humor huet eis méi wéi eng Kéier Tréine vu Laachen an d’Ae gedriwwen. Hie war eis eng grouss Stäip, huet eis an eisem Handelen encouragéiert an eis Decisioune respektéiert.
Säi Liewe war gepräägt vu senger Léift zur d’Heemecht a vu senger grousser Verbonnenheet mat senge Landsleit.
D’Erliefnesser wärend dem Krich hunn zu enger aussergewéinlecher Complicitéit zu senger Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte, gefouert. Eise Papp huet un dat Gutt an all Mënsch gegleeft an hie war besonnesch houfreg op d’Entwécklung vun eisem Land an de leschte Joerzéngten. Datt säi Vollek him dëser Deeg esou zahlreich eng lescht Éier a Verbonnenheet erweist, ass fir mech eng vun deene wichtegsten Erfarunge vu mengem Liewen.
Virun e puer Wochen, wéi de Grand-Duc Jean an d’Spidol koum, war et eis Alleguer wichteg, bei him ze sinn, esou wéi hie säi Liewe laang fir eis do war. Hie war den Zentrum vun dräi Generatiounen. Zwee Deeg, éier hien eis verlooss huet, huet hien all deene Merci gesot, déi sech mat vill Dévouement ëm hie bekëmmert hunn. Hien huet eis dunn och Äddi gesot. Seng lescht Wieder hunn nach eng Kéier seng Gréisst a seng Suerg fir seng Matmënsche gewisen. Hien ass friddlech entschlof no engem erfëllte Liewen.
Mir, seng Kanner a seng Famill, si frou an houfreg, hien als Papp gehat ze hunn.
Merci Papa,
Mir soen Dir vun Häerze Merci fir Alles, wat s Du fir eis gemaach hues.
Henri
Mir sin Trëinen komm wéih ech de möien den ganz émouvanten soe mer Abschiedsbréif gelies hun .Doraus konnt en liesen wéih frouh Kanner mat hirem Papp a Grouspapp waren.Mais leider as daat haut net an all Famill de Fall an daat stëmmt en ganz oft traureg
En ergräifenden, öffentlechen Hommage vun eisem Groussherzog Henri u säin onvergiessleche Papp Jean. Respekt fir déi oppen a perséinlech Wieder!