Im Rahmen der Vorstellung der großen CFL-Projekte letzte Woche war angekündigt worden, dass die Strecke Steinfort-Kleinbettingen geschlossen werden soll. Deren Aus ist laut Landesverband und «Aktioun öffentlechen Transport» aber «eine verkehrstechnisch falsche Entscheidung». Am Dienstag wurde die Linie dann auch definitiv außer Betrieb genommen. Die Schienen sollen abgebaut werden. Auf der Trasse soll ein Fahrradweg entstehen, heißt es. Die Möglichkeit einer Weiterfahrt nach Arlon besteht derweil nach wie vor. Im Juli dieses Jahres wurde der Bahnhof in Kleinbettingen modernisiert. Ziel war es, einen besseren Schutz sowie leichteren Zugang zu den Zügen zu gewährleisten. Auch das Stromnetz wurde unter die Lupe genommen.
FNCTTFEL und «Aktioun öffentlechen Transport» bedauern das Aus dieser Teilstrecke und fordern von Infrastrukturminister François Bausch, die Stilllegung rückgängig zu machen und die Bahnstrecke Kleinbettingen-Steinfort nicht nur zu erhalten, sondern gar auszubauen und zu modernisieren. Die Zuglinie 50 (Luxemburg-Kleinbettingen-Arlon) sei hoffnungslos überlastet. In der Nähe des ehemaligen Bahnhofs von Steinfort befände sich genug Areal, um den bestehenden «Park and Ride» (P+R) auszubauen, so die Kritiker.
Nun müssten die Reisenden in Steinfort auf Busse in Richtung Hauptstadt umsteigen. Diese würden dann ungefähr 30 Minuten benötigen, um nach Luxemburg-Stadt zu fahren.
Minister wiegelt ab
Dort müssten viele Pendler dann aber nochmals umsteigen, um an ihrem Arbeitsplatz, zum Beispiel auf Kirchberg, zu gelangen. Das sei nicht hinnehmbar. Durch den Erhalt der Bahnstrecke könne man schneller über die Standseilbahn auf Kirchberg gelangen. Letzten Endes tue man auch etwas für die Umwelt, denn die Züge fahren mit Naturstrom.
Außerdem würden die Anrainer der route d’Arlon von der Wiedereröffnung der Linie profitieren, weil dann der Bus- und Individualverkehr dort abnehmen würde, so Landesverband und «Aktioun öffentlechen Transport». Zudem würde der P+R Kleinbettingen entlastet. Die etwa 140 Parkplätze dort reichen nicht mehr aus, um dem Fahrzeugansturm Herr zu werden.
Infrastrukturminister François Bausch zufolge macht es jedoch keinen Sinn, das Teilstück zwischen Steinfort und Kleinbettingen zu reaktivieren. Der Staat und die CFL würden 3,8 Milliarden Euro investieren – aber nur in sinnvolle Projekte. Auch bei anderen nicht mehr genutzten Strecken, unter anderem nach Bissen, mache eine Wiederbelebung keinen Sinn, ganz im Gegensatz von zum Beispiel den Zugstrecken nach Düdelingen oder Diekirch, auch wenn bei Letztgenannter der Erhalt schon grenzwertig sei, so Bausch.
Überraschung bei Bausch
Wenn man Steinfort wieder «aktivieren» wolle, bestünden zwei Möglichkeiten: entweder eine direkte Verbindung in die Hauptstadt oder ein Shuttlebus zwischen Kleinbettingen und Steinfort. Ein solches Projekt sei aber schwierig, durchzusetzen, unter anderem wegen technischer Schwierigkeiten und der Überlastung des Netzes. Es sei außerdem zu aufwendig. Deshalb sei es logischer, die bestehende Busverbindung zwischen Steinfort und der Hauptstadt mehr auf die Kleinbettinger Haltestelle auszurichten.
