Eis huet et interesséiert, wat dës Vakanzewochen net nëmmen de Participantë selwer, mee och hire Famillje konkret bréngen. Heivir hu mir eis mam Manette a mam Paula, zwou Mammen, där hir Bouwe reegelméisseg un de Vakanzewoche vun der FAL deelhuelen, getraff.
Fir zu all Moment op déi individuell Bedierfnisser vun de Persoune mat Autismus kënnen ze äntweren, läit et der FAL um Häerzen, hinne wärend hirer Vakanz eng eent zu eent Ënnerstëtzung bidden ze kënnen. Heivir gräift d’Fondatioun op d’Hëllef vu fräiwëllege Vakanzebegleeder zréck. Zu dëse Benevole gehéiert scho säit 2019 och den Daniel. Hien huet eis u sengen Erfarungen deelhuele gelooss.
„Ech si frou, wa meng Kanner frou sinn!“
De Léon ass 17 Joer al a war lo dat lescht Joer déi éischte Kéier mat der FAL an eng Vakanz. Seng Reaktiounen no dëser éischter Kolonie hu senger Mamm, dem Manette, gewisen, datt hie lo och op dem Punkt ass, wou hie gäre wëll méi selbststänneg ginn.
FAL: Wisou hat Dir Iech dozou entscheet, de Léon fir eng Vakanzekolonie bei der FAL unzemellen, a wéi war Äert Gefill virun der éischter Kolonie?
Manette: Mäi Mann ass virun zwee an halleft Joer gestuerwen. Ab dunn war ech mam Léon a senger Schwëster eleng – wat natierlech net ëmmer ganz einfach ass. Iergendwann hunn ech du gemierkt, datt och ech mol eng Auszäit brauch – an hu mech dunn dofir entscheet, hie mol fir eng éischt Vakanz bei der FAL unzemellen. Dës Entscheedung war allerdéngs mat engem Angschtgefill verbonnen. Hie war bis zu deem Zäitpunkt nach ni eleng fort, ofgesi mol vun engem Besuch bei de Grousselteren, an ech wosst net, wéi hien dorop reagéiere géif. Dës Angscht gouf mir dunn awer zum Gléck ganz séier rëm geholl – net nëmmen, datt de Léon sech direkt mega gefreet huet, fir matzegoen, mee och Är Ekippe vun der FAL hu mir ganz vill Erklärunge ginn, soudatt ech ënnerlech méi roueg war. Nach éier et lassgaangen ass, krute mir de komplette Programm vun der Kolonie an och all néideg Informatiounen zur Plaz an zum Hotel matgedeelt. Sou konnt ech dunn zesumme mam Léon schonn am Virfeld Fotoen um Internet nosichen, a konnt hie sou gutt op seng Vakanz virbereeden.
Wéi huet dem Léon da seng éischt Kolonie bei der FAL gefall?
Also de Léon war begeeschtert! Nodeems hie rëm doheem war, ass hien ëmmer rëm mat Fotoen aus der Kolonie bei mech komm, an huet mir sou gewisen, datt hien am léifsten direkt rëm zréck wollt! Ech hunn hien och lo fir am August rëm fir eng Kolonie ugemellt, an ech iwwerdreiwen net, wann ech Iech soen, datt hie mir geschätzt 300-mol den Dag Fotoen aus Zäitschrëften, déi eng Änlechkeet mat senger leschter Vakanz an Holland hunn, weise kënnt. Also en ass wierklech mega frou fir matzegoen, an hie kann déi nächst Vakanz guer net méi erwaarden!
Mengt Dir, datt dës Vakanzewoche fir de Léon och eng Méiglechkeet sinn, fir méi selbststänneg ze ginn?
Jiddefalls! Am Ufank hunn ech mir souvill Gedanke gemaach, wéi hien dorop reagéiere wäert, an ob hie scho prett ass, fir e puer Deeg ouni mech ze sinn. Mee wéi ech him dunn am Viraus Fotoe gewisen hunn an ech him sot: „Du gees fort ouni d’Mamma schlofen“, du war hien direkt begeeschtert! An do hunn ech och gemierkt, datt vläicht elo den Zäitpunkt komm ass, wou hien och wëll méi selbststänneg ginn an och mol ouni mech eppes maache wëll. Dowéinst hunn ech dunn och no der éischter Kolonie ugefaangen, de Léon fir méi sou Saachen unzemellen. Hie geet beispillsweis lo ongeféier ee mol pro Mount fir ee Weekend bei d’FAL schlofen a wäert och lo de ganzen August iwwer an d’Vakanzenaktivitéite vun der FAL op Rammerech goen. An do freet en sech och sou, also en ass wierklech ëmmer mega frou fir fort!
Wéi hutt Dir dann déi Zäit vun der Kolonie verbruecht?
