Headlines

Schüler aus dem ganze Land hunn d’Wuert

Schüler aus dem ganze Land hunn d’Wuert

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Editorial vum Gianni Di Paoli, Schüler a Chefredakter vun der Tageblatt-Spezialausgab.

Globaliséierung. Digitaliséierung. Dat ass déi Welt, an där mir haut liewen an an där d’Press eng ganz wichteg Roll spillt. Alles acceleréiert sech ëmmer méi, esou staark, dass d’Gefill entstoe kann, et kéim een der ganzer Mass un Informatiounen, mat deenen ee konfrontéiert gëtt, net méi no. Wou et fréier Méint gedauert huet, bis eng Informatioun vun enger Plaz op déi aner iwwerdroe ginn ass, geschitt dat haut am Brochdeel vun enger Sekonn.

Vum Gianni di Paoli, Schüler a Chefredakter vun der Tageblatt-Spezialausgab

Ugefaangen huet dat mam Buchdrock vum Johannes Guttenberg ëm 1445 an ass haut beim Smartphone ukomm, a wäert sécher och do net stoe bleiwen. Moies, wann een opsteet, geet den éischte Bléck op den Handy, dee jo hautdesdaags all Mënsch zu all Moment grëffbereet nieft sech huet.

Grad dofir gëtt et och oft schwéier, richteg an déi sougenannte Fake News auserneenzehalen. Et ass esou liicht ewéi nach ni, fir falsch Noriichten ze verbreeden an esou Mënsche geziilt ze manipuléieren, dofir ass et besonnesch wichteg ginn, e kritescht Denken ze entwéckelen an d’Saachen ze hannerfroen.

An trotzdem ass et wichteg, dass d’Press fräi an onofhängeg ass an de Journalist d’Recht huet, seng Aarbecht a Meenung verëffentlechen ze kënnen, ouni dobäi musse Konsequenzen ze fäerten. D’Pressefräiheet gehéiert zu de fundamentalste Wäerter, déi sech eis Gesellschaft am Laf vun de Jorhonnerten erkämpft huet an ass och Deel vun de Mënscherechter. Am Joer 1948 gouf mat der Deklaratioun vun de Mënscherechter festgeluecht, dass all Mënsch e Recht op fräi Meenungsäusserung huet.


Dësen Artikel gehéiert zu eiser Spezialausgab «Pressefräiheet». Mir hunn de Schüler d’Wuert ginn, déi eng eegen Zeitung op d’Been gestallt hunn. Hei fannt der déi ganz Editioun: ►Link


Grad duerch den Internet ka jidderee seng Meenung äusseren, an dat ass sécherlech och e Gewënn. An awer schéngen dacks Polemik a Beleidegunge besonnesch haart geäussert ze ginn. Egal ob a Foren oder op Facebook, d’Kommentaren ënnert den Artikele sinn zum Deel erschreckend an zouhuelend aggressiv.

E Fussballer gëtt ugegraff, well en e Goal net gemaach huet, e Museker beleidegt, well seng Musek net gefält oder eng Schauspillerin kritiséiert, well si fir hiren Alter zwar ze vill Haut gewisen huet. Meenungsfräiheet eben. Si hält awer op, wann et just Beleidegunge sinn, wann et keng Argumenter méi gëtt.

Et däerf ee Meenungsfräiheet net falsch verstoen. Meenungsfräiheet ass déi fräi Méiglechkeet, seng Meenung ze äusseren. Meenungsfräiheet ass awer net, Ligen ze verbreeden oder aner Mënschen ze diskriminéieren. Rassismus, Xenophobie, Homophobie, Fraefeindlechkeet si keng Meenung. Net seelen awer och gouf d’Meenungsfräiheet menacéiert, och haut nach. A Polen an Ungarn ginn onofhängeg Medien dozou gezwongen, opzehalen, an der Tierkei gi kritesch Reporteren an de Prisong gestach an an Amerika gëtt se vum Trump denoncéiert. Si all probéieren, déi kritesch Press ze ënnerdrécken oder se ënnert hir Kontroll ze bréngen, zum Leed vun der Pressefräiheet.

An dofir gëllt et, mat alle Mëttelen ze versichen, d’Pressefräiheet oprechtzeerhalen, well d’Press kann en immense Pouvoir hunn an huet eng essentiell Roll an enger Demokratie.
Si gëtt net fir näischt oft als déi véiert Gewalt ugesinn. Scho sou munche Skandal gouf opgedeckt. An d’Mënschen hunn e Recht dorops, ze wëssen, wat an der Welt geschitt.
A genau dorëms geet dës Spezialausgab vum Tageblatt, déi um 3. Mee, dem Dag vun der Pressefräiheet, erauskënnt. Schüler aus de Primärschoulen a Lycéeën aus dem ganze Land hunn d’Méiglechkeet kritt, dat ze publizéieren, wat hinnen um Häerz läit. Ongefiltert an onzenséiert. Si kruten also eng absolut Pressefräiheet. Dat geet vum Rietspopulismus an Europa iwwert d’Welt vum Sport bis zum Alldag vun de Schüler aus hirer eegener Vue an nach vill aner spannend Themen.

Vill Spaass beim Liesen!

 

jang_eli
3. Mai 2018 - 14.23

Bravo ! un déi Jonk a villmols merci fir hir engagéiert a recherchéiert Artikelen. Och merci dem tageblatt datt Dir Ärt zu desem super Projet bäigedroen huet.

C Schneider
3. Mai 2018 - 14.14

Den Interessi dee vil Jonker fir politesch Karikaturen hunn weist dass se sech éischter géife fir Politik interesséieren wann de Message aaneschters géif formuléiert a vehiculéiert gin. Ech staunen all joers, wéivill Jonker vu menge Karikaturbicher kafen.?