Sinnvoll ist es laut Bausch auch, P+R-Areale auf dem Zugstrang Arlon-Luxemburg zu schaffen. Auf Windhof sei ja bereits ein solcher P+R geplant, erinnert der Minister. In diesem Zusammenhang müsse man jetzt eine genaue Analyse durchführen, um zu schauen, ob der Bau einer Haltestelle dort sinnvoll wäre. Bausch ist über den Vorstoß der Gewerkschaft überrascht. Vor einer Woche, als die CFL-Großprojekte in den «Rotondes» vorgestellt wurden, sei auch der neue FNCTTFEL-Chef anwesend gewesen. Aber er hätte ihn nicht auf die Zugstrecke angesprochen.
Zu Demaart
De Fehler dee meeschtens gemaach gëtt wann eng Eisebunnsstreck ofgeschaaft gëtt, dat ass, dass eenzel Stécker vun der Trass verkaaft an duerno verbaut ginn. Dofir plädéieren ech dofir, dass een op d'mannst d'Trass erhale soll. Natierlech ginn ech Iech Recht wann Dir schreift, déi aal Schwelle wiere morsch. Dat ass jo evident. Mä wa mer landesplaneresch an d'Zukunft kucken, da mengen ech, dass mer gewësse Korridore fir den ëffentlechen Transport définéiere mussen. Respektiv däerf et net méi virkommen, dass bestehend Trasse gedankenlos verbaut ginn. Mer dierfen net nëmme kucke wéi et HAUT ass, mä mir mussen och driwwer nodenken, wou mer an 20 oder 30 Joer eventuell stinn.
Ech menge schonns, datt ech Iech richteg verstanen hunn. Dir schreift, datt een an 20 Joer déi Streck villäicht awer fir den Zuch géif brauchen. D'Schwällen vun der Stréck sinn awer elo(!) schonns marod. Säit de 60er Joren ass kee Persounenzuch méi op dëser Streck gefuer an d'Streck misst vu Grond ob nei gebaut ginn. Ech ginn Iech Recht, datt den Zuch eng immens gutt Alternativ zum Individualtransport ass. Awer nëmme wann eng Demande do ass. Zu Stengefort gëtt grad un eng Etude zur doucer Mobilitéit geschafft (zesumme mat de Bierger*innen!) an déi éischt Erkenntnisser sinn net, datt eng Zuchlinn Stengefort-Klengbette gebraucht gëtt. Mä ech waarden awer gäre bis d'Verëffentlechung vun der ganzer Etude a loosse mech vum Géigendeel iwwerzeegen. Et wunnen iwwregens och elo schonns e puer Dausend Leit zu Stengefort (5074 fir d'ganz Gemeng) an zu Eischen (1918 nëmmen Eischen). Wann ee vun Eische kënnt misst een iwwregens nawell deen éischten Deel vun der Stéck mam Bus oder Auto iwwert d'Strooss maachen... oder mam Vëlo iwwert déi al Atertlinn. Da schreift Dir an engem éischte Kommentär et sollt een de Leit nolauschteren, an duerno, am zweete Message schreift Dir d'Leit wieren sech net konsequent. Ma wat dann elo? Ech wëll dann awer och nach bemierken, datt d'Trace op kee Fall degradéiert gëtt. An hirem aktuellen Zoustand kann se net méi benotzt ginn. E Vëloswee wier also en UPgrade. A jo, et kann a soll roueg un déi all Atertlinn erënnert ginn – si ass schliisslech e Stéck vun eiser Geschicht. Dëst gëtt jo och elo schonns ob eng flott Manéier zu Stengefort beim Mirador gemaach.
Weie de Jang nach Buergermeeschter vun Stengefort woar Haag hien diese fir deien Streck erem opzemachen an e wier Baal gesteigert ginn vunn all denen deii do laanscht den Aalen Trace gebaut hunn
@REALIST: Wou komm Dir dann un déi doten Zuelen? Et ass ni vun 2400 Flüchtlingen zu Stengefort Rieds gaangen. Halt wann ech gelift op Ligen ze verbreeden.