Ma ech hu mir dunn och zesumme mam Léon senger Schwëster eng Vakanz gegënnt. Mir ware fort, hu gerascht, gelies, alles, woufir mir soss ni wierklech Zäit hunn. Grad fir seng Schwëster war déi Zäit ganz wäertvoll. Hat ass leider vu Klengem un ëmmer ze kuerz komm, well ech ëmmer iergendwéi mam Léon muss sinn, a mir och eis Deeg an eist Liewe ronderëm de Léon plange mussen. A sou freet hat sech dann och, wa mir da mol fir eng Woch kënnen zu zwee eppes zesumme maachen. A vu datt et dem Léon jo och sou gutt bei der FAL gefält, kënne mir eise Kapp déi Deeg dann och wierklech a Rou leeën, an ouni schlecht Gewëssen eis Vakanz genéissen. Ech si frou, wa meng Kanner frou sinn!

„Ausgeglach a roueg, wéi wann hien nei opgebléit wier!“
D’Paula huet am ganze fënnef Bouwen, dorënner och de Matheo, e Jong am Autismus-Spektrum. Wa si grad net all zesummen an d’Vakanz fueren, geet de Matheo bei de Vakanzekolonië fir Kanner vun der FAL mat.
FAL: Säit wéini hëlt de Matheo schonn un de Vakanzekolonië vun der FAL deel?
Paula: De Matheo geet scho säit ongeféier sechs Joer all Joer bei de Vakanzekolonië vun der FAL mat. Et gefält him an ech fannen et wichteg, datt hie sou och méi sozial Interaktioune mat anere Kanner an och Erwuessene kritt. Ech vertrauen den Ekippe vun der FAL a weess, datt mäi Bouf bei hinne gutt opgehuewen ass. Dëst Joer hunn ech hien direkt ufanks dës Joers fir all Kolonie ugemellt, soudatt hie sou vill wéi méiglech Erfarunge ka matmaachen.
Wéi huet de Matheo viru senger éischter Kolonie dorop reagéiert, datt hie sollt matgoen, a wéi hu sech seng Reaktioune säitdeem verännert?
Ech ka mech nach gutt drun erënneren, wou de Matheo déi éischte Kéier matgaange war. Hie war zwar vun Ufank u ganz virwëtzeg, mee hie war awer och bëssi ängschtlech. Et war normal, et war eppes ganz Neies fir hien, e wosst net, wat op hien duerkomme géif, an en hat Angscht, wisou ech hie géif eleng loossen. Aus deem Grond war ech natierlech och bëssi nervös, mee wou ech du bis gemierkt hunn, datt alles super verleeft an ech eigentlech guer kee Grond hat, fir mir Suergen ze maachen, wosst ech, datt hien do gutt opgehuewen ass an datt him dat nëmme gutt doe kann. Mëttlerweil freet sech de Matheo awer ëmmer richteg drop, fir rëm matzegoen! Hien huet souguer verschidde bestëmmten Educateuren, oder och fräiwëlleg Vakanzebegleeder, déi him scho mega un d’Häerz gewuess sinn! A wann ech him da soen, datt déi rëm bei enger Kolonie matginn, seet en ëmmer direkt: „Ok, ech wëll goen, mell mech do un!“
Wat bréngt Iech déi Zäit, wou de Matheo mat der FAL an der Vakanz ass?
Obwuel mir déi Zäit, déi mir zesummen als Famill verbréngen, enorm schätzen a sou och ganz oft all zesummen an d’Vakanz fueren, an och wann ech wierklech soe muss, datt ech d’Chance hunn, datt de Matheo en Niveau vun Autismus huet, dee super ze geréieren ass, deet et mir perséinlech awer och gutt, wann ech duerch dës Kolonien eng Méiglechkeet op eng kleng Auszäit kréien. Ech profitéieren dann ëmmer, fir déi Zäit selwer puer Deeg an d’Vakanz ze fueren a sou rëm bëssi zur Rou ze kommen. Sou hunn ech dann och, wann de Matheo rëm heemkënnt, déi néideg Energie, fir him voll a ganz kënne meng Opmierksamkeet ze schenken.
Wéi ee Gefill hutt Dir vum Matheo, wann hien no enger Woch bei der FAL rëm heemkënnt?
Wann hien aus der Kolonie zréckkënnt, ass hie mega ausgeglach a roueg, wéi wann hien nei opgebléit wier! Ech mierken einfach, datt him déi Paus vun der Routine mega guttdeet, hien huet Loscht, a sengem Liewen nei Saachen ze entdecken an nei Erfarungen ze maachen. An dat ass dann natierlech och gutt fir eis, well mir dann am Alldag och mierken, datt hie vill méi opmierksam a konzentréiert nolauschtert, wa mir mat him schwätzen.

„All Erfarung ass wäertvoll an all Kolonie ass ganz individuell“
Nodeems den Daniel am Joer 2019 eng super Erfarung wärend enger Vakanzewoch bei der FAL gemaach huet, ass hien net nëmmen all Joer ëmmer rëm matgaangen, mee huet sech och lo dozou entscheet, e Studentenjob bei der FAL ze maachen.
