Metalfestivalle wéi de Wacken sinn a manner wéi 24 Stonne komplett ausverkaf an och bei eis hei a Lëtzebuerg huet de Metal op den éischte Bléck kee klenge Stellewäert: 19.000 Leit zu Réiser fir Rammstein, ausverkaafte Rockhal bei Slipknot, dem Ozzy Osbourne an an deem heite Kontext scho quasi tragikomesch, datt d’Rockhal sech an hirer neier Campagne (zu Recht) souguer den Titel „Temple of Metal“ attribuéiert huet – mat net manner wéi 18 Concerten aus dem Genre. An trotz all deene Fakten huet sech a Lëtzebuerg an de leschten 48 Stonnen eng Lawin vun Enttäuschung, Onverständnis a Solidaritéit entwéckelt, wéi de Statement gefall ass: Metal ass keng Musek …
Ween elo heirop eng ganz schnell a rationell Äntwert wëll fannen, dee kann etymologesch virgoen an a bekannten Encyclopedië ganz schnell d’Definitioun fannen: „Metal ist eine Musikrichtung und gleichnamige Szene.“ Domat wier d’Fro an engem Saz beäntwert, mee emotional ass d’Onverständnis ëmsou méi grouss, wann een da muss liesen, datt mam „Metalfestival Koplescht“ ee vun de leschte laangjärege Festivallen, déi mer a Lëtzebuerg nach hunn (vill ginn et der jo leider net méi, déi op méi wéi zéng Joer Geschicht zeréckkucke kënnen), et quasi onméiglech gemaach kritt, en normalen, flotte Festival z’organiséieren an e gereegelten Oflaf – ouni mussen ze fäerten, dat richtegt Material net bei Hand ze hunn oder datt een d’Dier virun der Nues zougespaart kritt, wärend d’Concerte lafen – ze garantéieren, well e Metalfestival kee Museksfestival schéngt ze sinn …
Alles dat wierkt op den éischte Bléck wéi eng Farce oder e schlecht Theaterstéck, wann et dann net genee esou hei a Lëtzebuerg, engem Land mat enger immens aktiver, dynamescher Museks- an, ech betounen, Metalzeen, geschitt wier. Ma dach, de „Metalfestival Koplescht“ krut genee dëst wuel ze héieren an huet sech missen domat offannen, Suen, Zäit an Aarbecht an d Editioun 2022 gestach ze hunn, ouni datt déi kann ënner normale Konditioune stattfannen.
D’Metalzeen ass eng richteg Community!
D’Well vu Solidaritéit, déi duerno an de sozialen Netzwierker opgeflaamt ass, war iwwerwältegend. Iwwerall hu Fans a Frënn hir Banneren oder hir Profilbiller gewiesselt mam Schrëftzuch „Metal ass meng Musek“ an hunn domat kloer Positioun bezunn, datt d’Metalzeen a Lëtzebuerg lieft, solidaresch ass an zesummenhält. A genee heiranner weist sech, wat den Auteur iwwer Joren a Concertskriticken hei am Tageblatt ëmmer nees ugefouert huet: D’Metalzeen ass eng richteg Community!
De Saz „Metal ass meng Musek“ bedeit méi wéi just e puer Concerte mat Leit a schwaarzen T-Shirten a mat laangen (oder kuerzen) Hoer – et sinn ëmmer nees kleng Concerte lénks a riets, a Caféen, Kulturzentren oder op klenge Festivallen duerch d’ganzt Land, wou ëmmer nees genee déiselwecht Leit optauchen, fir hir Gruppen z’ënnerstëtzen, T-Shirte kafen, CDe kafen an eng gutt Zäit wëllen hunn an dëst och no bausse weisen an de Message weiderdroen. Datt eis Metalbands eng drop hunn, verschiddener säit Joerzéngten dobäi sinn an ëmmer nees neier sech fannen an duerch de Plaffong ginn, weist, datt eis Zeen floréiert, aktiv ass an ëmmer méi professionell gëtt a sou verwonnert et och net, datt Touren am Ausland oder Optrëtter op grousse Festivalle wéi um Wacken zur Normalitéit gi sinn. Dass een op der anerer Säit och nach dovu profitéiere kann, datt grouss international Gruppe bis virun déi eegen Hausdier kommen, ass d’Kiischt um Kuch an den definitive Beweis, datt Lëtzebuerg op der Metal-Landkaart ze fannen ass!
De Stereotyp vum „Kaméidismëscher“ ass deemno och nëmmen nach deem zouzeschreiwen, dee sech nach ni mat Metalmusek auserneegesat huet. De Metalgenre huet esou vill Subgenren, datt et géif de Kader hei sprengen, se all opzezielen, ma vu ganz melodeschem „Pagan Metal“ iwwer „Symphonic Metal“ bis hin zum klasseschen „Heavy“ oder „Thrash Metal“ ass de Genre sou divers a villfälteg wéi seng Nolauschterer. Iwwer aner Stereotyppe wéi „Satansmusek“ hoffen ech keng weider Wierder méi mussen ze verléieren … a wat den dacks ugeprangerten „haarde Sound“ ugeet, sou ginn et hautesdaags souguer Soundanlagen, déi immens performant sinn an net nëmme bei Metalmusek, ma och bei all anere Genre kënnen agesat ginn, well och Pop, Schlager oder Rock kënne méi haart si wéi erlaabt …
Dëse kuerze Plädoyer huet hoffentlech konnte kloerstellen, datt Metalmusek e wichtege Bestanddeel vun eiser Lëtzebuerger Kulturzeen ass an al, verkruste Stereotyppen ee fir alle Mol der Vergaangenheet mussen ugehéieren. Dofir sief all de Bands merci gesot, déi ëmmer aktiv un neie Placke schaffen an all de Responsabelen, déi kulturell Manifestatiounen, Festivallen, Eventer plangen, eis Metalzeen ëmmer um Schierm hunn, well se ass do!
De Metalfestival Koplescht fënnt muer de Mëtten zu Péiteng ab 15.00 Auer am „Home“ statt.
Metal-Museker sinn meeschtens technesch a logesch begabt. Eben einfach d'Mathematiker vun der Musek. Bei den aneren Genren ass et méi d'Emotioun. Bei Metal get och haaptsächlech Béier gesoff, bei Punk ass de Béier plus Cannabis am Publikum an beim Elektro eben de Kokain a Speed. An beim Jazz de gréngen Téi. Easy.
Ech hoffe jo awer, dass dee Buergermeeschter op d'Geriicht geholl gëtt, fir festzestellen op hien seng Muecht mëssbraucht huet, fir seng Schlagermentalitéit duerchzesetzen.
Super!!! ???
Kann ee sou stoe loossen! ???