Rockeg ConfusiounFallen Lies feieren hiren Debütalbum an der Rockhal

Rockeg Confusioun / Fallen Lies feieren hiren Debütalbum an der Rockhal
Sinn elo am Lëtzebuerger Rockzirkus ukomm: Fallen Lies Foto: Sascha Dahm

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Betruecht een d’Musekslandschaft a Lëtzebuerg fir d’Joer 2020, stellt ee séier fest, datt eng Hällewull u Bands an Artisten neit Material verëffentleche wäerten. D’Tageblatt wäert an deenen nächste Méint mat den Interpreten iwwert hir musikalesch Karriär, hir Alben an hir Passioun schwätzen an och e Bléck op hir Concerte geheien. Den Ufank mécht mat Fallen Lies eng Hardrock-Band, déi schonns leschte Freiden an der Rockhal hiren Debütalbum „Confusion“ virun engem ausverkaafte Rockhal-Floor presentéiert huet.

Ier Fallen Lies awer déi kleng Bün an der Rockhal a Beschlag geholl hunn, huet mat Stelise eng weider Lëtzebuerger Formatioun dierfen den Opener sinn an et huet ee sech ënnerschwelleg direkt iergendwou an d’1990er Joren zeréckversat gefillt, well d ‘Stëmm vum Elise Nunes an de psychedelesche Sound gemëscht mat Trip-Hop-Influenzen net vun ongeféier u Gréisste wéi d’Cranberries oder Massive Attack oder och nach London Grammar erënneren. Sou schei d’Sängerin an hiren Usproochen och wierkt, esou gewalteg ass hir Stëmm, déi deen een oder anere vläicht scho bei der Band Heavy Petrol héieren huet. Et ass sécherlech net falsch, wann d’Frontfra seet, datt et schwéier wier, sech an enger hallwer Stonn kënnen ze verkafen, mee et ass Stelise gelongen an et hofft een, datt dëse Projet no der Verëffentlechung vum éischten Album „If There is an Escape“ vun 2018 nach en nächste Longplayer in petto huet.

E weidere Meilesteen

No hiren Ufäng am Joer 2012 huet et dach ganzer aacht Joer gedauert, bis den éischten Album vu Fallen Lies mam Numm „Confusion“ de 24. Januar engem grousse Public konnt virgestallt ginn. D’Erwaardunge waren deementspriechend och net kleng an ëm déi 200 Intresséierter hunn de Wee op den ausverkaaften zweete Stack an d’Rockhal fonnt. Deemno direkt zwee weider Meilesteng beienee fir d’Formatioun, déi 2014 mam Lynn Weber hiren endgültege Line-up definéiert huet an 2017 beim „Rock the South“ zu Péiteng den éischte Präis gewonnen huet, deen hir d’Ophuele vun dësem Album mat erméiglecht huet. De Concert am Rockhal-Floor huet relativ séier u Faart opgeholl an de Public war, genau esou wéi déi fënnef Bandmemberen, immens motivéiert, fir eng richteg Clubatmosphär opliewen ze loossen – eng immens Hëtzt a vill Matsangen inklusiv.

E sécherlech ganz flotten Highlight war den Optrëtt vum Elise Nunes zesumme mat Fallen Lies, deen net nëmmen déi stëmmlech Varietéit vu béide Sängerinne gewisen huet, mee och e Klangbild gezeechent huet, an deem sech déi zwou Stëmme wonnerbar ergänzen. Doriwwer eraus kann een dëse Moment och als e Symbolbild verstoen, datt a Lëtzebuerg eng grouss Unzuel u Bands weiblech Fronteren hunn an ee sécherlech hei net unanime vun engem Männerdomaine schwätze kann; et sief hei just kuerz u Bands wéi Angel at My Table, Elysian Gates, Arduinna’s Dawn oder Artiste wéi d’Claudine Muno higewisen. De Sound vu Fallen Lies geet vun haardem Rock, a Relatioun mat knackegen Tempowiesselen an déiwe Melodien, bis hin zu ganz rouegen Téin. D’Lidder bleiwen am Kapp, si catchy, awer net monoton oder eesäiteg. Eng gelonge Show, no där d’Tageblatt sech nach mam John Manternach, Sänger a Bassist, kuerz ënnerhale konnt.

