CabaretTëscht Schlappekino a Game of Thrones: Eng satiresch Chronik vum Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

Cabaret / Tëscht Schlappekino a Game of Thrones: Eng satiresch Chronik vum Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti
De Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit lueden op eng Zäitrees an Foto: Val Wagner

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

No „Sorry fir den Duercherneen” (2017) a „Märd alors!!!” (2019) briechen de Jhemp Hoscheit an de Jules Arpetti hir Zwee-Jores-Reegel a sinn am Moment nees ënnerwee mat hirem bis ewell drëtte Programm, dee sech nennt: „Fréier wor alles – Eng satiresch Chronik vun de 60er-Jore bis haut vum a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti.“ Interessant ass bei dësem Programm, datt de Réckbléck sech net nëmmen op dat vergaangent Joer bezitt, mee op déi vergaange 60 Joer. Mir hu mam Jhemp Hoscheit iwwert hire neie Programm dierfe schwätzen an do déi eng oder aner Anekdot scho verzielt kritt.

Tageblatt: Här Hoscheit, dir sidd elo scho laang am Cabaret aktiv. Wat faszinéiert Iech bis haut un där Form a wat bedeit fir Iech, ganz simpel, de Cabaret?

Jhemp Hoscheit: De Cabaret ass déi direkt Form, fir Mëssstänn an der Politik an an der Gesellschaft opzedecken. Et geet drëm, der Gesellschaft de Spigel virzehalen, hir Schwächten opzedecken an ze entlarven. Et ass fir mech selbstverständlech eng Form, déi ech ganz gär hunn an och scho ganz laang praktizéieren. An den 1980er hunn ech vill mam Jhemp Schuster a mam Josy Braun zesummegeschafft. Duerno koum eng Paus vu 15 Joer, ier ech mech dunn 2016 gefrot hunn, ob ech dat nach kéint: Cabaret schreiwen. „Sorry fir den Duercherneen” war fir mech domat eng Form, fir datt ech erwächen, eng nei Erausfuerderung, fir d’Aktualitéit sou ze beliichten, dass et net langweileg gëtt.

Et geet drëm, der Gesellschaft de Spigel virzehalen, hir Schwächten opzedecken an ze entlarven

Jhemp Hoscheit, Auteur

Lëtzebuerg huet eng immens laang, grouss a villfälteg Cabaretsgeschicht: Dir mam Jhemp Schuster, de Cabaret Peffermillchen, de Kabaret Sténkdéier etc. Vergläicht een déi Situatioun mat haut, kann een dann deenen zoustëmmen, déi soen, datt de Cabaret zu Lëtzebuerg sech verännert oder quasi lues a lues verluer geet?

Et huet vill ofgeholl, an den 1980er an 1990er hate mer zéng bis zwielef Truppen … Ech erënnere mech do nach u vill Truppen … D´Villsäitegkeet feelt op alle Fall. Et gëtt ëmmer manner, vläicht well et eng schwéier a grouss Konscht ass, gudde Cabaret ze maachen. Et geet u bei der journalistescher Recherche, déi kritesch muss sinn a Saachen opdecken. Et muss een d´Perspektiv wiesselen an et dierf virun allem net iwwerflächlech sinn, et muss ënnert dat Iwwerflächlecht goe mat vill Humor, Ironie, Selbstironie a Persiflage. Dat ass dat wichtegt Handwierksgeschier, mat deem s de muss schaffe kënnen. D‘Nofro ass op jidde Fall grouss, de „Märd alors!!!” war 20 Mol ausverkaf. Dat weist, dass Cabaret, deen ëm den Eck denkt – am Géigesaz zu esou engem seichte Cabaret wéi deen op RTL – Succès kann hunn …

Dir gitt elo am neie Programm net nëmmen ee Joer zréck, mee ganzer 60 Joer bis an d’1960er. Wéi geet ee bei sou engem spezielle Programm vir, fir dee Spagat tëscht Vergaangenheet a Moderne hinzekréien, sou datt een och e roude Fuedem huet?