Esou onsachlech Commentairen katzen mech unn!
Ech mengen, Dir hutt mech net richteg verstan. Wann de Wuesstem zu Lëtzebuerg esou weider geet wéi bis elo, wunnen an e puer Joer e puer dausend Leit zu Stengefort an zu Äischen, an dann hänkt de Bus all Dag am Stau. An deem Fall wieren d'Leit frou, wa se eng Alternativ, a Form vun engem Zuch hätten dee séng eegen Trass huet. D'Leit wiere sech dogéint, dass den Zuch hannert hirem Haus fiert. Awer déi honnerten an dausenden Autoen déi all Dag op der Strooss laanscht hiert Haus fueren, fanne se normal. D'Leit sinn sech net ëmmer konsequent. Den Zuch ass eng Alternativ zum Stroosseverkéier. An deem Sënn kann eng Velospist nimools eng Eisebunn ersetzen. Béid hunn eng komplett verschidde Funktioun. Dofir fannen ech et en Hohn, wann eng Eisebunnstrass "entwidmet" gëtt an zu enger Velospist degradéiert gëtt.
Wann dem Här Bausch säin fréiert Unterfangen, 600 Containeren à 4 Flüchtlingen, spréch 2.400 Flüchtlingen op dat Stéck hannert dem P&R Stengefort ze setzen, awer nach eng Kéier sollt emgesat ginn, dann wäert hien hei eng 180 Grad Dréiung virhuelen. Dann kéint net nëmmen d'Zuchstreckenetz reaktivéiert a moderniséiert ginn, nee, da kéint souguer op eemol den Tram vum Kiirchbierg bis op Stengefort fuehren. Da muss hien awer Gas ginn, well hien huet just nëmmen nach 1 Joer als Minister ze wurschtelen.
Do hun se jo och de grénge Clown vu Monsieur Hulot als Minister.
Dat d'Aterttrace bestoë bliwwen ass och lang nodeems d'Gleiser fort waren an och lang éier en op d'Iddi koum, fir do e Veloswee ze machen, huet eng ganz aner Ursaach. An zwar ass lang do e wichtegen Eisebunnstelefonskabel gelaaf, den als redundante Back-up fir aner Kabele louch. Dat am fall vun enger Stéierung op engem Kabel, d'Kommunicatioun tëscht Gare konnt ausweichen. Wahrscheinlech lait de Kabel nach haut.
"Diese würden dann ungefähr 30 Minuten benötigen, um nach Luxemburg-Stadt zu fahren." Das ist sehr Optimistisch. In der Regel ist man eher 60Minuten unterwegs.
Nee mir halen den Zuch, de Bausch kann jo mat sengem Vëlo op e Mound.
"In sinnvolle Projekte investieren", sowie eine Million Euro in das neue Polizei Logo. Man hat wirklich den Eindruck, dass alles gemacht wird um die Lage noch zu verschlimmern.
