De Festival Usina22 huet zwee Deeg laang e grousse Museksprogramm ugebueden, verstreet op fënnef Bünen, mat Headliners ewéi de Kings of Leon, The Mysterines, Josh an Alice Merton. Lëtzebuerg war och staark ënnerwee, mat Acts ewéi Francis of Delirium, Tuys, Culture The Kid an der Live-Band vum DJ Bobby Bieles.
De Line-up fir déi fënnef Büne gouf jeeweils duerch eng Zesummenaarbecht vu verschiddenen Acteure selektionéiert. Esou huet d’Mathilda den Optakt gemaach op der „Casa Communa Stage“. Déi franséisch Sängerin huet konnten déi éischt Visiteure mat engem Mix vu Pop a séileschem Gesang, deen accentuéiert gouf duerch Flamenco-Elementer a Versen op Spuenesch, begréissen. Duerno misst de Publikum sech entscheeden tëschent der „Fabrica Stage“, wou Under The Reefs Orchestra (wat een nëmmen als Post-Rock-Jazz beschreiwe kann) gespillt huet, oder der „Vewa Stage“, wou den däitschen Duo Spoon an the Forkestra mat Indie-Pop opgeluecht hunn.
Weider goung et da mat Alternative-Rock aus Lëtzebuerg vu Francis of Delirium op der „Turbin-A Stage“, éier se vun der englescher Rock-Band The Mysterines ofgeléist goufen. Béid Gruppen hunn d’Bün opgehëtzt fir d’Headliner Kings of Leon, déi duerch e Programmwiessel eng hallef Stonn éischter opgetruede sinn, wat den Highlight vum Samschdeg war, deen och duerch d’Massen an Undrang z’erkenne war.
D’Veteranen ënnert de Festival-Visiteuren sinn dann nach bliwwen, fir weideren Alternative-Rock aus Lëtzebuerg vun Tuys oder den experimentelle Punk vun dem däitschen Duo Sheebaba ze genéissen. Am Laf vum Dag sinn natierlech awer och op den anere Bünen d’Lautsprecher gelaf: Et goung vun DJ-Sets bis Punk a Weird-Rock, zum Beispill vun Office of Weird.
Rock um éischten, Pop an Hip-Hop um zweeten Dag
Um zweeten Dag vum Usina22 ass d’Musek deels ewech vum Rock gerëtscht an éischter a Richtung Pop an Hip-Hop gaangen – en erfrëschende Wiessel. Leider waren um Sonndeg nëmmen nach féier Büne belieft. Wärend am Hannergrond d’„Turbin-A Stage“ ofgebaut gouf, konnt ee sech an der „Fabrica Stage“ fir dat athletescht Geschéck vun DOW – The Show begeeschteren: Hei goufen am risege rouden Zelt Deeler vum Skatepark niewendrun imitéiert a mat Vëloen an Trottinetten iwwer d’Halfpipes gesprongen. Dertëschent hunn Nowuesstalenter aus Lëtzebuerg wéi Chasey Negro a Culture The Kid mat modernem Hip-Hop ënnerhalen. Interessant ass, dass allebéid op Englesch gerappt hunn an esou den amerikaneschen Afloss staark vertruede war.

Anersäits war op der „Casa Communa Stage“ Pop op Däitsch vertrueden. A leschter Minutt ass den éisträichesche Pop-Sänger Josh (deen 2018 mat sengem onfräiwëllege Summerouerwuerm „Cordula Grün“ Succès hat) fir Fools Garden agesprongen, déi hiren Optrëtt hu missten ofsoen. Mee duerch säi Charme a Feel-Good-Charakter huet een him net ofgesinn, dass hie réicht den Dag selwer ugerees koum.
Duerno goung et weider mat Hip-Hop aus Lëtzebuerg op der „Fabrica Stage“ mat Hip Hop Elements – The Show. Hei hunn ënner anerem verschidden DJs den Toun uginn, wärend eng Selektioun vu Rappere vun DeLäbbel Wierder fléisse gelooss hunn. Dunn erëm e Spléck: Déi eng sinn eriwwer bei déi däitsch Popsängerin Alice Merton gepilgert, wärend d’Hip-Hop-Heads beim Set vum DJ Bobby Bieles a senger Live-Band (um Bass de Mateus Wojda an un der Batterie de John „Ragga“ Wolter) ofgaange sinn. Eng iwwerzeegend Performance, déi vu Boom Bap a Reggae bis hin zu Jay-Z an Anderson .Paak gaangen ass, ënnerstëtzt duerch fléissend Transitiounen. De Rescht vum Dag war éischter markéiert duerch lokal Gruppen, wéi en Optrëtt vun der Didelenger Museksschoul, der Remo Cavallini Band, awer och vun Impro-Theater an enger „Magic Show“ vu Siegfried und Joy.
Mee den Usina22 war kee renge Museksfestival. Déi zwee Deeg laang goufen och Workshops ugebueden, déi net nëmme bei de Kanner Erfolleg haten. Gutt ukomm sinn och déi hausgemaache Glacë vun NÏCE, déi vegan italieenesch Kiche vu Rucolino an déi verschidden Zorte vu Craft Beer.
Accès op de Festival war duerch den ëffentlechen Transport einfach, vue dass vis-a-vis den Zuch op der Diddelenger Gare-Usine unhält. Esou konnt een entweder einfach zu Beetebuerg op der Gare oder beim Cactus parken an eng Navette eriwwer huelen. Den Usina22 huet mat sengem industrielle Kader eng Ambiance erschaf, an där d’Juxtapositioun vun der Konscht, der Natur an dem Site geléngt an déi sech esou liicht vun deenen anere Festivaller ofhieft. Eenzege Manktem war u Sëtzplazen am Schied, wat duerch déi héich Temperature lästeg war – mee dat ass da fir (hoffentlech) d’nächst Joer!
Zu Demaart




















































Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können