Wéi steet et hei zu Lëtzebuerg mat der palliativer Betreiung besonnesch an den Altersheemer an doheem? Dat hu mir eis gefrot, wéi virun e puer Wochen eis Mamm an engem Centre intégré pour personnes âgées (CIPA) u Kriibs gestuerwen ass. Wéi feststoung, dass si schwéier an onheelbar krank wier, si mir un de Service des soins vum Altersheem erugetrueden, fir ze froen, ob eng palliativ Betreiung bei hinne méiglech wier. Dat gouf eis vum Responsabel bestätegt. Hiert Fleegepersonal wier doranner ausgebilt. Dat huet eis berouegt, well eis Mamm op déi Manéier net bräicht an d’Klinik an eng friem Palliativstatioun ze goen. Op där Statioun sinn nëmmen aacht Better, an et wousst een net, op se hätt kënnen direkt opgeholl ginn. Ausserdeem ware mir frou, dass si konnt do bleiwen, wou si di lescht Joren zefridde gelieft huet. Si huet sech do doheem gespuert a jidderee vum Personal gutt kannt. Mee schnell krute mir Bedenken.
En Altersheem ass nun eemol keng Klinik. Et ginn hei just Equippe vun Aide-soignanten an Infirmieren/ièren agesat, déi net di néideg Erfahrung hunn, fir mat schwéierkranke Patienten ëmzegoen, déi Péng hunn, keng Loft méi kréien oder mat aner uerge Pathologien geplot sinn.
Et ass leider net erwënscht an och net méiglech bis haut, dass en Dokter vun enger Palliativstatioun eng Visite ausserhalb vum Spidol mécht wéi an engem Altersheem oder doheem. Alles kann also nëmmen iwwer den Hausdokter vum Patient lafen. Mee huet deen di néideg Erfahrung, fir an der Palliativmedezin ze schaffen? A wann deen net erreechbar ass, wéi nuets, de Weekend oder d’Feierdeeg? Da muss de médecin de garde geruff ginn, also en Dokter, deen den Dossier vum schwéierkranke Patient guer net kennt. Wéi sollen esou palliativ korrekt Mesuren kënne geholl ginn?
Et war eis also du schnell kloer, dass en Altersheem wéi de CIPA einfach d’Méiglechkeeten net huet, fir eng fachgerecht palliativ Versuergung duerchzeféieren. Fir e professionelle palliativen Encadrement an engem Altersheem oder doheem brauch et eng multidisziplinär Equipe vun Doktere mat enger zousätzlecher Ausbildung an der Palliativmedezin, Physio- an Ergotherapeuten, Psychologen, Sozialassistenten, Diätetiker, Benevoller. Esou professionell Leit gëtt et op alle Palliativstatiounen am Land. Firwat kënnen di Leit net dem Hausdokter an den Infirmieren/ièren an den Altersheemer oder doheem zur Säit stoen, fir di Schwéierkrank och korrekt palliativ ze betreien? Palliativ Equippen aus de Spideeler misste mobil an dobausse kënnen agesat ginn. Hir wichtegst Aufgabe wieren:
1.Reegelméisseg Bespriechunge mat alle concernéierte Leit inklusiv dem betreffenden Hausdokter an der Famill resp. de Vertrauenspersoune fir genau ze bestëmmen, wéi eng Therapie medezinesch an ethesch vertrietbar ass am Aklang mat der Astellung vum Patient a mat sengem Gesondheetszoustand.
2.Symptomverbesserung, Schmäerzbekämpfung z.B. duerch Berodung mat de palliativen Equippen, Interventiounen, déi d’Erfahrung vun engem Palliativmedeziner brauchen.
3.E Benevolat, fir de mënschleche Kontakt oprechtzeerhalen an e soziaalt Ëmfeld opzebauen, besonnesch fir Leit, déi soss kee Mënsch méi hunn.
Esou mobil Palliativequippen, déi sech ëm dat kierperlecht a psychescht Wuel vun alle schwéier- oder stierweskranke Leit kéinte këmmeren, an den Altersheemer oder doheem, gëtt et leider zu Lëtzebuerg esou net. Et gëtt se just um Pabeier an deem Gesetz vun 2009, wou iwwer di mobil Palliativmedezin Rieds geet.
An eisem spezifesche Fall huet ee vun der Famill a Frënn missen asprangen, fir sech ëm di Schwéierkrank ze këmmeren. An dat ebe just mam Hausdokter a mam normale Fleegepersonal vum Altersheem.
Mir hunn eis gefrot, firwat d’Gesetz vu 2009 nach ëmmer net ëmgesat ass, firwat et net méiglech ass, um nationale Plang efficace mobil Palliativequippen ze schafen, déi niewent hirer alldeeglecher Aarbecht op de Palliativstatiounen an de Kliniken och fir Ufroen aus den Alters- a Fleegeheemer, Hospicen (Haus Omega) oder vun de Fleegedéngschter (Help, Hëllef doheem asw.) disponibel sinn, an déi dem Hausdokter an den Infirmieren/ièren doheem an am Altersheem mat Rot an Dot a schwierege Situatiounen zur Säit stinn, fir déi stierweskrank Leit palliativ esou gutt wéi méiglech ze begleeden. Vill méi Bierger kéinte vun enger gudder, fachgerechter Palliativmedezin profitéieren, an zwar an deem Milieu, wou se doheem sinn. D’Käschte géifen sech och nach a Grenzen halen am Verglach mat enger stationärer palliativer Unitéit an der Klinik.
Natierlech si mobil Palliativequippen net zum Nulltarif ze kréien, mee hei ass d’Politik gefuerdert, fir déi entspriechend Prioritéiten ze setzen. Et ass bekannt, dass wat méi Palliativmedezin ugebueden gëtt, manner onnéidegen „acharnement diagnostique an thérapeutique“ gemaach gëtt, an dass doduerch vill Sue kënnen agespuert ginn. Vill Leit vum Fleegepersonal hunn tatsächlech schonn eng Ausbildung an der palliativer Fleeg, mee et missten och nach genuch palliativ erfueren Doktere ginn, déi Zäit hätten a bereet wieren, eng palliativ mobil Versuergung ze iwwerhuelen. Palliativ ausgebilten Hausdoktere missten am Prinzip all Dag no deene Patienten kënne kucke kommen, sou wéi an der Klinik och. Leider huet awer nëmmen e klengen Deel vun den Dokteren hei am Land eng zousätzlech Ausbildung an der palliativer Medezin.
Eng utopesch Visioun? Mir mengen net, well déi Visioun ass schonn an etlechen europäesche Länner Realitéit. Laut der OMS brauche 60% vun de Stierweskranken eng palliativ Hëllef. Bei där Zuel gëtt een op mannst nodenklech. Huet ee spéider d’Méiglechkeet, an engem angenehme palliativen Ëmfeld ze stierwen oder muss een dorop verzichten, mat alle Konsequenzen? Eng Erausfuederung un d’Politik, well d’Stierwen ass d’Schicksal vun eis alleguer!
J. Wampach
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können