Forum„Für alle Gorillas, Kaiserpinguine und Vögel dieser Welt“

Forum / „Für alle Gorillas, Kaiserpinguine und Vögel dieser Welt“

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Reegelméisseg melle sech Ex-Politiker, Ex-Journalisten an Intellektueller ze Wuert, fir eis zu den ënnerschiddlechsten Themen hir Meenung matzedeelen oder d’Weltgeschéie baséierend op hirer Liewenserfarung anzeuerdnen. Interessant, heiansdo amusant a virun allem fir eis Jonker informativ a léierräich Texter kommen normalerweis heibäi eraus.

E Kommentar vum Adam Lukas, Cano Olivier, Harsch Eric, Kersch Lisa, Leners Max, Miltgen Maxime, Pulli Sacha, Roeltgen Claude, Schmit Nathalie, Sold Georges, Streff Ben, Vesali Amir, Weymerskirch Patrick a Winkel Elisha, enger Grupp vu Jonker, déi alleguer usech gären informativ, interessant, heiansdo amüsant a léierräich Texter liesen.

Bei engem Thema schénge verschidden eeler Auteuren awer ëmmer méi de Kompass ze verléieren: dem Klimawandel. Net méi spéit ewéi leschten Donneschdeg2 huet den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres d’UN-Memberlänner op e neits opgeruff, endlech ze handelen. «Déi irreversibel Stéierung vum Klima ze verhënneren, ass d’Course vun eisem Liewen, déi mer gewannen (…) mussen», sou den UNO-Generalsekretär.

«Stopp – elo ass esouguer schonn d’UNO komplett am Eemer» oder «Déi hu keng Ahnung vun der Naturwëssenschaft, wëll déi Damm vun der Sorbonne huet geschriwwen …»3, denkt dir iech, léif Lëtzebuerger Klimaskeptiker, elo sécher.

Hanner Excusen ewéi zum Beispill «et goufe schonn ëmmer méi waarm a méi kal klimatesch Perioden op der Äerd» probéiert dir iech, géint all Changement hin ze méi Klimaschutz ze stellen an d’Urgence, déi bei dësem Thema ubruecht ass, a Fro ze stellen. Dat Ganzt gëtt dann nach heiansdo mat purem Haass vis-à-vis vum Greta Thunberg ofgeronnt.

97 Prozent vun alle Klimafuerscher

A jo, dir hutt recht, et goufen an der Geschicht vun eisem Planéit schonn ëmmer Kal- a Warmzäite. Mee dës Erwärmungsphase vun de leschte 50 bis 150 Joer leeft vill, vill méi schnell of, ewéi all bekannt Erwärmungsphasen an der Geschicht vun eisem Planéit. An et ass och di éischte Kéier, datt esou eng Erwärmung op dem gesamte Globus gläichzäiteg stattfënnt.

A jo, dir hutt och recht, datt d’Natur CO2 fräisetzt, bei Vulkanausbréch zum Beispill. Mee am Géigesaz zu eis Mënschen absorbéiert d’Natur hir CO2-Emissiounen erëm a kreéiert doduerch erëm e gewëssent Gläichgewiicht. D’Emissiounen, déi vum Mënsch zousätzlech fräigesat ginn, kënnen net all absorbéiert ginn a lande massiv an der Atmosphär. Duerch d’Ofholzung vun eise Bëscher an d’Schmelze vum Permafrost gëtt dëse Prozess nach verstäerkt.

97 Prozent4 vun alle Klimafuerscher si sech sécher, datt de Mënsch de Klimawandel massiv beaflosst. Dir, léif Klimaskeptiker, follegt also gären der Meenung vun deenen aneren 3 Prozent «Klimafuerscher», déi majoritär vun der Autolobby an den Energiekonzerner finanzéiert ginn an deenen hir Aarbechten noweislech massiv wëssenschaftlech Feeler opweisen5; dir stellt ärch gären op d’Säit vun Trump, Gauland a Co.

Mir mussen eist Konsumverhalen änneren

Fridden op engem Kontinent dee, wärend Joerhonnerte vu Kricher gezeechent war, Wuelstand, Demokratie, héich Liewensstandarden, fräi Zirkulatioun an der Europäescher Unioun dank dem Schengen-Accord … Är Generatioun huet ouni Zweiwel vill dozou bäigedroen, datt mir hei an engem klenge Land kënne liewen, an deem et eis, am Duerchschnëtt, vill besser geet ewéi dem grousse Rescht vun der Welt.

Mee dir musst iech dach awer och agestoen: Déi Aart a Weis, ewéi mir am klenge Lëtzebuerg an op der grousser Welt am Moment liewen, huet e grousse Problem mat sech bruet: d’Ëmweltschied an de Klimawandel. Béid veränneren eise Planéit onwidderrufflech a wäerten eis Äerd, eis Heemecht zerstéieren, wa mir elo net schnell, ganz schnell, agéieren!

Onvirbereet erreecht iech déi Nouvelle vum Klimawandel an der Kris vun der Natur, an där mir eis elo befanne, sécher net. Schonn 1972 huet de sougenannte «Club of Rome» iech gewarnt, dass mir Mënschen eist Konsumverhale mussen änneren. Asiicht ass bis haut keng wierklech komm, soss wiere mir haut net op deem Punkt ukomm, wou mir elo stinn.

