Headlines

This Hard Minett LandAcross the Border

This Hard Minett Land / Across the Border
 Illustration: Dan Altmann

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Däin Haus hat honnert Faarwen. Rout. Beige. Schwaarz a gréng. Munch Steng hu gëlle geliicht. Wa Sonn war, huet et gefonkelt a geglënnert. Rau a spatz ware se ënnert menge klengen Hänn, all déi Stengelcher – souvill, datt ee se net ziele konnt. Gespuert has du, op d’Säit geluecht, all Su fënnef mol ëmgedréit, fir dat faarwegt Haus ze kréien. Du konnts ëmmer gutt mat Geld ëmgoen – bei de Männer aus dem Minett wosst een dat deemools ni esou richteg, do waren der vill drënner, déi alles versoff hunn, wat se haten, éier s de dech ëmsinn has, war näischt méi do. Nee, nee, hie war kee vun deenen, e Gudde war en, mengem Papp säi Papp, och wann en esou seng Naupen hat, mee wien huet déi net. Du waars gutt gefall. Et war Chance, datt s du déi aner, déi vill derfir ginn hätten, fir just e kuerzen Danz mat dir ze kréien, einfach net bekuckt hues. Wee weess, wat soss geschitt wär? Da wäre mer all net do. Net hei. Vläicht anzwousch anescht, warscheinlech awer éischter net. Et soll ee sech näischt virmaachen.

Wa mir ukomm sinn, bass du erausgelaf. Sou séier s de konnts. Ech weess, du stoungs bei der Fënster an hues déi hell Rideau mat deene klenge Pomponen, deene mir sou gär Trëtzen an hir laang Fiedem gemaach hunn, op d’Säit gedréckt. Ech weess, du waars ongedëlleg, bass séier tëschenduerch an d’Kiche gelaf, d’Ouere gespëtzt – ass dat net den Auto – mee nee, mär waren erëm ze spéit, ni pünktlech, du wousst et, mee hues awer ëmmer gehofft. Ni hues de eppes gesot. Et war ok, ëmmer an der Rei – ni e Grond, fir sech opzereegen. Scho guer net wéinst sou enger Klengegkeet. Och wann eis Mamm dat anescht gesinn huet an dat si nervös gemaach huet. Si war schonn ëmmer ganz anescht wéi s du. Mee wie war dat net… An d’Hänn geklappt hues de. Mat roude, feirege Baken hues de no de Kënnercher geruff, déi der aus dem Auto, ouni sech nach emol no der nervöser Mamm ëmzedréien, an den Aarm gelaf sinn. Dech festgehalen a gedréckt hunn, dech ageotemt hunn, sou waarm a mëll, de Geroch vu frëschen Nuddelen, Tomatenzooss a Schweess.

Endlech do, hu mer geduecht.

Endlech do.

Vun hei ginn ech net fort, hues du gesot, an deng Stad – a virun allem däi faarwegt Haus – gemengt, wou all eenzele Millimeter esou schrecklech vill z’erzielen hat. Wat wëll een da scho mat engem vun deene fonkelneie Këschtenappartementer? Quatsch ass dat. Wann s du spueren, kachen an eis all Wonsch erfëlle konnts, sou konnt de Bopa virun allem bauen a knéchelen, nee wat soen ech, zauberen. Alles selwer gemaach, hues du jidderengem erzielt, deen erakomm ass, sou e gudden Handwierker muss de haut emol siche goen, hues de gesot, an et stëmmt, well dat meescht bis zum Schluss gehalen huet, och wéi de Bopa bis net méi do war. Et war keng einfach Zäit, wéi hien ugefaangen huet ze vergiessen. Am Ufank hues de et verstoppt a bass an de Keller gaange fir ze kräischen. Dat geet schonn, hues de gesot a probéiert ze laachen. Iergendwann ass et net méi gaangen, hien huet misse fort, dat war schlëmm, awer du waars frou, datt s du konnts bleiwen. An dengem faarwegen Haus, an deem alles erënnert huet, un dat, wat war – an net méi konnt sinn. Ech sinn dacks komm, hunn dech matgeholl an erëm zeréckbruecht. Munchmol stoungs de bei der Fënster ze waarden. Du waars méi ongedëlleg an heiansdo och nervös. Souguer e bësse rose konnts de ginn. A mech hues du och alt emol op d’Palm gedriwwen.