Die alten Gleise muessen ja weg ,sonst eruebrigt sich das ausbauen der Tram . Wer glaubt die Tram wuerde auf der einen Seite in Leudelange und auf den anderen Seiten aufhoeren ,der irrt . Sobald die jetzigen geplanten Strecken fertiggebaut sind und einigermassen laufen ,duerfte das Ganze als grosser Erfolg verkauft werden und insgeheim Stueck fuer Stueck verlaengert werden . Die Verschaerfung des Durcheinanders, durch weitere Busse aus Kleinbetten und Stengefort ,laesst sich dazu besser spaeter ,wieder als Bedarf fuer die Tram verkaufen,denn Gleise der CFL, die einmal herausgerissen und ein Fahrradweg gebaut wurde ,legt keiner mehr zurueck,
@Claude O.: 1. Firwat solle mir dann an 20 Joer eng Trace tëschent deenen 2 Dierfer brauchen? Och haut fiert do schonns e Bus. 2. Virun e puer Joer war eng Kéier dru geduecht gi fir d'Streck erëm opzemaachen. D'Bierger vu Stengefort hunn sech awer dogéint gewiert. 3. déi gréng waren an der Vergaangenheet nach net zu Stengefort vertrueden. Dat huet sech jo elo endlech geännert. 4. D'Gesetzer vum Tram sinn an der Chamber gestëmmt ginn. Do brauch een eng Majoritéit. An ech erënneren drun, datt de Projet Tram schonns op d'Virgänger-Regierung zeréck geet. Also keen "Alleingang Bausch"! 5. Et ginn hei keng Äppel mat Biere verglach. Eng stëllgeluechte Streck, déi net méi funktiounsfäeg ass, gëtt duerch eng nei Struktur ersat, déi e Lach am nationale Vëloswee-Netzwierk wäert zoumaachen, an doduerch vill wäert benotzt ginn. @Claude & Jean-Pierre, Zu Stengefort ass schonns ënnert CSV-DP um Projet vun engem Vëloswee geschafft ginn. LSAP-gréng hunn elo wëlles Neel mat Käpp ze maachen. Et gëtt also Konsens tëscht all de Parteien zu Stengefort. Da muss Dir och emol iwwerleeën, datt op dëser Streck tëschent Stengefort a Klengbette keng Stroumleitunge leien. Schwällen déi do leie sinn deelweis nach aus den 1950er Joren. Weder zu Hoen, nach am Klengbettener Wee zu Stengefort gëtt et eng Barrière iwwert d'Strooss. D'Zuchstreck misst also ganz nei gemaach ginn. Dobäi kënnt, datt ee vun der aler Stengeforter Gare e Bus an d'Staat kritt. Et fueren och Busse vu Stengefort an Hoen op Klengbettener Gare. @ClaudeK Zu Stengefort bei der aaler Gare (déi säit Joerzéngten e Gedrénksbuttik ass) ass schonns laang kee Persounenzuch méi gefuer. Do keeft also kee sech eng Wunneng nëmme wéinst dem Zuch.
de bausch mat senger grenger sippschaft muss mam zuch op den mound gescheckt gin
do darf secher keen Zuch méi fueren wengst där Fleedermaus die zu Stengefort wunt.
Et gi Leit, déi hiert ganzt Liewen (Wunneng) esou plangen, dat se an Zukunft mam öffentlechen Transport op d'Arbecht kommen. D'Leit kafen sech extra eng Wunneng no bei enger Gare, a gin da mat esou Mesuren widder de Kapp gestouss. Klengbetten ass jo nët déi éischt esou Aktioun, zu Diddeleng ass et jo në besser, wou se wëllen d'Direktverbindung an d'Stad ofschaffen.
A! dann nach meï Bussen deï am Stau hänken!Waat eent Getriwwels an weï geweïnlich sin deï Gring niëwt dem Dill!Mee,maacht iëch neischt draus,hei,an der grousser Natioun(!!!!) ass et genau Daatselwecht!
Wa mer an 20 Joer eng Trass tëschent Klengbetten a Stengefort brauchen, da wonnere mer eis, firwat de grénge Bausch net méi wäit an d'Zukunft gekuckt huet. Mer wonneren eis, firwat hien d'Gleis erausgerappt an d'Trass verbaut huet. Eng Velospist ass nimools en Ersatz fir eng Eisebunnsstreck. Do vergläichen déi Gréng Äppel mat Bieren. Et ass natierlech schued, dass vu kommunalpolitescher Säit ni en Impuls koum, fir d'Streck ze reaktivéieren. Et ass och schued, dass d'Leit déi zu Stengefort wunnen, ni gefrot goufen. Déi Gréng schwätze vill vu Biergerbedeelegung ; awer an der Praxis décidéiert de Bausch alles am Alleingang. Dat hu mer jo och beim Tramsgefier vu Luxtram gesinn, dat e puer gravéierend Mängel huet.