FAL: Erënnert Dir Iech nach un Är éischt Vakanzekolonie mat der FAL?
Daniel: Jo, un déi kann ech mech nach ganz gutt erënneren! Et war am Joer 2019, ech wollt einfach gär emol eng nei Erfarung, och fir meng perséinlech Entwécklung, matmaachen. Et war wierklech eng mega angeneem Iwwerraschung! Ech weess nach gutt, datt ech mir selwer ganz vill Gedanke virun der éischter Kolonie gemaach hat, schliisslech wosst ech net, wat op mech duerkomme wäert. Mee dunn ass direkt alles sou gutt verlaf, mir haten eng super Zäit déi Woch, an ech hu gemierkt, datt et guer kee Grond gëtt, fir sech Suergen ze maachen. Säitdeem war ech lo scho bei aacht Vakanzenwoche vun der FAL mat, an ech schätzen de Kontakt zu de Persoune mat Autismus extreem.
Wat sinn Är Missioune wärend enger Vakanzewoch bei der FAL?
Bannent enger Kolonie sinn ech ëmmer responsabel fir eng Persoun mat Autismus. Zudeem gesinn ech et als meng perséinlech Missioun, der Persoun ze hëllefen, an hirem Alldag méi selbststänneg ze ginn an eegen Initiativen ze huelen. Wärend deenen éischte Kolonië, wou ech mat war, hunn ech ëmmer alles fir déi Persoun, déi ech begleet hunn, gemaach. Mat der Zäit hunn ech awer geléiert, datt et hinne méi bréngt, wann ech hinnen dobäi hëllefen, verschidden Aufgaben, wéi beispillsweis den Dësch ze decken, selwer ze bewältegen.
Wat war dat schéinsten Erliefnis bei enger Vakanzekolonie, un dat Dir Iech erënnere kënnt?
Éierlech gesot wëll ech net soen, datt verschidde Momenter méi schéi wéi anerer waren. All Erfarung an enger Kolonie ass wäertvoll an all Kolonie ass ganz individuell. Mee et gëtt eng Situatioun, un déi ech mech gären zréckerënneren: Et gouf ee Beneficiaire, dee säi ganzt Liewe laang Schwieregkeeten domadder hat, fir Geméis ze iessen. Vu datt dëst awer wichteg fir seng Gesondheet ass, hunn ech zesumme mat den Educateure probéiert, hien dozou ze motivéieren. Ech hunn him erkläert, datt déi Närstoffer a Vitaminnen sengem Kierper gutt dinn, a vu datt ech festgestallt hunn, datt hie schonn ee Probleem domat huet, wann hien d’Geméis op sengem Teller gesäit, hunn ech et dunn ëmmer zesumme mat sengem aneren Iesse vermëscht. Mëttlerweil huet hie guer keng Probleemer méi domadder, an ech fannen et einfach mega interessant, dës Entwécklung bei him ze gesinn.
Wéi eng Rotschléi géift Dir enger Persoun, déi och als Vakanzebegleeder matgoe wëll, mat op de Wee ginn?
Fir d’éischt sollt een natierlech motivéiert sinn an och Loscht dozou hunn, dës Erfarung matzemaachen. Dann ass et wichteg, sech net am Viraus scho selwer ze vill ze stressen. Normalerweis leeft sou eng Vakanzewoch ëmmer super gutt of, a schliisslech sinn d’Educateure vun der FAL jo och zu all Moment do, wann ee bei eppes Froen huet oder sech bei eppes onsécher ass. Zudeem ass et och wichteg ze wëssen, datt, soubal eng Krisesituatioun bei engem Beneficiaire komme géif, d’Educateuren déi sinn, déi sech drëm këmmeren. Ech géif awer soen, datt dat Wichtegst ass, datt ee muss Gedold hunn a sech kënnen an d’Persoun mat Autismus eraversetzen. Et sollt een Empathie hunn a roueg bleiwe kënnen. Loosst der Persoun déi Zäit, déi si brauch, fir hir Alldags-Aufgaben an hirem Rhythmus kënnen ze bewältegen, a setzt si net ënner Drock.

Gutt ze wëssen
Wann Dir dorunner interesséiert sidd, Iech selwer oder Äert Kand fir eng Vakanzewoch bei der FAL unzemellen, da kontaktéiert eis entweeder per Mail un [email protected] oder iwwerTelefon ënnert der Nummer 26 91 11-1. Wann Dir dorunner interesséiert sidd, e Benevolat bei der FAL ze maachen a wéi den Daniel bei enger Vakanzewoch als fräiwëllege Vakanzebegleeder matzegoen, da schreift eis gären e Mail u [email protected]. D’FAL seet Merci fir all Ënnerstëtzung!
Zu Demaart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können