Elo ass et ganz anescht. Et ass eng Gesellschaftschronik iwwer 60 Joer mat politesche Réckblécker an och ganz privaten Amenter. Do sinn Erënnerunge vum Jules a vu mir derbäi aus der Kannerzäit – d’Spillschoul, d‘sexuell Opklärung, de Fernseh, de Schlappekino. Awer ëmmer mat Bléck op haut an dat, wat haut an der Gesellschaft esou lass ass: Eng Zeen, déi mer nospillen, ass déi vu Bonanza a mir stellen dat och an eng Linn mat Game of Thrones.

Oder déi bekannten „Thés dansants“, wou op der Danzpist nach en analoogt Kenneléiere stattfonnt huet, haut huet ee jo éischter Online-Netzwierker wéi Tinder … En Deel vum Programm ass soumat och déi séier Evolutioun an der Technologie. An ënner all déi Erënnerunge mësche sech dann och Lidderzitater, vu Pop bis Schlager, de Beatles an de Stones, wou mer ugefaangen hunn, ze draguéieren … Den Erkennungsfaktor ass ëmmer flott, Themen, déi jidderee kennt, si wichteg, ouni awer zevill beléierend ze wierken. Mir si keng Moralapostelen …

Dir hutt och an äre Programmer ëmmer nees vill mat der Sprooch gespillt. Wuertspiller, Wuertwitz etc … Lo gëtt jo och haut erëm immens vill vun der Lëtzebuerger Sprooch an hirer Fërderung geschwat, wéi wichteg ass fir Iech déi Lëtzebuerger Sprooch an ärem Cabaret?

D’Sprooch an d´Wuertspiller sinn immens wichteg – och wann ee generatiounsiwwergräifend kuckt: Fréier goufen d’Fotoen nach agepecht mat Fotosecken, haut gëtt oft iwwert de Bildschierm gescrollt … De Mënsch leit haut ënnert enger reegelrechter „Staffelsucht”, déi em vum Dokter diagnostizéiert gëtt. De Mënsch gëtt quasi zum „Seriëkiller“ hautdesdaags, stonnelaang gëtt gekuckt …

Am Cabaret brauchs de en immenst Sproochgefill. Et ass e recherchéiert Lëtzebuergesch, mir hu vun Abrëll bis elo geschafft … D’Sprooch muss klappen, se muss authentesch sinn. Mir hunn eng immens erliefbar Sprooch, eng echt Sprooch. D’Begrëffer vun deemools mathuelen, grad esou wéi de Charme vun der gespillter Theatersprooch. Et handelt sech hei och ëm en Oftaaschte mat der Sprooch. Et ass dowéinst och bedauerlech, datt sech haut alles just nach ëm d’Orthografie dréint. Et geet just nach ëm Tëppelcher um E. Et muss méi gelies ginn, den Inhalt an d´Schrëftsteller si wichteg. Haut gëtt alles esou norméiert … Wat hëlleft dat, wann d’Leit net méi liesen an d’Editeure kloen …

Wéi kann ee sech Är Zesummenaarbecht mam Jules Arpetti fir sou e Stéck virstellen?

Fir d’éischt entsteet e Gerüst, eng Struktur. Themen, kleng Stécker, Erënnerungen … Jidderee schreift säin Deel … méi oder manner 20 Säiten. Mir hunn eis iwwert déi Méint zwanzeg Mol getraff an do gebitzt, gekierzt, vereenheetlecht – hin an hier, bis mer, no zéng Versiounen, eisen Text fonnt hunn …

Info

Fir déi, déi intresséiert sinn, mam Jhemp Hoscheit a mam Jules Arpetti op eng Zäitrees wëllen ze goen, deene bitt sech nach e puer Mol Geleeënheet, ënner anerem haut den Owend an der Kulturfabrik um 20.00 Auer.