Headlines

ForumEsch: Eng kannerfrëndlech Stad?

Forum / Esch: Eng kannerfrëndlech Stad?
 Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Our culture obsesses about the care of children. We declare their well-being the most important thing in the world. Yet we keep building places that steal their freedom and put them in danger. I often wonder ,What kind of place would we create if we really wanted to meet our stated ambition of caring for children?‘“ (Charles Montgomery)

Den Charles Montgomery, kanadesche Schrëftsteller a Spezialist am Beräich vun der Entwécklung vum urbane Raum, stellt fest, dass mer éiweg besuergt sinn ëm d’Wuel vun eise Kanner. Mär erklären hiert mentaalt a physescht Wuelbefanne gären zu eiser allerhéchster Prioritéit. Mär chaufféieren d’Kanner an d’Schoul, kutschéieren se an den Training, bei d’Kolleegen asw. Am Alldag ginn d’Kanner zu 100 Prozent dauerbespaasst a superviséiert.

Hinne feelt et un näischt, oder?

Just u Fräiraum. Dee feelt hinnen.

Eng verkéiersberouegt Stad

„Autonomous cities lead to happier kids and happier parents“, d’Melissa an de Chris Bruntlett, zwee kanadesch Experten am Beräich vun der urbaner Mobilitéit, a Befürworter vun enger „low-car city“, ënnersträichen an hirem Buch Curbing Traffic déi enorm Wichtegkeet vun enger un all Alter ugepasster Vëlosinfrastruktur an der Stad, a soumat och der allgemenger Verkéiersberouegung. Verkéiersberouegend Moossnamen an der Stad erhéijen net nëmmen de Beweegungsradius vun de Kanner, mee se hunn och e positiven Impakt op d’Liewensqualitéit vu jidderengem. Eng verkéiersberouegt Stad suergt dofir, dass déi schutzbedürftegst Bierger, nämlech d’Kanner, déi eeler Leit an déi mobil ageschränkte Mënschen an eiser Gesellschaft, einfachen Zougang zum ëffentleche Beräich hunn an deemno un Onofhängegkeet a Beweegungsfräiheet gewannen. Nieft dem Fait, dass duerch ugepasste Vëlosweeër e Kand ouni grouss Risike vun A op B kënnt, erliichtert hiren nei gewonnene Fräiraum och den Elteren hir Charge, déi oft mussen als Chauffeur fungéieren. Deene meeschte Kanner a ville Stied, ënnert anerem och Esch, bleift oft verwiert, sech ouni Elteren oder Erzéier am ëffentleche Raum ze beweegen. Och wa vereenzelt Kanner de Geforen op de Stroossen trotzen, erwäne vill Elteren, dass d’Kanner an hirer Beweegungsfräiheet dobaussen duerch de Verkéier immens ageschränkt sinn.

Net superviséiert dobausse spillen, Kolleegen treffen, op eng Spillplaz goen, mam Vëlo fueren, dobaussen einfach ofhänken, op Beem klammen, aleng eng Glace kafen asw.

Schnéi vu gëschter, oder?

Ech hoffen net.

„Children ought to be free to wander freely and safely around their city.“ D’Melissa Bruntlett erwäänt, dass e Kand e Recht drop huet, sech fräi an der Stad ze beweegen, an ech fügen derbäi, dass mer weder eis als Elteren nach de Kanner e Gefale maachen, wa mer se am gëllene Käfeg aspären. Virun allem am Hibléck op hir physesch a mental Entwécklung si fräit Spill a Beweegung dobaussen immens wichteg. Net fir näischt sinn déi hollännesch Kanner déi glécklechst europawäit. Hir Vëlosinfrastrukturen a verkéiersberouegend Moossname landeswäit erlaben de Kanner scho ganz fréi, sech autonom a sécher an hirem Ëmfeld ze beweegen. Fir déi meeschte Kanner gehéiert et zum Alldag, sech reegelméisseg mat Kolleegen ze treffen, an dat ouni Supervisioun.

Keng Plaz fir d’Mënschen

Zu Esch ass d’Majoritéit vum ëffentleche Raum besat vum motoriséierte Verkéier, an dat mat all senge negativen akusteschen a loftverschmotzende Konsequenzen. Déi besteeënd Vëlosweeër sinn net zougänglech fir jiddereen, well se si weder intelligent vernetzt nach kloer ofgetrennt vun den ëfters staark befuerene Stroossen. Zudeem gëtt de Verkéier just op ganz vereenzelte Plazen duerch Stroosseverengungen oder aner Fuerbunnstrukturen un d’Tempolimitatioun erënnert. D’Fuere mam Vëlo gläicht deemno ganz séier enger Kombinatioun Hindernisparcours mat Spießrutenlauf op réien Eeër …

„Infrastructure ought not to be just for heroes but for children and seniors who wish to ride in safety and comfort – in other words, for everyone.“ De Chris Bruntlett ënnersträicht, dass ee keen Held soll musse sinn, fir mam Vëlo oder ze Fouss vun A op B ze kommen. An awer trauen déi meeschten Escher sech net, de Vëlo ze huelen, a virun allem kee Kand. Wann den Zougang zum ëffentleche Raum demokratesch soll sinn, da mussen déi besteeënd Infrastrukturen dës Ambitiounen och um Terrain reflektéieren.

„Residents in cities have little joy outside where they live“, esou och dem Chris Bruntlett seng Feststellung. Zu Fouss goen oder mam Vëlo fuere gëllt fir vill Leit als onangeneem an op ville Plazen zu Esch als liewensgeféierlech, komplett geckeg, soit, reservéiert fir déi Liewensmidd. An enger autozentréierter Stad wéi Esch ass de Mënsch a virun allem e Kand onsiichtbar am oniwwersiichtlechen Autoschaos. Als traureg Logik sinn d’Kanner zu Esch (an och anere Stied) gréisstendeels aus dem ëffentleche Gesellschaftsbild verschwonnen.

