Headlines

ForumOppene Bréif un de Chamberpräsident iwwer d’Reform vun der Verfaassung

Forum / Oppene Bréif un de Chamberpräsident iwwer d’Reform vun der Verfaassung
 Foto: Editpress/Hervé Montaigu

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Här Präsident,

dëse Freideg ass di éischt Informatiounsversammlung iwwer d’Verfaassungsrevisioun fir d’Biergerinnen an d’Bierger. No zëch Versammlunge vun der zoustänneger Kommissioun an der Chamber leie lo véier separat Gesetzer fir déi véier Deeler fir, déi an der Zomm déi bestoend Verfaassung solle reforméieren. Déi allermannste Leit waren iwwer dës Aart a Weis, eng Verfaassung z’iwwerschaffen, richteg informéiert a wëssen no deem villen Hin an Hir oft net, wéi eng Ännerunge solle kommen a wat se bedeiten. Wéi och? Déi ganz Diskussioune goufen ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet gefouert. Eng Verfaassungsrevisioun ass net eppes, wat ee mol sou niewebäi mécht. Hei geet et ëm d’Grondgesetz vum Land, dat héchst a wichtegst Gesetz.

Den Zuch virun d’Lokomotiv gespaant

No joerzéngtelaangen Diskussiounen a Revirementer ronderëm d’Verfaassungsreform soll et elo ganz séier goen. D’Aarbechten an der Kommissioun sinn och esou wäit ofgeschloss a schonn Enn Oktober soll dat éischt vu véier Gesetzer eng éischte Kéier an der Chamber ofgestëmmt ginn. Parallel dozou organiséiert d’Chamber elo an de kommende Wochen nach ganz séier eng Informatiounscampagne. Mee d’Chamber huet hei den Zuch virun d’Lokomotiv gespaant. Amplaz d’Leit just nach iwwer de fait accompli z’informéieren, hätt een d’Leit misste vun Ufank u mat an dës Reform abannen. Déi éischt liicht Usätz vu Bedeelegung sinn net weidergefouert ginn. An anere Länner (z.B. Island) gouf sou eng Bedeelegung systematesch organiséiert.

Eng breet a systematesch Bedeelegung vun de Leit un der Ausaarbechtung vun der neier Verfaassung ass fir eis och eng wichteg Grondlag fir d’Ofhale vum engem Referendum. All déi ënnerschiddlech Meenungen a Propose mussen am Virfeld vun engem Referendum op den Dësch kommen, fir dass d’Leit och wëssen, wouriwwer genee ofgestëmmt gëtt a wéi eng Alternativen et gëtt.  

Här Präsident,

déi Lénk huet eng alternativ Verfaassung ausgeschafft. Dir wësst dat, well se läit säit fënnef Joer an der Chamber am Tirang. Dëse Verfaassungstext ass eng seriö ausgeschaffte Propositioun, déi drop waart, an enger breeder demokratescher a pluralistescher Debatt diskutéiert ze ginn, an dat parallel zu där, déi elo wäert ofgestëmmt ginn.

Eng breet a laangfristeg Informatiounscampagne

Fir eis Verfaassungspropositioun schwätzt, dass et den eenzege kompletten an zesummenhänkenden Text ass, dee Stand haut um Dësch läit. Si huet 18 Kapitelen an 203 Artikelen. Si deckt all di grondleeënd Themen of, déi de Fonctionnement an enger Demokratie betreffen, a gesäit méi Weeër zur Matbestëmmung fir d’Biergerinnen an d’Bierger vir. D’Kapitel iwwer d’Grondrechter vun all Mënsch geet däitlech iwwer dat eraus, wat an der Verfaassungsrevisioun vun der Majoritéit an der CSV virgesinn ass. Där kënnt och gär de Staatsrot u säi Verspriechen erënneren, e seriöen Avis zu där Propositioun auszeschaffen.

Här Präsident,

am „Exposé des motifs“ vun de véier Verfaassungstexter vun der Majoritéit an der CSV steet geschriwwen, dass d’Reform vun der Verfaassung e „Processus ouvert“ ass, dass also aner Virschléi an dësem verfaassungsgebende Prozess Berécksiichtegung fanne mussen. Anescht kënne mir eis déi politesch Debatt ronderëm dat wichtegst Gesetz an enger Demokratie och net virstellen.

Dofir biede mir Iech, Här Präsident, d’Verfaassungspropositioun, déi 2016 vun „déi Lénk“ an der Chamber deposéiert ginn ass, aus dem Tirang erauszehuelen an se als gläichwäertegen Text an dëser Informatiounscampagne zur Debatt ze stellen.

Donieft plädéiere mir fir eng breet a laangfristeg Informatiounscampagne iwwer déi Virschléi, déi um Dësch leien. Mir gesinn des Campagne als oppene Prozess, an dem dann och nei Propose kënnen an d’Texter afléissen.

