De Minister Meisch mengt, d’Philosophie kéint net als Basis vum Wäerteunterricht a Fro kommen, well vill Themegebitter domat net ofgedeckt ginn. Hie kennt vläicht net déi klassesch laténgesch Definitioun vun der Philosophie: „Philosophia est scientia omnium(!) rerum ex altissimis causis.“ Op däitsch fräi iwwersat: „Sie ist die Wissenschaft aller(!) Dinge, betrachtet aus ihren höchsten Zusammenhängen und Gründen.“ An engem lëtzebuergesche Lieserbréif seet d’Nora Schleich iwwer d’Philosophie ganz einfach: „All(!) Thema, wat zur Welt gehéiert, gëtt behandelt.“
Doropshin fuerdert e studéierte Geeschtlechen an engem anere Beitrag, et misst gesot ginn, „em wéi eng Philosophie et sech handelt“. En zielt dann eng Rei héich komplizéiert philosophesch Begrëffer op, déi do a Fro kéimen: Transzendentalphilosophie, Phänomenologie, Hermeneutik asw. Domat awer kann z.B. eng Caissière am Cactus näischt ufänken, wann e Client si em 50 € beduckst huet. Fir esou konkret Poblemer ze léisen, behandelt de Wäerteunterricht eben nëmmen en Deelgebitt vun der Philosophie: d’Norme vum mënschlechen Handlen am praktesche Liewen, wou et em Recht a Gerechtegkeet geet. ’t sinn also d’Wäerter vun der Moral a vun der Mënschlechkeet, déi am Wäerteunterricht behandelt ginn. Aner Wäerter ginn an anere Fächer behandelt, z.B. di materiell an der Economie oder di ästhetesch an der Education artistique. Firwat gëtt et esouvill Leit, déi sech domm stellen a maache, wéi wann den Inhalt vum Wäerteunterricht e Rätsel wär?
Schonn eenzel markant Sätz vu bestëmmte Philosophe kënnen an enger Schoulklass als Diskussionsbasis benotzt ginn, ouni Phänomenologie oder Hermeneutik! Vum Kant z.B. dee berühmte kategoreschen Imperativ: „Handle so, dass die Maxime deines Willens jederzeit zugleich als Prinzip einer allgemeinen Gesetzgebung gelten könne.“ Och dem Hegel seng Ausso, datt déi alldeeglech „Plackerei“ vun deenen einfache Leit aus dem Vollek moralesch net héich genuch anzeschätze wär, ass ouni weideres ze gebrauchen.
Fir nach méi däitlech ze ginn: Wann ee weess, datt et am Wäerteunterricht em Recht, Gerechtegkeet a Mënschlechkeet geet, da stinn direkt eng Rei vu Begrëffer am Mëttelpunkt, déi dem Schüler vertraut sinn: Mënscherechter, Gläichberechtegung, Kannerrechter, Solidaritéit, Matgefill, Eierlechkeet … Fir déi Themen ze behandelen, brauch een dofir onbedéngt e Reliounsunterricht? An der Relioun gi sakral Wäerter behandelt, wéi Gottesléift, Dogmen, Gebiet. Am Wäerteunterrecht awer erkennt de Schüler e.a., datt Recht a Gerechtegkeet nëmme kënne garantéiert ginn duerch d’Gesetzgebung vun enger staarker Demokratie, déi an de Schoulen di grouss mënschlech „Wäerter“ héichhält. Déi Erkenntnis ze vermëttlen, ka schonn e grousst Zil vum Wäerteunterricht duerstellen.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können