D’Kand beim Numm nennen

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet festgestallt, dass 8 vun 10 Residenten am urbane Raum enger Loftverschmotzung vun Feinpartikel (PM10) ausgesat sinn, déi bis zu 27 Mol iwwert der recommandéierter Limitt vun 20 µg/m3 läit an deemno weltwäit eng grave sanitär Kris ervirrifft. D’IPBES6, eng Ënnerorganisatioun vun der UNO, huet dëst Joer am Mee festgestallt, dass net manner ewéi 1 Millioun Déieren- an Planzenaarte kuerzfristeg ausstierwe wäerten, wann mir d’Rudder net elo ëmräissen.

Mee amplaz der ökologescher Kris dee richtegen Numm ze ginn, deen der Urgence, an där mir eis befannen, entsprécht, gëtt oft vu Klimawandel geschwat.

Komm mir nennen d’Kand dach beim Numm. Komm mir schwätze vun enger Klimaurgence, well dat ass et an näischt aneschters!

Eng Politik, déi de System geännert kritt

Blann op den technologesche Fortschrëtt ze vertrauen an dobäi esou obsolet Technologien ewéi d’Atomkraaft als zukunftsfäeg ze consideréieren, ass keng Léisung fir d’Klimaurgence. Héich Mauere ronderëm eis Küstengebidder bauen an hannert de Mauere weidermaachen, ewéi wann näischt geschitt wier, och sécher net!

Mir mussen agesinn, mir alleguer: Mir kënnen net méi esou weiderliewen, mir mussen eist Konsumverhalen, eis Liewensgewunnechten, änneren. A mir mussen endlech ufänken, Politik esou ze maachen, datt mir de System geännert kréien. A virun allem musse mir eis Virstellunge vu Gléck a Räichtum, déi virun allem op materielle Mossstief baséieren, a Fro stellen. Nëmmen esou baue mir eng liewenswäert – a liewensfäeg – Zukunft fir eis all op.

Oder wëllt dir, Här Goebbels, Här Kaiser an Här Vogel, datt är Kandskanner iech eng Kéier soen:

«Merci, Bopa,
merci, datts du d’Welt riicht an d’Mauer lafe gelooss hues!»

1 http://www.vogel.lu/lettre-a-mr-robert-goebbels-de-monsanto-glyphosate/

2 1. August 2019

3 https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1383007.html

4 http://whatweknow.aaas.org/get-the-facts/

5 https://qz.com/1069298/the-3-of-scientific-papers-that-deny-climate-change-are-all-flawed/

6 Plate-forme intergouvernementale scientifique et politique sur la biodiversité et les services écosystémiques

jeff
14. August 2019 - 12.33

nicht nur bremsen..........reduzieren! Aber das übernehmen ja Spezialisten wie Donald,Vladimir,Kim etc...

Claude QBY
8. August 2019 - 10.49

"Merci, Bopa, merci, datts du d’Welt riicht an d’Mauer lafe gelooss hues!” huet wahrscheinlech keng Chance fir je geschwaat ze gin, wann een d'feedback-loops a Betracht hellt an de Robert & Co erliewen de showdown och nach...

Leila
8. August 2019 - 8.29

China hatte von 1979 bis 2016 die Ein-Kind-Politik, was auch nicht nur die erhofften Vorteile brachte.

Clemi
7. August 2019 - 19.58

"Mir mussen agesinn, mir alleguer: Mir kënnen net méi esou weiderliewen, mir mussen eist Konsumverhalen, eis Liewensgewunnechten, änneren." - in diesem satz liegt m.E. nach das grösste problem in dieser sache: WIR müssen ALLE etwas ändern. aber WIR sind an sehr vieles gewöhnt, vieles ist selbstverständlich, vieles ist (fast) gratis... guter artikel, und der titel ist köstlich ;-)

tarzan
7. August 2019 - 19.10

wenn man von CO2- prozenten ausgeht, sind die grössten klimakiller china,usa, indien, russland. Die kommen so auf 60%. Wir, also die europäer (10 % Co2), haben keinen einfluss auf diese staaten, auf die ständig steigende erdbevölkerung (klimakiller nr. 1) übrigens auch nicht. Auch sollte man nicht ausser acht lassen, dass europas wirtschaft konkurrenzfähig bleiben muss, sonst „ Mir mussen eist Konsumverhalen änneren“, schneller und drastischer kommen könnte, als selbst die verfasser dieses artikels es sich wünschen.

Müsste nicht erstes Ziel sein...
7. August 2019 - 13.21

...den Weltbevölkerungswachstum zu bremsen. Das traut sich niemand mal nur zu erwähnen.

Christophe
7. August 2019 - 11.41

richteg!

Jacques Zeyen
7. August 2019 - 11.10

" ..Atomkraft ist eine obsolete Technologie.." Wenn wir bisher den Energiebedarf nur aus Wasser-und Atomkraft,später dann auch Solar-und Windenergie,gedeckt hätten und wenn wir weiter mit Hochdruck am Wasserstoffmotor gearbeitet hätten,dann hätten wir weniger Probleme. Die Verbrennung von Kohle hat vor 200 Jahren mit der Industrialisierung begonnen und großen Wohlstand gebracht.Die Erfindung des Verbrennungsmotors,inklusive Bleizugabe als Antiklopfmittel, oder des Kühlschranks mit FCKW's betrieben usw.usw.,ebenfalls. Aber als wir erkannten,dass fast alles umweltschädlich war haben wir nichts oder nur mit Widerwillen etwas dagegen getan. Jetzt sitzt die Karre im Dreck und es wird schwer sein mit der aktuellen Weltbevölkerung ( Waldrodungen etc. ) schnell etwas zu erreichen.( siehe die x -Klimagipfel ).