Am 14. September wird das neue Shoppingportal letzshop.lu freigeschaltet. Am Mittwoch stellte Staatssekretärin Francine Closener das Projekt vor.
Der Einzelhandel droht von der digitalen Welle überschwemmt zu werden. Das Internet hat das Kaufverhalten der Konsumenten grundlegend verändert. Der Kunde weiß über alles Bescheid und kann ohne Mehraufwand beim besten Anbieter kaufen.
Um einzukaufen, braucht man sich nicht mehr an die Ladenöffnungszeiten zu halten. Man muss sich nicht einmal fortbewegen und findet trotzdem immer das beste Angebot. Beim Onlineshopping entfällt zudem die lästige Parkplatzsuche. Es ist also kein Wunder, dass immer mehr Menschen ihr Geld lieber bei Onlinehändlern lassen.
Endlech! Et gëtt héich Zäit, et ass scho bal ze spéit. Dann hoffen ech, dass d'Händler déi Geleegenheet notzen, fir hire Choix, deen se grad am Geschäft hunn, am Detail unzebidden anstatt just an engem banalen Text ze beschreiwen, wat se ongeféier kéinte bestellen - mat 6 oder 8 Woche Liwwerzäit - oder just e Link zu der Mark op de Site ze stellen. Ech si gäre bereet, Samschdes oder owes duerch d'Land ze fueren, fir dat sichen ze goen, wat ech wëll, oder och 2-3 Deeg op d'Liwwerung ze wuarden - esou laang wi ech weess, dass ech et an engem bestëmmte Geschäft kréien, anstatt all Geschäft eenzel ofzeklapperen, fir trotzdeem net sëcher ze sinn, ob ech dat fanne, wat ech sichen. An - et gëtt héich Zäit, dass d'Monopolstellung vun Amazon gebrach gëtt. Et gëtt schwéier, déi ze briechen, well Amazon ass gutt, richteg gutt. Et kann nëmme funktionéieren, wa béid Säiten, Händler a Clients, gudde Wëlle weisen, de lokalen Handel net ausstierwen ze loossen. Ech drécken d'Daumen, dass et klappt. Un d'Initiateuren vum neie Site: Et wär flott, wann een sech kéint aschreiwen, fir eng Mail ze kréien, wann de Site aktiv gëtt - fir den Ufank net ze verpassen. 103 Deeg si laang.
Wow, no bal 30 Joer woldwide web, kommen elo och nach déi puer Händler, déi nach Rescht sinn, op den Internet. Hei am Land an da brauchen se och nach 2 Deeg bis se liwweren, frot emol eng Kéier e Chines oder Italiener, dee bréngt iech seng Produiten an enger hallwer Stonn heem an dee muss se nach fir d'éischt kachen. OK, net am ganze Land, mä e muss dach awer dra sinn, e Pak den nächsten Dag ze liwweren an engem Land dat 60km breet ass. Wei ech eis Pappenheimer kennen, froen se och nach en Aarm an e Been fir Transportkäschten, da bleiwen ech awer léiwer bei mengem gratis Amazon-Prime Versand, do kréien ech och nach Filmer a Serien dobäi. :-) Schued, mä dir wësst jo, wer zu spät ist, den bestraft das Leben.