ForumOppene Bréif vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, François Bausch An de leschte Wochen ass an der Press vill iwwert den Ausbau vum Tram an der Neipuertsgaass geschwat ginn. Der Diskussioun huet et op der enger Säit u Kontext gefeelt, anerersäits goufen och einfach Ënnerstellunge kommunizéiert, déi ech esou net wëll onkommentéiert loossen.