Headlines

This Hard Minett LandAlles rout, donidden

This Hard Minett Land / Alles rout, donidden
 Illustration: Dan Altmann

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Last night I dreamed that I was a child

Out where the pines grow wild and tall

I was trying to make it home through the forest

Before the darkness falls

I heard the wind rustling through the trees

And ghostly voices rose from the fields

I ran with my heart pounding down that broken path

With the devil snapping at my heels“

(Bruce Springsteen, My Father’s House, from the album Nebraska, 1982)

Bluttorangërout.

De faarwegen Nuetshimmel war dat Eenzegt, dat de Camille konnt gesinn, vum hënneschte Sëtz aus, a sengem Papp sengem Ford Anglia 100E. Dem Kleeschen seng Engelcher géinge baken. Hie war nach an deem Alter, wou sou eng Erklärung duergoung. Kuerz drop ass hien ageschlof, wéi gewinnt, um Heemwee, zeréck an d’Stad, vum Besuch bei senge Grousselteren. Déi haten hire klengen Haff do uewen am Éislek opginn, en Haus donidde kaaft, am Minett, net wäit ewech vun der Schmelz, op där de Bop neierdéngs geschafft hat. No der Rundstedtoffensiv war an hirem Duerf alles vrecktgeschoss gewiescht. Aarbechter aus dem Süde vum Land waren an d’Éislek komm, fir ze hëllefen alles erëm opzebauen. Vun hinnen hat de Bop héieren, datt et nach Plazen op der Schmelz gouf an datt een do net schlecht verdénge géif. Datt do och Stol fir d’Preise gegoss gi war, hat léiwer keen dem Mann erzielt. Bluttorangërout war den Himmel deemools och, wéi de Camille mat sengen Eltere vum Bop sengem Begriefnis zeréckkoum. „Mir hätten nimools sollen an de Minett erofkommen“, hat seng Bom gekrasch. „Mol nach net an der Rent gewiescht. – Vill ze fréi vun eis gaangen“, hu Leit probéiert si ze tréischten. Als Feierstëppler hat de Bop geschafft, sou wéi deen um Eefrangstéck. „Richteg haart geschafft, e richtegen Aarbechter!“, war de Bop gelueft ginn. Dës Kéier war de Camille grouss genuch gewiescht, fir datt säi Papp him erkläre konnt, datt déi Glous am Oweshimmel vun de Schlakentippe kéim. Buggien hunn de gliddege Steen, deen am Héichuewe vum Eise getrennt gi war, den Hiwwel erofgetippt. Jo, wa Gestengs ganz waarm wär, da géif et flësseg. Dat wär och esou bei de Vulkanen, do géing et dann als Lava erauslafen. Well si weider seng Bom besiche goungen, a well säi Monni lo och op enger Schmelz geschafft huet, konnt de Camille nach méi dacks deem feierege Spektakel nokucken, aus sengem Papp sengem neie Cortina Mark I. Doheem zu Hollerech huet hien sech d’Leit elo méi genee ugekuckt. Wie vun deenen, déi him hei iwwer de Wee gelaf sinn, war och där richteger Aarbechter een? Wie vun hinnen huet richteg haart geschafft: Dem Frun säi Papp beim Kuelenhändler, oder dem Mil säin an der Zigarettefabrick, oder dem Karel säin, deen am Schluechthaus war, dem Cesario säin op der Tankstell, dem Mario säin als Autoselektriker oder dem Rocco säin als Usträicher, oder dem Robby säin, beim Pol Wurth? Hien huet säi Papp gefrot. Deen hat de Kapp gerëselt: „Kuck emol, datt s du Houf un d’Hänn kriss, ier s de mat esou topege Froe kënns!“ Beim nächste Besuch bei der Bom huet si rëm gekrasch: „Mir hätten nimools sollen aus dem Éislek erofkommen.“ Hire Kéistipp, deen si aus dem Éislek mat erofbruecht hat, war gestuerwen. Iergendeen hat e Schwamm am Botter gebroden, an dem Hond deen ze friesse ginn. D’Déier war hir ëmmer aus dem Gaart entwutscht, war gewinnt gewiescht, duerch d’Wisen ze jauwen. Dat war wuel iergendengem däers Gudden ze vill gewiescht.

Raschtrout.

Hir Ekipp hat gläichgespillt, bei der Alliance, um Terrain hannert Italien, direkt niewent der Schmelz. „Gutt gekämpft, Jongen!“, sot den Trainer. „Loro sono fortunati, déi hunn Tricote wéi den AC“, huet de Franco gemengt. De Bulli hat schmiereg Spueren op sengem Tricot hannerlooss. Dem Camille seng Mamm hat geflucht. „Déi Flecke kréien ech net gutt eraus. Dat ass dee Minettsbuedem.“ – „Nee, dat ass de Stëbs aus de Schaarschtecher“, sot säi Papp.