Am urbane Raum hu vill Kanner net d’Méiglechkeet, am Gaart ze spillen, well se einfach kee Gaart hunn, oder och keen Elterendeel, deen se permanent op eng Spillplaz begleet. An deem Kontext sinn ugepassten Infrastrukturen, wéi Vëlosweeër a Gréngflächen am Quartier, ëmsou méi wichteg, fir de Kanner eng gewëssen Autonomie erëmzeginn an de Raum fir jiddereen zougänglech ze maachen.

Amenagement vum urbane Raum

Glécklecherweis beweise verkéiersberouegend Mesuren a villen Uertschaften, dass een dës ongeleeë Situatioun net fatalistesch unhuele muss. En anert Liewen an Erliewe vum urbane Raum ass méiglech a wënschenswäert. Déi positiv Effeten op dat mentaalt a physescht Wuelbefanne vun den Awunner an de Stied, wou d’Mobilité douce grouss geschriwwe gëtt, sinn onëmstridden. Delft, Paräis, Houten, Barcelona, Münster, Kopenhagen, Engelberg, Freiburg, Vauban (Freiburg) etc. decidéieren all Dag bewosst, de Mënsch an den Zentrum ze stellen, an net de motoriséierte Verkéier, a passen d’Infrastrukturen dësen Ambitioune ganz geziilt un.

Wo ein Wille ist, ist ein (Fahrrad- oder Fußgänger) Weg.

„People make different choices when they are truly free to choose.“ (Happy City, Charles Montgomery)

„Low car“-Stied gi beim Amenagement vum urbane Raum vum schutzbedürftegste Bierger, nämlech dem Kand, aus a maachen deemno d’Stad jidderengem zougänglech. Gutt vernetzten an ofgetrennte Vëlosweeër suergen dofir, dass déi jonk, eeler a mobil ageschränkte Leit déi alternativ Weeër och notzen. Wann d’Leit sech sécher a gesi fillen, da gräifen se och op dës Alternativen zeréck. Parallel zu de Vëlosweeër a Foussgängerweeër gëtt de motoriséierte Verkéier konsequent aus der Stad op déi grouss Verkéiersarterien erausgeleet an d’Vitess gëtt duerch weider Moossnamen, zum Beispill Stroosseverengungen, reduzéiert. Zudeem erlaben autofräi Espacen de Leit, sech fräi ze beweegen an sech ze begéinen, an de Kanner, fräi ze spillen. En plus bilden dës Espacë weider Plattforme fir d’Gestaltung vum urbane Raum, z.B. fannen do verstäerkt lokal Mäert, Concerte vu lokale Museker, Konschtausstellungen, Kannertheater statt a villes méi. De Gestaltungsméiglechkeete si keng Grenze gesat.

An deem Sënn kann eng gutt konnektéiert a sécuriséiert Vëlosinfrastruktur dozou bäidroen, de Kanner e méi liewegen a gläichzäiteg sécheren Espace public zu Esch erëmzeginn. Autoberouegt Stroosse ginn de Kanner e Stéck Fräiheet an Onofhängegkeet erëm, an deemno hunn se och e reelle Choix. Aleng oder begleet de Vëlo ze huelen oder mat Kolleegen zu Fouss ze goen, sollen déi Jéngst kënnen onbeschwéiert decidéieren … ouni e Superheld mussen ze sinn.

Zur Autorin

D’Sarah Bock wunnt säit hirer Kandheet zu Esch. Si ass Mamm vun dräi Meedercher an Engleschproff am LGE (momentan am „congé sans solde“). Si mécht sech, säit hir Kanner op der Welt sinn, verstäerkt Gedanken ëm d’Liewensqualitéit zu Esch, virun allem en vue vun de Gréngflächen, déi en masse verschwannen, an dem zouhuelende motoriséierte Verkéier.

Erwin Müller
5. Juli 2023 - 14.49

Mal wieder ein Artikel, welcher das Fahrradmodell aus dem Ausland nutzt und diese auf eine fundamental andere Realität hier im Lande versucht anzuwenden, mit den typischen Problemen, welcher eigentlich jedem längst bekannt sind. Vorne weg, ja das normale Fahrrad (nicht das E-Bike) ist gut für Mensch und Umwelt um KURZE und MITTLERE Strecken zurückzulegen an relatif flachen Orten. Dies ist aber in Luxemburg meist nicht der Fall, da die meisten Menschen sich keinen Wohnraum in der nähe ihres Arbeitsplatzes leisten können und die meisten Familien zu Zweit arbeiten gehen müssen und selten im gleichen Ort oder Betrieb. In allen genannten ausländischen positiven Beispielen handelt es sich um Städte in denen Menschen leben und arbeiten können, wer jedoch 5 Dörfer weiter sein Kind in eine "Crèche" bringen muss, da die im eigenen Ort voll ist um dann wegen mangtum an direkten Anbindungen in die entgegengesetzte Richtung 20-30km fahren muss um seinen Arbeitsplatz zu erreichen (von den 60-80km welche manche Granzgänger täglich hinnehmen ganz zu schweigen), der wird und kann nicht aufs Auto verzichten. Unsere Städte sind zu klein und das Angebot an Wohnraum in der Umgebung der Hauptarbeitssitze zu gering um es mit Modellen aus dem Ausland zu vergleichen.