Den Dag, wéi de Bopa gestuerwen ass, hunn ech dech owes zréckbruecht. Du waars traureg. Awer frou doheem ze sinn. A Sécherheet. Wéi s du selwer lues a lues ugefaangen hues ze vergiessen, hues du et ëmmer méi dacks gesot. Et war wéi bei enger Dréiuergel, déi ni midd gëtt. Datt s du bleifs, nimools fortgees. „Hei kritt kee mech eraus“, sos du. Jo, sot ech, obwuel ech et dach wosst, datt et net esou kéint sinn. Mee wat hätt ech solle maachen? Ech konnt einfach net. Trotzdeem hues du et gemierkt. Iergendwann, wéi mir an der Stuff souzen, et war roueg an et huet een näischt héieren ausser dem Ticke vun der Auer, deem gossenen Teller mat den décken Zären, déi ëmmer erëm festhoungen. Haut fënns du keen Haus méi mat esou décke Maueren, sos du ëmmer. An datt den Entrepreneur se just fir dech sou déck gemaach hätt. Grad wéi ech wollt opstoe fir ze goen – et ass scho lues a lues däischter ginn an et huet een d’Kuebe gesinn an déi héich Beem fléien – hues de mech gefrot.

Wann ech net méi do sinn, sos du, wëlls du dann net heihikommen? Hei wunne mat denge Kanner? Du hues mech eescht ugekuckt, an deng Ae waren anescht wéi soss. Ee Moment hunn ech gezéckt. Mech gefrot, obwuel ech d’Äntwert kannt hunn. Du waars enttäuscht. Hues ëmmer mol erëm gefrot. Ech hu mech net getraut, der d’Wourecht ze soen. Scho guer net, wéi s de bis am Fleegeheem waars.

Op engem groen Novemberdag bass du gaangen. Einfach esou. An e puer Méint drop sinn och ech gaangen. Fort aus dem Minett an aus denger Stad, déi alles fir dech war. Däi Liewen. Deng Vergaangenheet an deng Zukunft. Fir mech ass deng Stad zanterhier eidel a gro. Ech ginn net méi gär zréck a fille mech just friem an eleng. Well eppes feelt.

Däin Haus hat honnert Faarwen. Haut huet kee méi esou eng Fassad. Ech wënsche mer, ech hätt e puer vun de Steng matgeholl. Vläicht hätt ech se an eng kleng Këschtchen an en Tirang geluecht. Munchmol hätt ech se erausgeholl a se an der Sonn fonkele gelooss.

Across the Border

(…)
For you I’ll build a house
High up on a grassy hill
Somewhere across the border
Where pain and memory
Pain and memory have been stilled
There across the border
And sweet blossoms fill the air
Pastures of gold and green
Roll down into cool clear waters
And in your arms ’neath the open skies
I’ll kiss the sorrow from your eyes
There across the border
Tonight we’ll sing the songs
I’ll dream of you my corazón
And tomorrow my heart will be strong
(…)

Bruce Springsteen (from the album „The Ghost of Tom Joad“, 1995)
Sony Music Group/Eldridge

Zur Persoun

D’Anja Di Bartolomeo, Joergang 1978, ass an der Stad opgewuess an huet een Deel vu senger Kandheet zu Diddeleng verbruecht. Hatt huet Geschicht a Politikwëssenschaften zu Augsburg studéiert. Haut schafft hatt als Responsabel fir d’Kommunikatioun am Centre hospitalier du Nord a schreift Kuerzgeschichten a Romaner. 2017 gouf hatt beim „Concours littéraire national“ fir „Chamäleons“ mam 1. Präis an 2019 fir „Wundholz“ mam 3. Präis ausgezeechent. Wierker (Auswiel): „Chamäleons. Erzählungen“ (2017), „Wundholz. Roman“ (2020).

This Hard Minett Land

Von März bis Oktober 2022 laden das Tageblatt, das Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) und capybarabooks die LeserInnen jeden Freitag zu einer besonderen Entdeckungsreise durch Luxemburgs Süden ein. Rund vierzig SchriftstellerInnen und HistorikerInnen lassen sich von Bruce Springsteens Songs inspirieren und schreiben Texte über das luxemburgisch-lothringische Eisenerzbecken, de Minett, sowie über diejenigen, die dort geboren oder dorthin eingewandert sind, dort gelebt, gearbeitet, geliebt, geträumt, gehofft, gekämpft, Erfolg hatten oder gescheitert sind. Begleitet werden die Texte in deutscher, englischer, französischer und luxemburgischer Sprache von Illustrationen des Luxemburger Künstlers Dan Altmann. Im Herbst erscheinen sämtliche Texte und Zeichnungen dann versammelt in Buchform bei capybarabooks. Bis dahin heißt es: „Son, take a good look around/this is your … Minett Land!“