Sovjetrout.

De Camille war gewuess, a villes hat ugefaangen sech ze veränneren. Dem Camille säi Papp krut eng aner Plaz op der Gemeng. D’Stater Gaswierk sollt nämlech zougemaach ginn, well eng Autobunn bis op Esch geplangt war. Net nëmmen d’Gaswierk gouf ofgerappt, mee och de Léiwekeller an domadder eng ettlech al Haiser. E grousse Rass gouf an Hollerech gerappt. Et huet sech op eemol ëmmer méi geännert. Eng Pëtrolskris koum, en autofräie Sonndeg gouf ausgeruff. De Camille goung mat sengen Elteren iwwer de Schantje vun der Autobunn spadséieren. Duerno koum eng Stolkris. „Sovjetrout!“, hat de Paschtouer vu sengem Priedegtstull erof geroost. Déi Fändele vum LAV hätten net ëmsoss déi Kommunistefaarf. Biede sollt ee fir déi Leit, déi ëm hir Plaze géinge fäerten. Well de Papp am Himmel wär hirer gnädeg. „Bieden huet eiser engem nach ni gehollef“, sot dem Camille säi Papp. An de Schmelze goufen ëmmer méi Leit virun d’Dier gesat an an der DAC beschäftegt. De Monni hat Angscht ëm seng Plaz. Déi puer Kéieren, wou de Camille nach mat op Besuch gefuer ass, am Papp sengem Simca 1100 TS, war keng Glous méi am Himmel. An no de Matcher bei der US, der Fola oder der Minière hat seng Mamm sech manner iwwer d’Tricotwäsche beschwéiert. Et houng ewell manner Stëbs an der Luucht.

De Camille hat de Lycée hanner sech, wéi seng Elteren aus deem Haus hu misse plënneren, an deem si gelount haten. Si waren an d’Éislek geplënnert. De Camille hat an der Tëscht beim Stat geschafft, war op d’Land gezunn, hat an enger Südgemeng gelount. D’Stad war ze deier ginn. Heiansdo sinn ech him op der Grenz begéint, wann d’Jeunesse gespillt huet. „Nach esou eng richteg Quartiersekipp“, huet hie sech gefreet. Mat der Zäit huet een hien dunn awer ëmmer manner gesinn. Hie war iergendeng Kéier déi Säit der Grenz wunne gaangen, iwwer d’Musel, an en eegent Haus. „Bei d’Preise gees du wunnen? Gutt, datt deng Bom an däi Bop dat net méi erliewen“, hat seng Mamm gegranzt.

Ewell gesäit een de Camille net méi dacks. Eemol nach war ech him op engem Trëppeltour begéint, hat hie gefrot, wéi et him géing. „Entwuerzelt“, hat hie gegrommelt.

Zum Auteur

De Gast Groeber (*1960) ass 2010 fir d’éischte Kéier publizéiert ginn an et koume bis elo siwe Bicher vun him eraus. Eemol huet hien de Lëtzebuerger Buchpräis gewonnen an eemol krut hien de „Coup de cœur“ vum Jury. 2016 ass hie mam EUPL ausgezeechent ginn an 2018 mam MEP’s Prize am EUPL Winners Writing Contest, ex-aequo mam Jean Back.

This Hard Minett Land – Das Buch

Bald ist es so weit: Seit März haben das Tageblatt, das Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) und capybarabooks die LeserInnen jeden Freitag zu einer besonderen Entdeckungsreise durch Luxemburgs Süden eingeladen: Rund vierzig SchriftstellerInnen und HistorikerInnen ließen sich von Bruce Springsteens Songs inspirieren und schrieben Texte über das luxemburgisch-lothringische Eisenerzbecken, „de Minett“, sowie über diejenigen, die dort leben und gelebt haben. Begleitet wurden und werden die Texte in deutscher, englischer, französischer und luxemburgischer Sprache von Illustrationen des Luxemburger Künstlers Dan Altmann. Im November erscheinen sie versammelt in Buchform bei capybarabooks. Bestellen Sie jetzt! „This Hard Minett Land“ wird Ihnen dann sofort bei Erscheinen versandkostenfrei zugeschickt.

Susanne Jaspers & Denis Scuto (Hg./dir.)
This Hard Minett Land
Mit Illustrationen von Dan Altmann
ca. 256 Seiten
20 x 12 cm, Klappenbroschur
25,00 Euro
Erscheint im November 2022