Alternative RockBeats am Blutt, Melodien am Ouer: Mutiny on the Bounty spillt ee fantastesche Concert an de Rotondes

Alternative Rock / Beats am Blutt, Melodien am Ouer: Mutiny on the Bounty spillt ee fantastesche Concert an de Rotondes
Elo schonn ee vun de beschte Concerte vum Joer: Mutiny on the Bounty an de Rotondes Editpress

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Gëschter hu Mutiny on the Bounty an de Rotondes zwee nei Lidder virgestallt – a sou ganz niewebäi bewisen, dass se eng vun deene beschte Live-Bands weltwäit ass.

Eng vun de gréissten Erausfuerderunge vum Kulturkritiker zu Lëtzebuerg besteet doranner, dass ee meeschtens net weess, wéi ee sensibel iwwer Produktiounen aus dem eegene Land soll schreiwen. Wier een an Däitschland oder Frankräich, géif sech d’Fro manner stellen – do ginn et esou vill Konschtproduktiounen an esou vill Medien, dass de Lien tëscht Kënschtler a Kritiker manner intim, de Milieu manner „à fleur de peau” ass. Zu Lëtzebuerg ass et esou, dass alles, wat ee schreift, peche bleift – weist een eng gewëssen Indulgence, ass ee séier am Konschtmilieu beléift (mä entdaacht näischt als Kritiker), esou bal een awer iwwert iergend eppes knoutert, weist sech de ganze Secteur solidaresch an de Kritiker huet alt nees näischt verstanen. Wie manner vun der Saach versteet, ass oft am Virdeel.

Vill Saachen, déi hei am Land erauskommen, géif een oft net lauschteren/liesen/kucken, wier een net duerch eng komesch Form vu Patriotismus dozou verflicht, sech d’Saach iwwerhaapt unzelauschteren/unzeliesen/unzekucken. Dat entsprécht bal enger territorialer Logik. Géif ee beispillsweis an Däitschland op enger Landkaart een Terrain erausschneiden, deen d’Gréisst vu Lëtzebuerg hätt, an do no gudde Museker/Schauspiller/Schrëftsteller sichen, da géif een do och vläicht net immens vill Bukowskien a Nils Frahme fannen (obwuel och do de lokale Serge Tonnar de Journalist séier géif uschreiwen, fir hien iwwert säi Genie opmierksam ze maachen). Eleng aus deem Grond ass et eng Freed, iwwer Mutiny on the Bounty ze schreiwen. Hei ass een zu kengem Moment tentéiert, eppes ze schreiwen ewéi „fir eng lëtzebuergesch Band ass se ganz ok“. Well Mutiny ass net just „ok“.

A Mutiny ass och net just gutt, wann een aus dem traditionelle Mannerwäertegkeetskomplex d’Lëtzebuerger Musekszeen als Vergläichshorizont erbäi zitéiert. Mutiny on the Bounty ass phenomenal gutt – a gëschter huet se ee vun de beschte Concerte gespillt, déi een dëst Joer wäert gesinn hunn.

Grandios, kompakt a wonnerbar geschlaff

Schonn am Virfeld gouf de Concert an de Rotondes grouss ugekënnegt – et sollt déi éischte Kéier zanter fënnef Joer sinn, dass d’Band nei Lidder spille géif. Een Dag virum Concert konnt een, wann een d’Event zum Concert op Facebook gedeelt an duerno der Band ee Message geschéckt huet, ee geheime Link zu der neier Single „Orion” geschéckt kréien.

Wien d’Lidd gelauschtert huet, weess, dass den neien Album vu Mutiny d’Potential huet, eng vun de wichtegste Placke vun dësem Joer ze ginn – den Track baut sech lues op wéi den Intro zu „North Korea”, en ass manner danzbar, e bësse méi lues wéi villes op „Digital Tropics“, dofir schicht en awer esou vill Couche Melodien iwwerteneen, ass esou detailverléift an dynamesch a konzentréiert sech esou op Atmosphär, Textur, an Elektronik, dass een e gären zéngmol héiere soll, bis een déi verschidden Nuancen erfaasst huet. Live war „Orion” dann och scho wansinneg geschlaff, wonnerbar präzis an de Klang war an de Rotondes esou gutt, dass een déi verschidden Texture schéin eraushéieren huet.

Virdrun hat de Concert mat „North Korea” ugefaangen, duerno gouf et wéi bal ëmmer eng immens effizient Mëschung aus deene beschte Lidder vun „Trials” („Mapping the Universe“, „Myanmar”) an „Digital Tropics” („MKL JKSN“, „Dance, Automaton, Dance“, „ Countach“), zu deene sech nieft „Orion“ nach een zweeten neie Song gestallt huet, dee genee esou villverspriechend wéi den éischten Extrait geklongen huet.

De Sound war immens, d’Band an Héchstform a souguer den zu Lëtzebuerg oft esou lethargesche Publikum huet an den éischte Reie gedanzt, geschweesst a gecrowdsurft (datt Verb gëtt et am Lëtzebuergeschen net, an de Lëtzebuerger Concert-Gänger wousst dofir och wuel net esou richteg, wat e mat de schwiewende Kierperen, déi em do entgéintkoumen, sollt ufänken) bis de Set vun enger gudder Stonn eriwwer war. D’Rotondes waren, wat eigentlech seele passéiert, ausverkaaft, duerno huet een, nach d’Beats am Blutt an d’Melodien am Ouer, eng sëllege Leit an der Stad begéint, déi gären op de Concert gaange wieren, mä gesinn haten, dass e schonn am fréien Owend „sold out“ war. All deene sief déi nei Single ze empfeelen – an d’Band wäert an deenen nächste Méint nach e puer Mol an der Groussregioun optrieden. Bis dohi bleift festzehalen, dass, och wann esou Superlativen eigentlech idiotesch sinn, Mutiny déi bescht Band aus dem Land ass.