Um Enn vun dëser Campagne soll e Referendum stoen, bei dem d’Leit ofstëmme kënnen iwwer déi verschidde Verfaassungstexter, déi wärend dëser Campagne presentéiert, diskutéiert an eventuell adaptéiert goufen. Dofir muss de Referendum och méi Choix’e loosse wéi nëmme Jo an Neen.

Här Präsident, mat menge respektvolle Gréiss.

Wieder Mann
8. Oktober 2021 - 20.01

An énger Verfassong misst dranstoen all Politiker fir Feeler, falsch Entscheedongen, net en bon père de famille séng Aarbecht mecht, séng Virsuergflicht vernoléissegt,finanziell Risikoen angeet an Souen an den Sand setzt zur finanzieller, penaler Rechenschaft gezun get.

Charles HILD
8. Oktober 2021 - 11.14

Eng Verfassung ouni Referendum ass objektiv komplett wertlos. A wann CSV mengt, si mist Gambia-Politik maachen, dann as si um gudde Wee fir éiweg an der Oppositioun ze setzen. Kee Mensch brauch eng Kopie vum Original. CSV mist de Referendum als Viraussetzung deklaréieren. Dass CSV mat dru geschafft huet, an den Text OK fënnt, dat as einfach normal. De Contraire wier jo net méiglech. Awer de Bierger huet och ee Recht drop, seng Verfassung selwer per Referendum ze stëmmen. Leider machen CSV Politiker awer schon zënter laangem d' Politik vu Gambia mat grousser Freed mat. ZB an de Gemenge sin si Musterschüler vum Här Bausch a Co. Doduerch sin se fir mech net méi attraktiv.

Gaston la Piquouse
8. Oktober 2021 - 10.09

An der neier,eiser Zeit ugepasster Verfassung muss an de Marber agehahen ginn, dass wann een neit Medikament an eisem Land verdriwen kann gin ,( dass ewéi fréier I bei méi ewéi 5 weltweit bekannten Todesfälll déi direkt mat deem neien Heelmëttel zesummen hänken, dëst aus der Zirkulatioun gezunn muss gin. Dass d‘Hersteller fun bei eis erlaabten neien Medikamenter an Heemèttelen all Garantien mussen droen etc etc
Dass eist Gesonfheetsministerium sech 100% sécher muss sinn wan ët and Gesondheet fun engem Bierger agreift. Dass am Zweifelsfall op een Referendum muss zereckgegraff gin an d‘Vollek bestemmt waat mat him geschitt.

Paul Moutschen
8. Oktober 2021 - 9.42

Gudden Moien Madam Oberweis,

leider ass desen oppenen Breif neischt aneschters wei een leschten "penibelen?" Opruff dei eegen Aarbescht ervier ze hiewen. Leider. Ech gesinn et als Är - an als dei vun allen Parlamentarier - Pflicht un dass Dir elo versicht deen Prozess opzehaalen. Ären Asatz an Eieren mee wat soll do derbei eraus kommen?

Ech mengen et gëtt grad nëmmen eppes wat ze maachen ass. All Politiker dei domadder net averstahnen sinn hellefen deenen Leit aus dem Land dei dorunner keen Interesse hunn dei neideg 25000 Stëmmmen zesummen ze kreien fir een Referendeum unzefroen. Mobiliseiert Iech! Net mat Floskelen an engem virun 5 Joer an een Tirang geheitenen Text mee mat richtegem Asatz!

Stellt Iech virun Gemengen an sammelt dei neideg 25000 Stëmmen! Dir stëllt Iech opt Stroos fir geint Ongerechtegkeeten am Palestina Israel Konflikt virzegoen. Wat secherlech och een vun den Grënn ass firwat dir an der Chamber sëtzt. Dann stëllt Iech och opt Stross fir geint dat Virgoen vun der Majoriteit an der CSV virzegoen.

Ech kann mir net virstellen dass et an desem Land vill Leit ginn dei dat Ok fannen wat grad mat EISEM Grondgesetz geschidd.

Ech muss ganz eierlech soen dass ech mir elo erwarden dass mei könnnt wei desen Breif. Den Breif dingt jo zu gur neischt, et ass just eng Tribühn die Iech als Geigner vun der Art an Weis ervirhierft. Elo muss Dir dann och eppes maachen! Aktiv.

Oder traut DIr Iech net Iech dofir opt Stroos ze stellen? Dir an all vun Dei Lenk. Vleit och mat der ADR? Den Här Karteiser mecht jo mol aktiv eppes mat senger Ennerschreftensammlung. Och wann dat wahrscheinlech och neischt brengt an bewierkt.

Ech erwarden mir elo vun allen politeschen Opositionellen een richtegen Asatz. Dofir sidd dir gewielt! Dei Leng, ADR, Piraten, all dei dei politesch eppes bewierken wöllen.

Oder ass Iech dat EIST Grontgesetz net wärt?

Mat mengen respektvollen Gréiss

Paul Moutschen

P.S.: ech sinn keen ADR Unhänger.