Tageblatt: De Release vum Album markéiert jo elo de Schluss an den Ufank fir Fallen Lies: Nom Gewënn vum „Rock the South“, eng gelonge Sich no enger Sängerin, ass elo endlech alles zesummegelaf, fir datt den Album konnt virgestallt ginn. Hutt Dir elo och d’Gefill, endlech komplett am Lëtzebuerger Rockzirkus ukomm ze sinn?

John Manternach: Ech denken, mir hu schonn duerch Concerte probéiert, e bësse méi an de Lëtzebuerger Rockzirkus eranzekommen, mee natierlech brauch all Band och hir CD, mat där si soe kann: „Dat si mir.“ A mat „Confusion“ hu mir een Album, dee genau dat erëmspigelt. D’Gefill, komplett an deem Rockzirkus dran ze sinn, hu mir, denken ech, allerdéngs net. Mir sinn eisem Schratt scho méi no, mee mat deene grousse Lëtzebuerger Bands kënne mer eis nach net vergläichen.

Wéi sinn elo, nom Concert, Är Andréck? Wéi war de Club-Concert fir Iech?

An engem Wuert: Mega! Et ass den Dram vun all Band, een ausverkaafte Concert duerfen ze spillen, a mir hunn dat mat eiser Release erreecht, och wa mer net domat gerechent hunn, dass et ausverkaaft wier. Wéi dëst dunn awer de Fall war, ware mer ëmsou méi frou a virun allem iwwerrascht. D’Stëmmung war och richteg gutt deen Owend, dofir huet d’Virband Stelise och gesuergt. Et war och schéin, bekannten, awer och onbekannte Gesiichter ze gesinn. An de Rocklab, duerch dee mer d’Chance kruten, am Rockhal Floor optrieden ze däerfen, huet och dofir gesuergt, dass alles sou reibungslos ofgelaf ass an dass sech jidderee sou wuel wéi méiglech gefillt huet.

Wat war Äre perséinlechen Highlight vum Owend?

Den éischte Schratt op d’Bün an d’Publikum déi éischte Kéier ze gesinn. An einfach déi Wansinnsatmosphär, déi de ganzen Owend geherrscht huet. Leit, déi matgesongen hunn, déi ofgerockt hunn an déi prett waren, sech op Animatioun anzeloossen.

Wat kënnt elo? Si schonn e puer Concerte fixéiert?

Mir hunn effektiv schonn ee feste Concert am Kalenner stoen. Dat wier de Bechtival zu Bech, den 11. Juli, wou mer optrieden däerfen. Tickete kann een ënnert anerem bei eis kréien a bestellen. Entweder iwwert eis Facebook-Säit (facebook.com/fallenliesband) oder per E-Mail (fallenliesband@gmail.com). Ansonste si mer amgaang, Ufroen erauszeschécken, a Concerte wei d’Fête de la musique si schonn ugepeilt. Hei schaffe mer och mam Nathalie Barbosa zesummen, dat eis och ënnert anerem déi ganz Optrëtter op de Radioen erméiglecht huet.

Ganz perséinlech: Wéi fannt Dir d’Ënnerstëtzung a Lëtzebuerg fir Museker, finanziell, technesch etc. Heescht: Hutt Där et schwéier fonnt, fir als jonk Grupp en Album kënnen op d’Been ze stellen?

Op finanzieller Siicht fannen ech d’Ënnerstëtzung gutt. Et kritt een, wéi et och bei eis de Fall war, duerch de Ministère de la Culture oder duerch d’Sacem ee Subside, deen et engem erméiglecht, sengem Zil, eng CD ophuelen ze däerfen, méi no ze kommen. Duerch de „Rock the South“ 2017 zu Péiteng, bei deem mer den 1. Präis, also d’Méiglechkeet, am Rockhal-Studio ophuelen ze däerfen, gewonnen hunn, konnt dunn eise laang erseenten Dram erfëllt ginn. Et hat a mengen Ae ganz vill mam „Rock the South“ ze dinn, wouduerch eis dës CD erméiglecht gouf.

Info

Ween elo Loscht huet, Fallen Lies kennenzeléieren, dee kann op hirer Facebook-Säit de ganzen Optrëtt aus der Rockhal (nach eng Kéier) kucken oder d’Aen no den nächste Concerte vun der Formatioun ophalen.